Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Deen aneren Donald Trump…
orcs must die unchained matchmaking Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-a-pisces-boy/

No heftegem Drock säitens den Demokraten huet den Donald Trump,

https://moien.lu/matchmaking-delhi/
orcs must die unchained matchmaking Neiegkeeten

Sachsen-Anhalt: Attentat op Synagog!

Bei Uschléi a Sachsen-Anhalt si virun enger Synagog an engem

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!
orcs must die unchained matchmaking Neiegkeeten

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

Wien et nach net matkritt huet: Haut ass Nationalfeierdag! Mat

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass der Tierkei net gelongen de Verfall vu senger Währung opzehalen. Eng Situatioun, déi mat der bestoender diplomatescher Kris tëscht Ankara a Washington éischter verstäerkt gëtt.

Zu Ankara kënnt dës Nouvelle net gutt un. De President Recep Tayyip Erdogan ënnerstellt dann och dem Donald Trump, wëlles ze hunn, säi Land hannerrécks ze erstiechen.

An der Hoffnung d‘Mäert berouegt ze kréien, huet déi tierkesch Zentralbank e Méindeg ugekënnegt all Liquiditéiten ze liwweren, déi d‘Banke kéinte brauchen. Et gouf och behaapt, datt een all noutwenneg Mesure géif ergräifen, fir déi wirtschaftlech an ekonomesch Stabilitéit ze garantéieren.

Den Effet vun dëser Ukënnegung huet net laang ugehalen, well e puer Stonnen no dëser Annonce, den tierkesche President d‘USA beschëllegt huet, d‘Tierkei hannerrécks erstiechen ze wëllen. Eng Ausso, där hiren Zäitpunkt schlecht gewielt war, well d‘Lira kuerz drop op en neits an d‘Gette gaangen ass. Dat illustréiert, wéi besuergt d‘Mäert op déi diplomatesch Spannunge reagéieren.

Da ka kee gutt Enn huelen

Déi tierkesch Lira, déi dëst Joer iwwer 40% vu sengem Wäert géintiwwer de Dem US-Dollar an dem Euro verluer huet, war e Freideg fierchterlech ofgestierzt, nodeems en Tweet vum Donald Trump, op de Boursse weltwäit fir Panik gesuergt huet.

Vun dësem „schwaarze Freideg“ beaflosst, wou d‘Lira an en puer Stonne 16% vu sengem Wäert verluer hat, hunn d‘Boursse vun Tokio an Hong Kong e Méindeg zolidd nogelooss. Déi haapt europäesch Bourssen, déi schonn e Freideg eng Baisse agestach haten, hunn sech um Méindeg net erholl. Um Dënschdeg konnt Tokio „ausgläichen“, Hong Kong a Shanghai melle weider eng Baisse.

Déi tierkesch Lira, déi e Méindeg eng éischte Kéier de Kap vu 7 fir 1 US-Dollar iwwerschratt huet, ass am Owend fir 6,89 gehandelt ginn. Dat entsprécht enger Baisse (op den Dag) vun 6,7%. No der Panik vum Freideg, wollt déi tierkesch Zentralbank e Méindeg d‘Mäert berouegen. Dofir sinn eng Rei Mesuren ugekënnegt ginn.

Esou huet d‘Zentralbank eng Revisioun vun den obligatoresche Reserve fir d‘Banke virgeholl. Dat soll verhënneren, datt de Banken d‘Liquiditéiten ausginn. D‘Zentralbank huet och matgedeelt, datt ronn 10 Milliarde Lira, 6 Milliarden US-Dollar an 3 Milliarden (US-Dollar) a Gold, dem lokale Finanzsystem zur Verfügung gestallt ginn.

Sech mat deem falschen ugeluecht

De Verfall vun der tierkescher Lira kënnt net vun ongeféier, an d‘Situatioun hat sech de leschten zwou Wochen, wéinst der Bezéiungskris tëscht Ankara a Washington nach emol verschlechtert. Dat am Zesummenhang mat der Verhaftung vum amerikanesche Paschtouer, Andrew Brunson.

Géigesäiteg sinn sech Sanktiounen operluecht ginn, et gouf zolidd Menacen… E Freideg dunn huet den Donald Trump mat engem Tweet der Tierkei matgedeelt, datt d‘Douanestaxen op Stol an Aluminium, nach emol verduebelt ginn. Dat ass Ueleg fir d‘Feier an d‘Gestreits tëscht de NATO-Partner erreecht en neien Héichpunkt. D‘Affer ass an dësem Fall déi tierkesch Lira.

Bei enger Podiumsdiskussioun e Méindeg, huet de Recep Tayyip Erdogan sech goe gelooss, a Washington nach emol verbal ugegraff: „Op där enger Säit erzielt dir, dir wiert eise strategesche Partner, an op där aner Säit, schéisst der eis an d‘Féiss (…) Ass esou eppes akzeptabel?“.

Gesäit ee vum diplomatesche Gestreits of, esou muss festgestallt ginn, datt sech d‘Ekonomisten och Suerge maachen, iwwert déi (politesch) Muecht déi dem Erdogan bei de Walen am Juni zougestane gëtt. Eng Muecht, déi den tierkesche President, och wirtschaftspolitesch notzt.

Däitschland mëscht sech an

D‘Mäert verlaangen elo vun der tierkescher Zentralbank, seng Tauxen ze hiewen, esou déi tierkesch Lira ze stäipen an d‘Inflatioun, déi am Juli bei 16% (Joresduerchschnëtt) geleeën huet, ze bremsen. Deem ass de Recep Tayyip Erdogan opposéiert, an säin Eedem, de Berat Albayrak, deen d‘Mandat vum Finanzminister kritt huet, gesäit anscheinend och keen Handlungsbedarf.

A senger Kommunikatioun vum Méindeg, huet déi tierkesch Zentralbank keng Ausso zu den Tauxe gemaach. Am Wirtschaftsmilieu ass een „not amused“ an dat schléit sech op d‘Investitiounen néier.

Elo huet sech esouguer déi däitsch Kanzlerin, Angela Merkel, an den Debat agemëscht, a mengt: „kengem ass et dru geleeën d‘Tierkei ze destabiliséieren, an et muss alles ënnerholl ginn, fir d‘Onofhängegkeet vun der Zentralbank sécherzestellen“.

D‘Agathe Demarais (Economist Intelligence Unit) erkläert der AFP: „D‘Tierkei benéidegt eng kredibel an orthodox Wirtschaftspolitik a budgetär Disziplin. Zudeem muss d‘Onofhängegkeet vun der Zentralbank séchergestallt ginn, fir der aktueller Situatioun entgéintzewierken“. Eng Normaliséierung den diplomatesche Bezéiunge mat Washington schléisst d‘Analystin aus.

Mat der Währungskris kënnt och eng nei Well vun der Repressioun: esou huet den tierkeschen Inneministère e Méindeg matgedeelt, datt iwwert honnerten Internauten enquêtéiert gëtt. Déi Leit gi soupçonnéiert an de sozialen Netzwierker Commentaire „gedeelt“ ze hunn, déi eng „Provokatioun“ duerstellen, an eenzeg zum Zil hätten, déi tierkesch Lira ze schwächen.

Den tierkesche President huet dës Internauten als „Wirtschaftsterroristen“ bezeechent, déi hirer gerechter Strof entgéintkucken. „Déi wirtschaftlech Dynamik vun der Tierkei ass zolidd a gutt gefestegt“, esou de Recep Tayyip Erdogan.

D‘Kris vun der tierkescher Lira zitt awer och aner Währungen erof. Vill Devise vu sougenannten emergente Länner, wei de südafrikanesche Rand, den argentinesche Peso, de brasilianesche Real an déi russesch Rubel, hunn an de leschten Deeg och u Wäert verluer.

mam Gokan Gunes an dem Luana Sarmini-Buonaccorsi&AFP

Foto: Geld wiesselen zu Istanbul, ass eigentlech nach just eppes fir Touristen. Well och wann den tierkesche President seng Landsleit opgeruff huet hir Devisen an Lira ëmzetauschen, esou maachen dat déi wéinegst. D‘Lira ass näischt méi wäert, wat d‘Inflatioun am Land zousätzlech héich dreift. © Yasin Akgul/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, tierkesch Lira, Währung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel