Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht
Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi

Deadpool 2 kritt ee leschten Trailer spendéiert, ier et lass geet
Neiegkeeten

Deadpool 2 kritt ee leschten Trailer spendéiert, ier et lass geet

Kanns du dech och nach un Zäiten erënneren, wou e

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.
Neiegkeeten

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.

D’Veranstaltungsbranche fuerdert Hëllef: Concerten, Kiermes an Discoen, all hunn se un

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn

De Gemengewahlkampf fänkt un!

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn

De Wahlkampf ass endlech offiziell un! Haut ass de leschten Dag, wou d’Lëschten nach op de Gemengen deposéiert kënne ginn, wat heescht, datt jiddereen sech elo doropper konzentréiere Kann, seng  Inhalter un d’Wieler ze bréngen. Bei der Demokratescher Partei hunn se dat elo fir eng zweete Kéier gemaach, dowéinst hu mer eis decidéiert, einfach e puer Eckpunkten op ze lëschten. Fir eng méi déifgrënneg Analys vun alle Punkten hu mer natierlech och en Artikel prett.

1. DP konnt sech op neie Sektiounen opstellen

Habscht, Fréiseng, Luerenzweiler, Rëmeleng a Klierf sinn elo nei Gemengen, wou d’DP sech opstelle konnt.

2. Méi Fraen op de Lëschten wéi jeemools virdrun

35% vun de Kandidaten si Fraen. Dat si ganzer 4% méi wéi di leschte Kéier.

3. DP geet eng Verjéngerungskuer duerch

Frësch a jonk Gesiichter kann een op bal all Lëscht gesinn. Dat läit un enger staarker JDL, déi méi präsent op de Lëschten ass. An domadder geet och den Altersduerchschnëtt erof. Keng Suergen also mam Nowuess.

4. Méi Net-Lëtzebuerger op der Lëscht

Insgesamt 49 Kandidaten déi net Lëtzebuerger sinn oder eng duebelt Nationalitéit hunn,.

5. Zwee Werbespots

Gläich zwee Spotten wäerten an der Tëlee lafen. Si si kuerz an ëmräissen d’Haaptpunkten vun der Campagne. De Fokus gëtt op Kanner, Zesummeliewen vun de Generatiounen an op de Logement geluecht.

6. Méi Gemengen kéinten méisproocheg Internetsite kréien

Och wa vill Gemenge schonn dorunner schaffen, esou sinn se bei der DP der Meenung, datt d’Sitten vu Gemengen méisproocheg solle verfügbar sinn. D’Corinne Cahen gëtt awer ze bedenken, datt dat mat vill Ressourcen an Ustrengunge verbonnen ass. Dat bedeit och, datt ee nawell seng Zäit braucht, fir dat ze realiséieren, kann op esou Websäiten dach vill Contenu sech usammelen.

7. Keng spezifesch koordinéiert Online-Kampagn

Wou mer grad beim Internet sinn: Wat d’sozial Netzwierker ugeet, gëtt et op nationalem Niveau keng Virgaben. D’Sektioune kënnen do selwer d’Handhabung iwwerhuelen. Et goufen awer parteiintern Formatiounen ugebueden.

8. Zouversiichtlech, och wéinst der Regierungsparticipatioun

Op d’Fro hin, op se sech duerch d’Regierungsparticipatioun gestäerkt fillen, huet d’Corinne Cahen geäntwert, d’Leit géife mierken, datt se vill ugepaakt a realiséiert hätten. Mee de Gemengewahlkampf an d’national Politik wieren awer nach ëmmer zwou verschidde Saachen.

 

 

 

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, DP, Gemengewahlen 2017, Marc Ruppert, Max Hahn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel