Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen
International Neiegkeeten Stories

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung

Zréck an d’19. Joerhonnert? (eng Stellungnam)
International Neiegkeeten Stories

Zréck an d’19. Joerhonnert? (eng Stellungnam)

Zanter iwwer 10 Joer gëtt an der Chamber un engem neien

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
International Neiegkeeten Stories

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK

Zanter Deeg beschéisst déi tierkesch Arméi den irakeschen Norde mat Artillerie an och aus der Loft gëtt massiv bombardéiert. Offiziell gëtt dës Operatioun als „Äntwert op Attacke géint Militärbasen“ duergestallt. Dës Offensiv huet awer ganz aner Grënn, Absichten an Ziler…

Dës militäresch Operatioun – déi faktesch wéi den Iwwerfall op den Norde vu Syrien ganz kloer en Ugrëffskrich ass – gëtt naturgeméiss vu ganz vill Propaganda begleet. Dës Aktioune gi vun der tierkescher Loftwaff (Operatioun „Claw-Eagle“) an der Arméi (Operatioun „Claw-Tiger“) duerchgefouert. Et soll déi bis ewell gréissten Offensiv géint d‘PKK am „Ausland“ sinn.

Och an de regierungsfrëndleche Medie gëtt d‘Operatioun grouss opgedëscht. Esou erkläert de „Journalist“ Orhan Sali vum regimetreie Sender A-Haber: „D‘PKK (Kurdesch Aarbechterpartei – gëtt vun der Tierkei als Terrororganisatioun bezeechent NvdR) huet bannent der Tierkei keng Beweegungsfräiheet méi an elo gräift si aus hirem Réckzuchsgebitt am Nordirak un. Wärend der Pandemie huet sech d‘PKK eppes zréckgezunn, mee elo waren si derbäi Uschléi op d‘Tierkei ze plangen. D‘Tierkei iwwerwaacht dëst Gebitt mat Dronen a per Satellit 24 Stonnen am Dag“.

PKKEng „Iwwerwaachung“ déi allerdéngs net verhënnert huet, datt et an de leschte Woche schonn zu Uschléi komm ass. Esou huet et beispillsweis Ugrëff op Stëtzpunkten am Irak, wéi och kurdesch gepräägte Südoste vun der Tierkei ginn. Uschléi déi, esou d‘Behaaptung vun der Tierkei, vun der PKK ausgefouert gi wieren. Beweiser dofir gëtt et zur Stonn keng, mee ginn als „Grond“ benotzt.

D‘Amerikaner, déi hei en Ugrëff op hir fréier kurdesch Alliéiert vermudden, hunn dës Operatioune verurteelt, ophale kënnen si hiren NATO-Partner allerdéngs net. Dee schwätzt dann och vu sengem Recht op Selbstverteidegung. De wierkleche Grond hannert dësem massiven Asaz vu Gewalt dierft allerdéngs ganz aner Beweeggrënn hunn, wéi dat hei mat vill Propaganda versicht gëtt ze Rechtfäerdegen Esou déi innerkurdesch Friddensverhandlungen, déi grad a Syrien stattfonnt hunn.

PKK

Mat den F16 déi d‘Tierkei vun den USA „geliwwert“ kritt huet, gi Stellungen an Nordirak ugegraff. Dem amerikaneschen Etat-Major am Irak gefält dat guer net, huet dësen dach am Ament ganz aner Problemer ze léisen a kann eng Interventioun vun der Tierkei grad absolutt net gebrauchen © Turk Hava Kuvvetleri

Hei hu sech d‘Leader vun der YPG (also den US-Alliéierten am Krich géint den IS) mat de Leader vun der KDP (Kurdesch Demokratesch Partei) vum Masoud Barzani rezent op Zesummenaarbecht verstännegt. Dat dierft deem Sultan zu Ankara zimmlech géint de Stréch goen, an et ass net dat eenzegt, dat dem Recep Tayyip Erdogan Kappzerbrieches bereet. An der Tierkei deet sech eppes…

De politesche Widderstand

Esou huet genee um Dag wou déi tierkesch Loftwaff seng Attacke lancéiert huet, déi gréisste kurdestämmeg Oppositiounspartei HDP en Demokratiemarsch duerch Tierkei ugefaangen. D‘HDP wëll sech esou géint déi systematesch Ënnerdréckung duerch d‘Regierung wieren. Déi huet an der Lescht Verhaftunge géint Membere vun der Partei ugeuerdent a versicht mat alle Mëttel ee Verbuet vun der HDP ze erwierken. Ankara behaapt datt d‘HDP de politeschen Aarm vun der PKK ass.

PKK

Den Tierkesche Verdeedegungsminister Hulusi Akar huet sech selwer e Bild gemaach, an ermontert seng Truppe mat aller Häert géint de Géigner virzegoen. © Milli Savunma Bakanligi

Laut der tierkescher Doktrinn sinn all Moyenen zoulässeg, mat deene ka verhënnert ginn, datt déi kurdesch Aarbechterpartei zu enger politescher Legitimitéit kënnt. Eng Legitimitéit déi och net iwwert den Ëmwee vun enger (nach) zoulässeger Partei, déi sech an de legale Grenze beweegt, dierf erreecht ginn. Dat erkläert dann och firwat all d‘Kurde prinzipiell ënner Generalverdacht stinn.

Fir d‘HDP ass d‘Situatioun esou gesinn dann och richteg komplizéiert. Och intern schéngt et bei der HDP leit ze ginn, déi den Afloss vun der PKK kritesch gesinn. Offiziell bestätegt Verbindunge ka bis ewell keen noweisen, mee et schéngt ersiichtlech, datt et och Stëmme bannent der HDP gëtt, déi vun der Parteileedung erwaarden, datt een eng däitlech Positioun anhëlt. Anescht ausgedréckt, gëtt hei verlaangt, datt sech d‘HDP kloer zum tierkesche Staat bekennt. Eng komplizéiert Fuerderung.

PKKSech zum tierkesche Staat ze bekenn, géif schliisslech och bedeiten, datt een déi autokratesch Staatsform ënnert der Leedung vun der AKP (Regierungspartei) géif unerkennen, wat nees politesch esou net méiglech ass. Dat allerdéngs mécht dann d‘PKK nees zum engem „beléifte“ Staatsfeind, dee sech fir déi regierungspolitesch Zwecker einfach instrumentaliséiere léist.

Hei kann de Sultan a säi Veräin ëmmer nees weise wéi „staark de Staatsapparat ass“ an och de Verdeedegungsminister Hulusi Akar weess dat ganzt mat vill Propaganda ze ënnerstëtzen. Deen ass, esou wéi et sech gehéiert, immens Houfreg op seng Zaldoten: „Et si vill Hielen ausgemaach ginn an deenen sech d‘Terroriste verstoppt hunn. Si goufen zerstéiert. Mir wäerten och bei dëser Operatioun erfollegräich sinn. Ons Gebiergsjeeër an onser Här wäerten en neit gëlle Kapitel an hirer Geschicht schreiwen“. Eng gewote Behaaptung, wëll just ee Genozid d‘Tierkei vun de Kurde „befreie“ kann.

PKK

Den Offizéier vun de Waffegattunge Vertrauen auszespriechen heescht d‘Motivatioun stäerken. Datt den Ugrëff op den Nordirak elo och zu internationale Spannunge féiert, an och bannent dem Irak elo de pro-iranesche Milizen an d‘Hänn spillt, sollt een net ausser uecht loossen. © Milli Savunma Bakanligi

mat indymedia/tlv

Foto: Ëmmer gutt sech mat den Entscheedungsträger op der Plaz ze ënnerhalen. Dat weist datt ee sech asetzt, wat vill Zoustëmmung aus der Bevëlkerung abréngt. © Milli Savunma Bakanligi

Ähnlech Sujeten Artillerie, HDP, Irak, Loftwaff, PKK, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel