Eng Bei um Riserad – MELLIS presentéiert seng limitéiert Fouer-Editioun
D’Schueberfouer ass ofgesot? Net ganz! Mat der limitéierter Fouer-Editioun vum
D’Schueberfouer ass ofgesot? Net ganz! Mat der limitéierter Fouer-Editioun vum
Scho no puer Deeg ass kloer, d’Fouer ass en Erfolleg. Dat gutt
Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann en net optimal ass, huet en dozou bäigedroen, datt vill Bierger sech méi politesch engagéieren. Mee leider ass bei wäitem net all Petitioun d’selwecht gutt. Mir hunn e puer Totalausfäll zesumme gedroen.
Vum Jean Asselborn däerf een hale, wat ee wëll. Och seng Optrëtter op der Tëlee sinn net onëmstridden. Sief dat elo als internationalen oder nationalen Interviewpartner, mee och bei de sëlleche Kachsendungen, wou den Ausseminister schonn emol Optrëtt. Gläich eng Petitioun opzemaache, fir datt den Ausseminister net méi optriede kann, ass bemierkenswäert klenglech. Wahrscheinlech gëtt des Petitioun dann och als irrecevabel klasséiert.
En Areeseverbued fir den Donald Trump war och scho mol gefrot ginn. Vue datt des Petitioun “ni but, ni motivation” hat, gouf se als irrecevabel klasséiert
Och bei dëser Petitioun géint e Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai mangelt et erëm un engem Zil, bezéiungsweis enger Motivatioun. Woumat vill Froen opstinn. Grënn genuch géif et sécherlech ginn, fir géint Dubai ze protestéieren. Mee esou kann een nëmme spekuléieren, firwat dee Pavillon net däerf sinn.
Eng offensichtlech Parodie-Petitioun stellt déi vun enger Fuerderung nom Code Jang de Blannen duer. Dat hunn d’Leit aus der Kommissioun och schnell gemierkt. Natierlech gëtt et och eng technesch Begrënnung: Eis haideg Gesetzgebung baséiert guer net méi op deem Code Napoléon.
Eng weider Parodie-Petitioun: Anstatt On Air soll am Radio An der Loft gesot ginn an d’Lëtzebuergesch als eenzeg Sprooch op de Wellen existéieren. Iergendwou traureg, datt des Petitioun ni signéiert konnt ginn, den Debat wier et nawell der Wäert gewiescht. D’Begrënnung vun der Ofleenung léisst een allerdéngs och schmunzelen:
Inhaltlech gesinn sief ze bemierken, datt de Staat prinzipiell keen Afloss op d’Gestaltung vun de musikalesche Programmer an eiser Radioslandschaft huet. Der Kommissioun ass net entgaangen, datt Dir mat Ärer Ufro eng Parodie op eng Petitioun iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch maacht. An deem Zesummenhang ass d’Kommissioun der Meenung, datt d’Petitiounswiesen keng Plattform fir Satir ass an aus deene Grënn ass Är Ufro eestëmmeg fir net zoulässeg erkläert ginn.