Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coolgeek
Den Star Wars Day, erkläert
Meenung

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star

cool
Wéi gutt kenns du eise Béier?
Meenung

Wéi gutt kenns du eise Béier?

De Béier gouf bekanntlech net zu Lëtzebuerg erfonnt. An dach

love
Petitiounen: Baby Years, Pass a méi
Meenung

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Ab haut kann een erëm nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dës Kéier

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

E Kommentar

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn – och ausserhalb vun de Käpp – wou Homosexualitéit net akzeptéiert ass, vergësst ee gären. Ëmmerhi liewe mer hei am Groussherzogtum, wou sech villes zum bessere gewandelt huet, wat net-Heterosexueller ugeet. Mee den Eurovision Song Contest huet dëser Deeg erëm gewisen, wat vir ee problematesche Sujet dat nach vir vill aner Länner duerstellt. Wéi zum Beispill China, wou den iresche Bäitrag net gewise ginn ass, well zwee Männer sech ëmdanzen an d’Hand ginn.

Och wann Homosexualitéit a China net illegal ass, esou ass et als „abnormal“ ofgestempelt an däerf net duergestallt ginn. Während mir am Westen Debatten doriwwer féieren, wéi wäertvoll Representatioun vu sexuelle (an aneren) Minoritéiten an eise Medien ass, huet China sech decidéiert, dës einfach auszeklammeren. Multimedial Homophobie kéint een et deementspriechend nennen. D’Botschaft un déi Homosexuell: Dir gitt gedold – méi awer och net!

D’Intoleranz kennt keng Limitte bei de Medien

Dat zitt sech och duerch hiren Internet. Wéi dat gären de Fall ass (Russland mécht et vir), huet China parallel Servicer zu westleche Pendanten. Weibo ass beispillsweis d’chinesesch Konterpartie fir Twitter an och do ginn et esou homophob Tendenzen. Et wollt een homosexuell Inhalter komplett vun der Plattform verbannen. De Protest vun Notzer a Medien huet d’Plattformbedreiwer awer iwwerzeegt, dëst ze ënnerloossen. Datt et déi gebraucht huet, fir datt et zu engem Ëmdenke komm ass, seet villes iwwert d’Attitüd vun de Bedreiwer aus.

De Westen (dat si mir, et vergësst een et heiansdo) huet hei eng kloer Aufgab: E muss weisen, datt dëst diskriminatorescht Verhalen net akzeptabel ass. Am Fall vum ESC gouf do di richteg Decisioun getraff, an d’Iwwerdroung ausgesat. De chinesesche Mediepartner konnt weder déi zweet Halleffinall, nach d’Final selwer weisen. Konsequent ass dat, well een elo scho weess, datt och duerno nach schéi weider zenséiert géif ginn.

Domat hu mer zwar kloer eis Wäerter deklaréiert, mee den Homosexuellen a China ass domat och nach net wierklech gehollef. Mee datt se sech selwer ze hëllefe wëssen, weist de Fall mat Weibu. Bleift ze hoffen, datt sech dës Minoritéiten net ënner kréie loossen.

Ähnlech Sujeten China, Homosexualitéit, Lëtzebuerg, LGBT, Toleranz, Westen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0