Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Mëttelalterfest zu Useldeng
luxe matchmaking dating service https://moien.lu/zingle-dating/

https://moien.lu/dating-chat-rooms-uk-free/

                   

beau mirchoff dating ashley rickards
luxe matchmaking dating service https://moien.lu/zingle-dating/

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

Chrëschtdag: De Poopst Francis a säi Kampf géint de Konsum
luxe matchmaking dating service https://moien.lu/zingle-dating/

Chrëschtdag: De Poopst Francis a säi Kampf géint de Konsum

Als spirituelle Chef vun 1,3 Milliarde Katholiken, huet de Poopst

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun

E Mann aus dem Bangladesch, offensichtlech vun Dschihadisten inspiréiert, huet sech mat enger selwer gebastelter Rouerbomm am Metro beim Times Square zu New York wollten an d‘Luucht sprengen. Eng Dot déi den US-President zu enger méi restriktiver Migratiounspolitik „zwéngt“.

D‘Attentat, schonn dat zweet a sechs Wochen, huet bei enger vun de meescht besichte Plazen op der Welt an zur Spëtzestonn, géint 07.20 (lokal Zäit) stattfonnt. Am engem Tunnel deen zwee wichteg Verkéierskniet vu New York verbënnt: d‘Metrosstatioun um Times Square an d‘Busgare vun der Port Authority westlech vu Manhattan.

Et war dann och dat spréchwiertlecht Gléck am Ongléck, datt op der Plaz nëmmen dräi Persoune blesséiert goufen. D‘Bomm vum Attentäter wier nëmme Partiell explodéiert, huet de Gouverneur vun New York, Andrew Cuomo, matgedeelt. „Gottseidank huet den Auteur säin Zil net erreecht“, ënnersträicht och de Buergermeeschter Bill de Blasio.

Den eenzege Verdächtegen, e Mann vu 27 Joer deen als Akayed Ullah identifizéiert konnt ginn, hat sech beim Ugrëff selwer schwéier verletzt. Hien ass nach op der Plaz festgeholl ginn. Laut dem Chef vun der Police, James O‘Neill, hat den Täter säi Sprengsaz um Kierper gedroen. Eng dilettantesch zesummegebastelt Bomm, déi grousse Schued hätt kënnen uriichten.

Virbild: Islamesche Staat

Verschidde Medien, ënner anerem d‘New York Times an d‘New York Post, hunn uginn, datt den Akayed Ullah der Police gesot hätt, hie wier vum Islamesche Staat (IS) inspiréiert. Hien hätt och dëse Passage ausgesicht, well dee wéinst senge Chrëschtdagsplakater ganz beléift ass. D‘Dot selwer wier eng Revanche fir d‘Attacke géint Dschihadisten a Syrien.

New York, esou huet et laang geschéngt, war net méi dat direkt Zil vun oder fir Attentäter, während et an Europa eng ganz Serie un Uschléi ginn huet. Et ass datt awer neien Ugrëff duerch e Migrant, datt nodeems den 31. Oktober en Usbek mat enger Camionnette zu Manhattan 8 Doudeger an 12 Blesséierter verursaacht hat. An do reagéiert den Donald Trump dann och gereizt.

„Dësen Ugrëff illustréiert op e neits, wéi dréngend et fir de Kongress ass, legislativ Reformen ze stëmme fir d‘Amerikaner ze schützen“, esou den US-President dee scho Bierger aus siwen Natiounen den Zougang zu den USA verbueden huet. Alles (natierlech) moslemesch gepräägte Länner.

„De Kongress muss dëser Fléissband-Migratioun en Enn setzen“ ënnersträicht den Donald Trump a bezitt sech hei op de Visa, deen den Attentäter erhalen huet am Kader vun der Familljen-Zesummeféierung. Dat ass wéi gewinnt kuerz gegraff, fënnt awer bei den Trump-Supporter oppen Oueren.

Fir den New Yorker Buergermeeschter, en Demokrat, deen sech géintiwwer dem US-President fir d‘Rechter vun de Migranten asetzt, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt de „Verdächtegen“ keng „kriminell Vergaangenheet hat an et och keen hiweis op eng Radikaliséierung gëtt“. Dat zumindest wieren déi Informatiounen déi virleien.

„American paranoid“

D‘Attack selwer ass virun de Feierdeeg, déi wéi all Joer dausenden Touristen an de „Big Apple“ zéien, ofgelaf. Verständlech, datt d‘Police ee groussen Opruff fir Zeie gemaach huet, an och d‘Patrullen si verstäerkt ginn. D‘Awunner sinn opgefuerdert nach „besser opzepassen“ an all suspekt Handlung ze mellen.

Times Square, eng vun de Plazen déi d‘Autoritéite scho säit Joren als besonnesch „sensibel“ agestuuft hunn, ass allerdéngs och eng vun den am beschten iwwerwaachten „Attraktiounen“ vu New York. Et ass déi Plaz, op där sech ronn eng Millioun Mënschen zesummefanne fir Silvester an Neijoerschdag ze feieren.

D‘Explosioun vum Méindeg hat eng Panik am Souterrain ausgeléist. Während d‘Pompjeeën an d‘Polizisten op d‘Plaz ënnerwee waren, hunn d‘Leit am Tunnel ugefaange mat lafen, wat d‘Situatioun och geféierlech gemaach huet.

Vill Metro-Linnen déi iwwer Times Square fuere sinn ugehale ginn oder net méi um Arrêt stoe bliwwen. Wéi d‘Situatioun ënner Kontroll war ass, konnt dann och den ëffentlechen Transport nees säi gewinnte Rhythmus ophuelen. De „Patron“ vun der Metro, Joe Lhota, huet drop higewisen, datt seng Leit op esou Situatioune virbereet sinn. Eppes iwwer 3.000 Sécherheetsleit sinn all Dag am Metro ënnerwee.

Wéi scho beim „Attentäter“ vum 31. Oktober, huet den Donald Trump och bei dësem Täter deklaréiert: „d‘Auteure vun terroristeschen Dote verdéngen déi héchste Strofen, och d‘Doudesstrof“.

mam Catherine Triomphe/AFP

Foto: D‘Sécherheetspersonal an d‘Pompjee ware séier op der Plaz, nodeems sech eng Persoun am Metro, ganz no um Times Square, versicht hat an d‘Luucht ze sprengen. © Bryan R.Smith/AFP

Ähnlech Sujeten Attentat, Bill de Blasio, islamesche Staat, New York, Times Square
Nächsten Artikel Virrechten Artikel