Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
International Money Neiegkeeten

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

Se sinn net Doud, se rocke nach!
International Money Neiegkeeten

Se sinn net Doud, se rocke nach!

D’Rolling Stones hunn hir Europatournée mat engem Open-air Concert am

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
International Money Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

money

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen hinhuelen. Eng Baisse déi duerch déi hefteg Kris tëscht Ankara a Washington soll entstane sinn, awer net nëmmen. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan gesäit sech awer schonn als Gewënner vum Handelskrich.

An d‘Stëmmung tëscht den USA an der Tierkei (zwee NATO-Partner) ass wierklech schlecht. Den Donald Trump, den am Ament net gutt op den Recep Tayyip Erdogan ze spriechen ass, huet via Twitter ugekënnegt, d‘Douanestaxen op den tierkesche Stol an Aluminium op 50% respektiv 20% ze erhéijen. En Tweet deen eng entspriechend Reaktioun vun de Mäert ervirgeruff huet.

Déi tierkesch Währung, déi säit Ufank vum Joer géintiwwer dem „grénge Billjee“ bal d‘Hallschent vu sengem Wäert verluer huet, enregistréiert eng historesch Baisse. Um Freideg huet ee misse bei der Schléissung vun der Wall Street, 6,43 Lire fir 1 US-Dollar berappen. Dat sinn -13,7%, woubäi iwwert den Dag eng Baisse vu 24% notéiert ginn ass.

D‘Vollek muss et riichten

Géintiwwer dësem Debakel huet den tierkesche President, dee sech enger vu senge schwéiersten Erausfuerderunge säit der Muechtergräifung 2003 stelle muss, d‘Vollek zum „nationale Kampf“ opgeruff. Si sollen hir Devisen tausche fir déi national Währung ze stäipen.

Den Ausseministère huet gewarnt, datt „dat eenzegt wat bei esou Sanktiounen erauskënnt (…) ass eng Beschiedegung vun eise Relatiounen als Alliéiert. Wéi all Moossnamen, déi géint d‘Tierkei ergraff ginn, wäerten och dës hir Äntwert fannen“. An et gëtt preziséiert, datt dës Entscheedung sech iwwert déi vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) opgestallte Reegelen ewech setzt.

Wann et elo net iwwerraschend ass, esou féiert de Wäertverloscht vun der tierkescher Lira zu enger Währungskris mat Kollateralschied. D‘Welle vun der tierkescher Kris hunn d‘Aktie vun e puer europäesche Banken an de Keller gejot, während Wall Street mat enger Baisse opgemaach huet. Dat illustréiert dann och d‘Angscht virun enger globaler Kris.

WirtschaftskrisDéi staark „Spannungen“ tëscht Ankara a Washington, an de Wäertverloscht vun der Lira um Freideg, féieren derzou, datt „d‘Investisseuren ëmmer méi besuergt sinn, wat eng Währungskris mat globalem Ausmooss betrëfft“, ënnersträicht an enger Notiz, den Analyst vu XTB, David Cheetham.

Diplomatesch Zwéckmillchen

Säit Jore geet et der tierkescher Lira net gutt, mee d‘Situatioun huet sech an de leschten Deeg nach emol verschlechtert. Schold dorunner ass déi diplomatesch Kris mat den USA, déi mat der Haft vun engem amerikanesche Paschtouer an der Tierkei verbonnen ass.

Déi zwee NATO-Partner hunn sech dowéinst zolidd an d‘Hoer kritt an géigesäiteg Sanktioune géint Regierungsvertrieder verhaangen. Mesuren, déi wann se virun allem éischter symbolescher Natur sinn, den auslänneschen Investisseuren de kale Schweess op d‘Stir gedriwwen huet. Déi tierkesch Wirtschaft ass awer ofhängeg vun hirem Geld…

Och éischter als „symboleschen Akt“ ze gesinn, d‘Annonce vun der tierkescher Presidence, datt kuerz nom Tweet vum US-President, den Erdogan mam Putin telefonéiert huet. Béid Presidente sollen notamment iwwert Syrien an Handelsbezéiunge geschwat hunn.

Net wäit genuch geduecht

A well Ankara keng „entspriechend“ Mesuren ukënnege kann, war et der Regierung net méiglech d‘Baisse vun der Lira opzehalen. Déi eenzeg „Äntwert“ déi de Recep Tayyip Erdogan op d‘Kris huet, ass vum Vollek alles ofzeverlaangen: „Wann dir US-Dollar oder Gold ënnert dem Kappkësse leien hutt, da gitt op d‘Bank fir se géint tierkesch Liren ëmzetauschen. Et ass e nationale Kampf“.

„Mir wäerten dëse Krich net verléieren“, esou den tierkesche President bei senger Ried zu Bayburt (Nordosten), dee mat engem scholdzouweisende Gest op eng mysteriéise „Zëns-Taux-Lobby“ higewisen huet. Eng Ausso, déi kontraproduktiv war, an d‘Baisse acceleréiert huet, an en Zeeche vun der Enttäuschung vun de Mäert ass, déi sech staark Mesuren erhofft haten.

D‘Mäert sinn dann och besuergt wat déi politesch Ausriichtung vun Ankara betrëfft. Déi tierkesch Zentralbank zéckt schonn ze laang seng Tauxen ze hiewen, fir esou déi tierkesch Lira ze stäipen, an eng Inflatioun ze reguléieren, déi am Juli e Joresduerchschnëtt vu 16% erreecht huet.

Et feelt et positiivt Signal

Eng Abberzuel un Ekonomiste sinn iwwerzeegt, datt eng konsequent Hausse vun den Tauxen net méi ze ëmgoen ass. Allerdéngs betruecht den tierkesche President, deen enges Daags d‘Zëns-Tauxen als „Mamm a Papp vun allem Iwwel“ bezeechent huet, dës Optioun als inakzeptabel.

Deen eenzegen, vun deem behaapt ka ginn, datt hie beméit ass de Mäert e positiivt Signal ze schécken, ass de neie Finanzminister Berat Albayrak – deen, niewebäi bemierkt, den Eedem vum Recep Tayyip Erdogan ass – a sech fir d‘Onofhängegkeet vun der tierkescher Zentralbank asetzt.

Et ass him, zanter senger Nominéierung op dëse Posten, dann trotz villen Ustrengungen net gelongen d‘Investisseuren ze berouegen. Fir d‘Vollek net och nach ze beonrouegen, ass de katastrophalen Zoustand vun der tierkescher Lira, net vun de wichtegsten tierkesche Medien opgegraff ginn. Déi grouss Tëlee-Chaînen an Zeitunge gi jo och vun der Muecht kontrolléiert.

mam Gokan Gunes/AFP

Foto: (Archiv) De Recep Tayyip Erdogan hat am Oktober 2008 e Geldschäin héich gehalen, an ugekënnegt, datt d‘Tierkei nees op den 1. Januar 2009 zu senger aler Währung wäert zréckkommen, well déi grouss Währungsreform vun 2004 näischt bruecht hätt. Déi nei „al Währung“ ass awer net esou Zolidd, wéi et sech den Diktator gewënscht huet. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, tierkesch Lira, USA, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel