Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht
D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéieren einfach zesummen. Dëst gutt animéiert
D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéieren einfach zesummen. Dëst gutt animéiert
Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an
Zerfriess vun der Skandaler, gebeidelt duerch ëmmer nei Normen, an
Kaum ze gleewen, mee dem John Ronald Reuel Tolkien säi Fantasyroman „The Hobbit“ ass den 21. September 1937 verëffentlecht ginn.
Den 1892 an Südafrika gebuerenen Tolkien huet 1930 mat der Geschicht ugefaange. No der Verëffentlechung zwee Joer méi spéit erlieft de Roman een enorme Succès. Doduerch fänkt hien dann och un d’Suite mat „Herr der Ringe“, den mat dräi Bänn a spéidere Kinosfilmer Publikum nees begeeschtert. 2012 kënnt den éischte Film, ënnert der Regie vum Peter Jackson eraus, zwee weider Filmer kommen no.
D’Buch erzielt d’Geschicht vum Bilbo Beutlin, engem Hobbit aus dem Auenland. Nodeems den Zauberer Gandalf mat 13 Zwerge viru senger Dier steet an hien opfuerdert op der Sich no engem riesege Schatz ze bedeelegen, ass säi rouegt Liewen eriwwer. Dëse Schatz muss nämlech dem Drach Smaug geklaut ginn. Fir seng Hëllef soll den Hobbit een Deel vum Schatz kréien.
Wien d’Geschichte vum Hobbit Bilbo Beutlin an dem Zauberer Gandalf nach net gelies oder gesinn huet, sollt dëst onbedéngt nohuelen!