Search

You may also like

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?
Meenung

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert
Meenung

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert

Esch-Uelzecht – Um haitege Freideg war d‘Stëmmung am „Service Canalisation“

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen
Meenung

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen

Well de fréieren italieneschen Inneminister a Patron vun der faschistescher

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

Et ass nach 2017 a bis zu de Chamberwahle sinn nach et gutt zéng Méint hin. Mee well et schéngt, datt näischt méi wichteg ass, wéi sech ëm Chrëschtdag Gedanken ze maache wien déi nächst Regierung stellt, „Denken“ ech dann emol mat.

Laut dem Politbarometer vun der TNS Ilres – deen natierlech am Optrag vu Saint Paul a Bertelsmann gemaach ginn ass – wier d‘CSV, wann dëse Sonndeg gewielt géif ginn, déi stäerkste politesch Kraaft am Land. Se kéim, haalt iech un, eleng op méi Mandater wéi déi aktuell Koalitiounsregierung.

Kuerz: d‘CSV wier d‘Regierung. Gutt, elo gëtt awer net dëse Sonndeg gewielt, an och tëscht de Feierdeeg wäert ee wuel kaum dozou mussen iwwergoen, eng nei Regierung ze wielen, just well datt deem engen oder anere gutt an de Krom géif passen.

Dobäi ass gewosst, datt dausende Leit sech déi Informatioun, am Lëtzebuerger Wort oder bei RTL.lu wäerten ukucken, dat als „kredibel“ Noriicht iergendwou ofspäicheren, an am Oktober 2018 well d‘CSV jo scho gewonnen huet, och der CSV hir Stëmm ginn. Mee bon, Gottseidank ass et esou einfach dann elo awer net.

Ech di mech souwisou mat esou „Sondage“ schwéier. Engersäits well ni eppes zu der Methodik gesot gëtt an eng kaafte „Meenung“ eng „kaafte Meenung“ bleift. Géigenargument: Et si jo awer seriö Presseorganer, déi dëse Sondage „finanzéiert“ hunn. Nu gutt iwwer Seriö kann ee grad esou streide wéi iwwer finanzéieren.

Gewosst ass, a bei Saint Paul maachen se och keen Heel dorausser, datt d‘Lëtzebuerger Wort eng „nei“ redaktionnell Ausriichtung geholl huet. D‘Zeitung wëll sech „riets“ opstellen ouni de liberale Charakter vu senger Wirtschaftspartner a Fro ze stellen. An e Sondage, deen d‘CSV als regierungsfäeg presentéiert, ass dann och op der éischter Säit ze fannen.

Bei RTL sollt een unhuelen, datt se als partiell staatleche Mediepartner méi objektiv un esou Sondagen eruginn. Mee bon, wat een an Optrag gëtt muss een net zwéngend hannerfroen, wat géif et och fir e Sënn maache fir d‘éischt ze bezuelen an dann Zweiwel ze hunn?

Wéi och ëmmer: déi chrëschtlech konservativ hätten also 27 Mandater – dat sinn der zwee Manner wéi nach am Fréijoer – géint 26 fir Blo-Rout-Gréng. Interessant beim Sondage, datt esouwuel déi lénk wéi och d‘ADR Mandater gewannen. D‘Piraten an d‘Kommuniste kommen net wierklech vir am Sondage.

Dann ass et jo alt nees gutt, datt mer eréischt am Oktober wiele ginn, a net iwwermuer. Bis dohinner hu mer dëse Politbarometer dann och nees vergiess, well eis der bis dohinner nach eng jett an de Kapp wäerte geheit ginn. Mee e klengen Tipp dozou kann ech mer net verknäifen: wann der e Sondage vun der TNS Ilres gesitt, ditt ëmmer gutt uecht wien dofir bezuelt huet.

Related topics Chamberwahlen 2018, Koalitioun, Oppositioun, TNS-Ilres
Next post Previous post