Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
Fail International persona 5 consequences for dating everyone elettra lamborghini dating

https://moien.lu/dark-side-of-internet-dating/

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un! Tëscht dem

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“
Fail International persona 5 consequences for dating everyone elettra lamborghini dating

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Delhaize informéiert, datt de

TDF: E Sprint ouni Tëschefall
Fail International persona 5 consequences for dating everyone elettra lamborghini dating

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt

dislikesurprise

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Mëttwoch ugekënnegt, datt de 24. Juni virgezunne Presidentiell a Legislativ Walen ofgehale ginn. Si sollen dem staarke Mann vun Ankara e neit Mandat mat nach méi Muecht abréngen.

„Mir hunn entscheet déi Walen de Sonndeg 24. Juni 2018 ofzehalen“, deklaréiert den tierkesche President no engem Gespréich mam Chef vun der ultranationalistescher Partei MHP (Milliyetçi Hareket Partisi), Devlet Bahçeli, dat hien als „ganz produktiv“ bezeechent huet. De Bahçeli hat en Dënschdeg déi virgezunne Wale gefuerdert.

Eng Entwécklung déi vill Observateure kal erwëscht huet, well d‘Regierung esou eng Optioun iwwer Wochen zréckgewisen huet. Déi Presidentiell a Legislativ Wale ginn als entscheedend betruecht, well mat hinnen de gréissten Deel vun der Mesuren a Kraaft trieden, déi dem Staatschef déi Entscheedungsgewalt zoudroen, déi beim Referendum am Abrëll 2017 ugeholl ginn ass.

Mat der Verfassungsreform, kann den Erdogan (64) zwee nei Mandater vu fënnef Joer ustriewen. De ëmstriddene President, ass zënter 2003 un der Muecht. Mat dëser Entscheedung, esou den Erdogan, kann de Presidentielle System agefouert ginn, deen et der Tierkei méiglech mécht „op d‘Entwécklungen a Syrien“ anzegoen a „wichteg wirtschaftlech Decisiounen“ ze huelen.

En interessante politesche Schachzuch

Déi virgezunne Wale ginn dräi Woche virum 2. Joresdag vum versichte Putsch (15. Juli 2016) ofgehalen. De Putschversuch war gefollegt vun enger grousser Pürge an der Iwwernam vun den Institutiounen. De Rechtsstaat ass faktesch ausser Kraaft gesat ginn, wat zu gréissere Spannunge mat de westlechen Natioune gefouert huet.

„Den héije Walcomité fänkt elo direkt un d‘Wale virzebereeden“ esou de Recep Tayyip Erdogan bei enger feierlecher Deklaratioun zu Ankara, a Präsenz vun de Kader vu senger politescher Formatioun, der Partei vun der Justiz an Entwécklung (AKP – Adalet ve Kalkınma Partisi).

D‘Ukënnegung vun de virgezunne Wale kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d‘Tierkei sech ëmmer méi an de Konflikt a Syrien implizéiert. Ankara huet seng Arméi an de syreschen Norde beuerdert, déi den Opdrag huet, d‘Kurdemiliz YPG auszeläschen. Zudeem befënnt sech d‘Tierkei, trotz staarkem Wuesstem, an enger delikater wirtschaftlecher Situatioun.

Eigentlech hätten d‘Walen, wann een e Bléck op den initiale Kalenner werft, den 3. November 2019 no de Gemengewale sollen ofgehale ginn. Et war awer gewosst, datt den tierkesche President déi Wale wollt virzéien, datt notamment fir Kapital aus der „populärer Offensiv géint Syrien“ ze zéien. Et reduzéiert och de Risk Walen, während enger schlechter wirtschaftlecher Situatioun ofzehalen.

Hand an Hand mat den Nationalisten

En Dënschdeg hat de Chef vun der Partei vun der nationalistescher Partei MHP, den Devlet Bahçeli, d‘Land opgerëselt, wéi hien en Appell fir virgezunne Wale gemaach huet. Hien hätt et allerdéngs léiwer gesinn, wann déi de 26. August ofgehale gi wieren.

Mee de 70 järege Politiker, deen dem Erdogan „fréier“ éischter kritesch géinteniwwer gestanen huet, ass säit iwwert engem Joer e vun de wichtegsten Alliéierte vum tierkesche President. Hien huet iwwregens och en Accord mam Recep Tayyip Erodgan, hisiichtlech de Walen, fonnt.

An der Tierkei ass de Walkampf scho säit Wochen am gaangen. De President a säi Premierminister, Binali Yildirim, halen eng Ried no der aner, an deenen si sech op „hir besonnesch Leeschtungen“ fir d‘Land beruffen an e schmeechelhafte Bilan vun der „eegener Leeschtung“ virleeën.

D‘Oppositioun gëtt sech net geschloen

No den Erklärunge vum Devlet Bahçeli hunn sech d‘Oppositiounsparteien zu Wuert gemellt. Si hunn sech bereet erkläert de „Kampf“ opzehuelen a sech de riets-konservative Muechtuspréch entgéintzestellen. Déi Republikanesch Vollekspartei CHP (Cumhuriyet Halk Partisi) hat gemengt: „Traut iech!“. Deem Wonsch kommen AKP an MHP elo no…

D‘Ukënnegung vu virgezunne Wale kënnt ee Joer nom Verfassungsreferendum (16. Abrëll 2017), dee ganz knapp zu Gonschte vum tierkesche President verlaf ass. E Resultat, esou knapp, datt den Recep Tayyip Erdogan an den eegene Reien „grouss Botz“ gemaach huet. Hie war deemools der Usiicht, datt seng AKP nëmmen dann Erfollegräich ka sinn, wann se geschlossen hannert him steet.

Prominent Affer vun der Pürge an der eegener Partei waren notamment d‘Buergermeeschter vun Istanbul an Ankara. An dëse Groussstied, haten d‘Bierger géint d‘Verfassungsreform gestëmmt, an dofir waren d‘Buergermeeschter verantwortlech gemaach ginn. Si sinn „ersat“ an Parteiintern „kal gestallt“ ginn.

mam Luana Sarmini-Buonaccorsi an dem Gokan Gunes/AFP

Foto: Den tierkesche President huet e Mëttwoch virgezunne Walen ugekënnegt, an domatter ville Observateuren an Experten iwwerrascht. Et hat am Virfeld awer iwwer Woche Rumeure ginn, an en Dënschdeg hat de Chef vun den Ultranationalisten déi Walen och agefuerdert, © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Devlet Bahçeli, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Walen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel