Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen
Auto Neiegkeeten

spaanse dating sites

Säit dem 27. November an nach bis den 22. Dezember,

https://moien.lu/dating-catchphrase/
Auto Neiegkeeten

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert

An hirer Europa-Ried zu Berlin huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?
Auto Neiegkeeten

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?

Vertrieder vun der venezuelanescher Regierung an Oppositioun, hunn sech zu

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren

Mam Summer start och d’Vakanzenzäit. Dobäi vergësst een an der Opreegung schnell déi wichtegst Saachen. Den ACL huet hier Virschléi fir gutt an d’Vakanz zur Zäit eraus ginn. Hei eis Top 5, fir datt dir gutt an är Vakanz kënnt starten.

Tipp 1 – Gültegkeet vun ären Pabeieren kontrolléieren

Fir datt dir kënnt a Rou an är verdéngten oder och onverdéngten Vakanz kënnt starten, roden mir iech un virun ärem Depart ze kontrolléieren, op är Carte d’Identité oder ären Pass an d’Assurance vum Auto nach gülteg sinn. Wier dat nämlech net den Fall an dir géift an eng Kontroll geroden wär är Vakanz méi séier eriwwer wéi dir kucken kënnt. An dat wier jo awer schued.

Tipp 2 – Auto kontrolléieren

Den ACL esou wéi och mir roden Iech un ären Auto ze kontrolléieren, fir datt dir vu kengen techneschen Problemer während der Faart iwwerrasch gitt. Den Auto kënnt dir entweder an der Garage kontrolléieren loossen. Wann der Begaabt genuch sidd, kënnt dir et och selwer bei Iech doheem maachen.

Folgend Saachen sollten op alle Fall kontrolléiert ginn:

  • Den Loftdrock an den Pneuen

  • Den Uelegstand

  • D’Luuchten fir an hannen um Auto

  • Den Niveau vun der Killflëssegkeet

Niewebäi: Den ACL bitt en „test vacances“ fir seng Clienten un – domadder musst dir Iech em näischt këmmeren!

Tipp 3 – Genuch Pausen

Fir dass dir net iwwermidd hannert dem Stéier sëtzt, gëtt geroden, genuch Pausen während dem Trajet anzeplangen an ze maachen. Dat ongeféier all zwou Stonnen, fir sech esou eng Kéier Been kënnen ze vertrëppelen.

Tipp 4Op Vitesse oppassen

Ëm Iwwerraschungen ze évitéieren, sief dat während oder no ärer Vakanz, roden mir Iech un Iech un déi erlaabten Vitessen op den Stroossen an den Autobunnen ze halen.

Tipp 5 – Staus evitéieren

Wee keng Stonnen an Stonnen an deenen sou beléiften Staus verbrénge wëll, sollt sech mam ACL a Verbindung ze setzen. Dat entweder duerch consultéieren vun hiren Trafficskalenneren oder hier Experten unzeruffen an no ze froen wéi den Risiko vun Stau op ärer Stréck ass.

Ähnlech Sujeten ACL, Auto, Summer, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel