Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haus vun der Natur & Shop nature: Ab haut nees op!
International Neiegkeeten

Haus vun der Natur & Shop nature: Ab haut nees op!

Nodeems d’Renovatiounsaarbechten elo komplett ofgeschloss sinn, empfänkt de Shop nature

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen
International Neiegkeeten

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek

Gratulatioun: 48 CGDIS-Stagiairen hunn déi éischt Formatioun gepackt!
International Neiegkeeten

Gratulatioun: 48 CGDIS-Stagiairen hunn déi éischt Formatioun gepackt!

Wéi de CGDIS op de soziale Medie matdeelt, hunn lescht

Eis däitsch Noperen hunn de Covid19 fest am Grëff

7.000 Mataarbechter vun engem Schluechtbetrib mussen a Quarantaine, Crèchen a Schoule goufen zougemaach

Eis däitsch Noperen hunn de Covid19 fest am Grëff

Am Landkrees Gütersloh (Nordrhein-Westfalen) sinn d‘Crèchen an d‘Schoulen zougemaach ginn, nodeems et am Schluechtbetrib „Tönnies“, op en Neits zu engem gréisseren Infektiounsausbroch mam Coronavirus Covid19 komm ass. vill Lounofhängeg goufe positiv op de Virus getest, an all d‘Mataarbechter déi op dësem Standuert schaffen, mussen elo a Quarantaine.

Fir den däitsche „Fleeschfabrikant“ zu Rheda-Wiedenbrück kéinten d‘Noriichten net méi schlecht sinn. Tönnies kann ee wuel net wierklech verantwortlech dofir maachen, mee mat 657 neien Infektiounsfäll, kritt d‘Covid19-Pandemie an Nordrhein-Westfalen nees e beonrouegend Ausmooss. Vun 983 geteste Mataarbechter, sollen der 657 positiv getest gi sinn, an dat verlaangt Mesuren.

TönniesD‘Entreprise huet de sanitären Autoritéite vollst Kooperatioun zougesot an d‘Produktioun gëtt dann elo och gänzlech agestallt. Datt de wirtschaftleche Schued fir Tönnies wäert Folgen hunn, dorunner kann et keng Zweiwel ginn. Tönnies ass ëmmerhi fir eng 20% vun de Fleeschproduiten um däitsche Maart verantwortlech. Wéi laang d‘Produktioun soll ugehale ginn, konnt den Ament kee soen.

Wéi ass dat méiglech?

Als ee Grond ënner Villen, huet d‘Entreprise de Retour vu Mataarbechter aus hirem Congé genannt a well de Beruff esou wonnerbar Paie versprécht, muss een hei ee puer Präzisioune ginn. Zum enge war et net wierklech „Congé“. Déi genannte „Mataarbechter“ sinn an der Majoritéit Bulgaren a Rumänen, déi iwwert déi verlängert Weekender zu Päischten och emol nees bei der Famill waren.

Tönnies

Fir de Spriecher vun Tönnies, wier d‘Verbreedung zudeem vun de Killraim begënschtegt ginn. Et hätt een zwar ganz vill ënnerholl fir de Virus aus dem Betrib ze halen, mee dës Méi sollt sech hei net ausbezuelen. Et ass dann awer och schonn déi zweet „Infektiounswell“, dës Kéier mat nach vill méi Infektiounsfäll. Am Mee hat et schonn en zolitte Virfall am Landkrees Coesfeld ginn.

TönniesZu Berlin kommen dës Nouvelle schlecht un. Net nëmmen datt d‘Bundesregierung massiv ënner Drock gesat ginn ass, dat am Bezuch op d‘Aarbechtskonditiounen, d‘Ënnerbréngung vun de Salariéeën aus dem Ausland, wéi och hir Remuneratioun. Elo géifen awer Grenzen iwwerschratt an et kéint net méi anescht, wéi drastesch Reegelen anzeféieren. E bessere Loun ass do net gemengt.

mat indymedia/dus

Foto: © Greg 4.0

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Nordrhein-Westfalen, Quarantaine, Schluechthaus, Shutdown, Tönnies
Nächsten Artikel Virrechten Artikel