Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!
International Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!

Scho ganz geschwënn feiert dem Christian Neuman säi Psycho-Thriller SKIN

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten

Den 2. an 3. Oktober hate Vertrieder vun der ONG

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!
International Neiegkeeten

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!

Den Donald Trump hat Mexiko mat engem evolutive Strof-Zoll gedreet,

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff

De Bedreiwer vun der Onlineplattform, ByteDance, geet an d‘Offensiv an huet bei engem Geriicht a Kalifornien Klo géint d‘Trump-Administratioun agereecht

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff

Nodeems den US-President Donald Trump Ufank August, déi chinesesch Video-App TikTok zur Gefor fir déi national Sécherheet erkläert, an dunn och nach mat engem Verbuet fir d‘Notzung an den USA gedreet huet, ass et zu ongewëssen Zeenarie komm. D‘Applikatioun, déi sech an den USA enger grousser Beléiftheet erfreet, ass esou zum Objekt vum Begier ginn…

Mam Dekret vum Locataire aus dem Wäissen Haus wier de Bedreiwer vun der Onlineplattform an den USA, ByteDance, genéidegt zäitno TikTok ze veräusseren. Wier dat bis Mëtt September net de Fall, géif se schlicht an ergräifend verbueden. Esou en Dekret mécht eng héchst profitabel App elo zu engem Schnäppchen an et ass gewosst, datt den IT-Konzern Microsoft en zolidd Interessi huet.

Et geet nieft ganz vill Geld awer och ëm de gudde Ruff, an dat ass bekanntlech eppes op dat een a China grousse Wäert leet. Richteg dierft och sinn, datt dem Donald Trump seng „Decisioun“ zur aussepolitescher Strategie gehéiert, bei där et deels ëm den Handelssträit mam Räich vun der Mëtt geet, mee och d‘Kausa Hong Kong wéi den Internement vun den Uiguren dierften eng Roll spillen.

TikTok ass besonnesch bei de jonken Amerikaner immens beléift – wat jo streng geholl och déi eigentlech Zilgrupp vun dëser Video-App ass – an op iwwer 175 Milliounen Apparater installéiert. Weltwäit zielt TikTok méi wéi 1 Milliard Downloads. Mam Verbuet, esou eng Rei Analysten aus dem Secteur, wéilt den US-President vun der Covid19-Pandemie oflenken.

TikTok

Een an den USA residéierende Manager vun TikTok huet drop higewisen, datt dem Donald Trump säin Dekret, deen zum Verbuet vun der Onlineplattform an den USA féiere soll, esou krass formuléiert ass, datt schonn eleng de Fait eng Pai vun der Entreprise ze kréien, ee federalen Delikt duerstelle kann. Och hien huet elo géint d‘Regierung Klo agereecht.

Wat sech den drolege Kauz elo wierklech derbäi geduecht huet, an ob hie vläicht tatsächlech Recht huet an TikTok ass eng Gefor fir déi national Sécherheet ass, muss dann elo ee kalifornescht Geriicht ofschléissend klären. Et dierft schwéier ginn, ByteDance nozeweisen, datt si mat enger Applikatioun déi sech un ee besonnesch jonke Public riicht, de Staatsapparat ausspionéiere wëll.

Den Donald Trump – oder zumindest ee vu senge ville qualifizéierte Beroder – ass Iwwerzeegt, datt déi chinesesch Regierung iwwert den Ëmwee vu ByteDance an der Applikatioun TikTok, géif Beweegungsprofiller vun US-Bundesbeamten erstellen, a systemrelevant Entreprisen ausspionéiere an all dës Daten an Erkenntnisser un déi kommunistesch Regierung zur Auswäertung weiderleeden.

Säitens ByteDance an TikTok gëtt dat bestridden, während se zu Peking dat ganzt fir dat hale wat et am Endeffekt dierft sinn: eng weider Provokatioun am Kontext vun ugeschloene Bezéiungen tëscht béiden Natiounen. Datt den Dekret wéi d‘Bedreeung mam Verbuet politesch motivéiert sinn, ass hei esou offensichtlech, dat dierft och deem republikaneschste Riichter an den USA net entgaange sinn.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: Jo a wa ByteDance sech mat TikTok elo och nach solidaresch mam BLM-Mouvement erkläert, kann den US-President derhannert nëmmen déi ultimativ Bedreeung fir d‘USA erkennen. (Solen Feyissa / Pixabay)

Related topics ByteDance, China, Donald Trump, Microsoft, TikTok, USA
Next post Previous post