Chambre de Commerce – Den Tom Baumert als neien Direkter Entrepreneurship

Den Directiounscomité vun der Chambre de Commerce freet sech ab dem 1. Oktober 2018 den Tom Baumert als neien Direkter Entrepreneurship am Team ze hunn. Scho vum Oktober 2016 un schafft hien als CEO vum House of Entrepreneurship, nodeems hien 2014 an Chambre de Commerce gaang ass.

Den Tom Baumert wäert a senger neier Positioun all Servicer, déi d’Entwécklung vum PME vu Lëtzebuerg begleeden, coordonnéieren. Zu sengen Aufgabe gehéiert och d’Ënnerstëtzung vum Firmegeescht an strategesch Leedung vun de Partner Instanze vun der Chambre de Commerce, wéi beispillsweis d’House of Startups (HoST) an de Luxembourg City Incubator (LCI), déi hiren Handlungsberäich elo ausbreede kennen.

D’Chambre de Commerce begléckwënscht d’Opnam vum Tom Baumert a sengem Direktiounscomité. Seng Leidenschaft fir den Entreprenariat ass wäertvoll fir d’Strukturstäerkung an d’Entwécklung vun neie Projeten, déi mam Schafen, Entwéckelen an Iwwermëttele vun den Entreprisen zesummen hänken“, freet sech de Carlo Thelen, Generaldirekter.

Och den Tom Baumert selwer freet sech op seng nei Aufgaben a kuckt senger Platz als Direkter Entrepreneurship mat groussem Enthusiasmus entgéint.