Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen
Neiegkeeten

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen

An Der Redaktioun vun der „The Capital Gazette“ zu Annapolis,

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen
Neiegkeeten

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

De Gemengewahlkampf zitt gläich un. Spéitstens mat der Rentrée geet

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond
Neiegkeeten

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Riichter soll Member vum Gülen-Mouvement sinn

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Déi tierkesch Justiz huet ee Riichter vum MICT (Mechanism for International Criminal Tribunals) zu siwen an en halleft Joer festem Prisong veruerteelt a verstéisst géint gülteg international Accorden.

De FETO, een Tribunal an éischter Instanz, huet de Riichter Sefa Akay fir schëlleg befonnt, enger terroristescher Organisatioun unzegehéieren. Den MICT notéiert an senger Deklaratioun datt géint dëst Uerteel Appell gemaach an de Riichter bis zum Prozess virleefeg fräi gelooss ginn ass. Dem Sefa Akay säi Pass ass agezunn an hien dierf d’Land och net méi verloossen.

Ankara beschëllegt de Riichter Member vum Gülen-Mouvement ze sinn, deen den Erdogan fir de versichte Putsch am Juli 2016 verantwortlech mëscht. De Riichter Aydin Sefa Akay verwërft dës Uschëllegunge vehement. Iwwert Beweiser, déi bestätege kéinten, datt de Mann a Relatioun mam Putsch ze brénge wier, war bis ewell näischt gewuer ze ginn.

Diplomatesch Immunitéit?

De Riichter Aydin Sefa Akay am September 2016 ass festgeholl ginn. Seng Festnam verstéisst géint d’diplomatesch Immunitéit déi him zousteet. Dëst gouf vun der UNO bestätegt grad esou wéi duerch eng verbindlech Ordonnance un déi tierkesch Autoritéiten aus dem Januar 2017. De President vum MICT, de Riichter Theodor Meron, huet sech an dëser Fro am Mäerz un de Sécherheetsrot vun de Vereenegten Natioune gewannt.

De President vum MICT „bedauert zu déifst d’Entscheedung vun den tierkeschen Autoritéiten, déi ee klore Verstouss géint d’Protektioun vum Riichter Akay am international-juristesche Kader ass.“

De Riichter Theodor Meron begréisst wuel, datt de Sefa Akay provisoresch aus „humanistesche Grënn virleefeg op fräiem Fouss ass“ mee bleift besuergt, datt sech d’Tierkei „hei erlaabt huet juristesch Moossnamen ze ergräifen, déi géint internationaalt Recht verstoussen an ermant déi tierkesch Regierung dréngend Mesuren ze huelen an d’Protektioun déi dem Riichter Akay zousteet ze respektéieren, esou wéi eng Léisung vun der Situatioun am Respekt vum internationale Recht ze fannen.“

Remarque: De Mechanismus fir international Strofgeriichter ass entstanen opgrond vun der Resolutioun 1966 vum UN-Sécherheetsrot am Joer 2010. Eng Mesure déi néideg war fir d’Aarbechte vum internationale Strofgeriicht an den Dossiere vum Ruanda an ex-Jugoslawien ofzeschléissen, nodeems deenen hir Mandater ausgelaf waren. Den MICT besteet aus zwou Divisiounen, eng zu Arusha (Tansania) an déi aner zu Den Haag (Holland)

Source: Press release vum MICT

 

Ähnlech Sujeten MICT, Tierkei, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel