Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck
International Neiegkeeten

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

RTL-Grupp bleift Lëtzebuerg verbonnen
International Neiegkeeten

RTL-Grupp bleift Lëtzebuerg verbonnen

No der ugekënnegter Restrukturatioun, déi Enn August annoncéiert gouf, war

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 2

Nodeems mer d‘lescht Woch schonn e puer méi schwéier Wieder

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken

En Dënschdeg huet d’Europäescht Parlament een ambitiéise Gesetzestext zur Kreatioun vum EU-Bannemaart 2021-2027 ugeholl. De Gesetzesvirschlag vun der EU-Kommissioun hat d’Aussiicht, déi sechs bestoend Programmer zu engem eenzegen zesummen ze setzen.

Mat 4 Milliarden Euro soll dat Ganzt equipéiert ginn, fir esou d’Funktiounsweis vum Bannemaart ze verbesseren an d’Konkurrenzfäegkeet vun europäeschen Entreprisen ze stäerken. Dem Tilly Metz an Igor Soltes, als gréng Verhandlungsféirer, ass et gelongen, am Europaparlament eng substantiell Verbesserung duerchzesetzen, besonnesch wat dat finanziellt Equipement an déi inhaltlech Ausriichtung vum Programm ugeet.

Nieft der Erhéijung vum Budget vun 4 op 6,5 Milliarden Euro, schwätzt dat Europäescht Parlament sech fir d’Fërderung vum nohaltege Konsum, der Finanzéierung vu Moossname géint déi geplangt Obsoleszenz a fir eng méi staark Berécksiichtegung vun Ëmwelt- a Sozialnorme bei der Implementéierung vun der Gesetzgebung an der Standardiséierung vum Bannemaart aus.

D’Tilly Metz (déi gréng) begréisst d’Ofstëmmung folgendermoossen: „Dat Europäescht Parlament huet sech haut kloer fir d’Stäerkung vu klengen a mëttleren Entreprisen am Bannemaart ausgeschwat a fir d’Stäerkung vun hirer Kompetitiounsfäegkeet d’Finanzmëttel méi wéi verdräifacht. Nieft de klore Fuerderungen no verbessertem Zougang zu Kapital, Kompetenzen a Wësse fir KMU’s wëlle mir de KMU’s den Zougang zu nohaltege Produktiounsmethode vereinfachen.

Engersäits gëtt d’Entwécklung vu méi ëmweltfrëndleche Produite gezielt ënnerstëtzt an anerersäits ginn Entreprisë bei hire Beméiungen, méi ressourcen- an energieeffizient ze gi beroden a gefërdert. Besonnesche Wäert gëtt op d’Uneegne vu Fachwëssen am Beräich Digitaliséierung geluecht, gläichzäiteg gëtt awer och de Konsumenteschutz a Bezuch op d’Digitaliséierung gestäerkt.“

Ähnlech Sujeten Bannemaart, déi gréng, Entreprisen, Fërderung, Kapital, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel