Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun
what is the proper age difference for dating

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz

online dating nottingham
what is the proper age difference for dating

https://moien.lu/dating-a-female-widower/

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt
what is the proper age difference for dating

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees

Tornado iwwer Lëtzebuerg

14 Persoune blesséiert, 160 Diecher ofgedeckt an iwwer Dausend Noutriff bannent Minutten

Tornado iwwer Lëtzebuerg

Am lëtzebuergesch-franséische Grenzgebitt ass um Freideg géint 17.30 Auer en Tornado iwwert d‘Uertschafte vu Péiteng a Käerjeng hiergefall an huet zolidd Schued ugeriicht. Heibäi si laut den Autoritéite 14 Mënsche blesséiert ginn, 2 dovunner schwéier. 160 Haiser wieren ofgedeckt ginn.

Wéinst dem Tornado deen e Freideg am spéiden Nomëtteg vu Lonkech (F) aus iwwer Lëtzebuerg gezunn ass, war bannent Minutten d‘Noutruffzentral vum CGDIS mat honnerten Appeller konfrontéiert ginn. Besonnesch am Raum Péiteng/Käerjeng war d‘Situatioun bedenklech. Beim Cactus op der Biff ware 6 Persoune blesséiert ginn, Haiser goufen duerch de Wand, dee mat Spëtzte vun 128Km/H geblosen huet, ofgedeckt an eng Rëtsch Stroossen sinn vun Trëmmer blockéiert ginn.

Tornado

© CGDIS

Fir weidere Schied virzebeugen a Geforen ze verhënneren, war a veschiddene Stroossen de Stroum ofgespaart ginn. D‘Rettungsdéngschter hu wéinst de villen Appeller d‘Bevëlkerung opgeruff net onnéideg d‘Leitunge vum 112 ze belaaschten. Groussalarm ass ausgeléist ginn an d‘Cellule de Crise – wéi et am Interventiounsplang bei groussen Onwieder virgesinn ass – gouf no kuerzer Berodung tëscht dem Premier, der Inneministesch an dem héije Kommissariat fir Nationalschutz aberuff.

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht

Um 21 Auer gouf et en éischte provisoresche Bilan. Hei war vu 7 Blesséierte rieds, déi vum Escher Spidol (CHEM) iwwerholl a betreit goufen. Op der Plaz selwer hu sech d‘Rettungsdéngschter mat de Gemengenautoritéite concertéiert fir déi noutwenneg Moossnamen an Aktiounen an d‘Weeër ze leeden. Well jo och vill leit an der Vakanz sinn, ass séier eng Hotline ageriicht ginn (8002 8080) fir de betraffene Leit d‘Méiglechkeet ze ginn sech ze informéiere wéi et ëm hir Leit steet.

TornadoVum CGDIS si Spezialeenheeten alarméiert ginn – dorënner d‘Hondsstaffel – a bei de franséische Kollege vum SDIS-57 (Service Departemental d‘Incendie et de Secours) gouf eng „Raumekipp“ zur Verstäerkung ugefrot. Bis 21 Auer waren an der Noutruffzentral iwwer 1.000 Appeller agaangen. D‘Rettungsdéngschter hunn an enger éischter Phas alles an d‘Wee geluecht, fir dat et net zu weideren Affer kënnt, hunn Haus fir Haus kontrolléiert a wou et noutwenneg war och securiséiert.

Eng Krisesëtzung no där aner

Um 23.15 Auer huet sech d‘Cellule de Crise op en Neits zesummegesat. An der Tëschenzäit huet de Minister Dan Kersch d‘Inneministesch Taina Bofferding ofgeléist an d‘Leedung iwwerholl. De neie Bilan deen uschléissend virgeluecht gouf, war net erfreelech: zu dësem Zäitpunkt war d‘Zuel vun de Verletzten op 14 ugewuess. De Materialschued: um Käerjenger Gebitt sinn eng honnert Haiser beschiedegt ginn, dovunner 25 bis 30 Gebaier déi deels oder ganz ofgedeckt gi sinn.

Tornado

© CGDIS

Zu Péiteng fält mat ronn 60 Haiser beschiedegten Haiser de Bilan eppes besser aus. Fir all déi Leit déi betraff waren an hir Wunnengen aus Sécherheetsgrënn hu misse verloossen, sinn Noutlager ageriicht ginn. Zu Péiteng war et d‘Sportshal Bim Diederich an zu Käerjeng d‘Kulturhaus „Käerjenger Treff“ wou d‘Leit sech konnten a Sécherheet bréngen a wou si och kompetent konnte betreit ginn. Trotz Vakanz a Weekend waren d‘Mataarbechter vun de Gemenge gutt op Zack.

Eng Bestandsopnam

Nach an der Nuecht hunn sech d‘Ministeren Dan Kersch an Taina Bofferding zesumme mat de Membere vun der Cellule de Crise op der Plaz selwer e Bild vun der Sitautioun gemaach. Hei dierf betount ginn, datt all déi implizéiert Acteuren effikass a koordinéiert zesummegeschafft hunn. Nieft de Beschiedegungen un de Haiser, huet et och zolidd Schued un enger Stroumleitung ginn, well Stroummasten ëmgeknéckt goufen. Den Zuchtrafic tëscht Péiteng a Lëtzebuerg gouf ënnerbrach.

TornadoOp der Biff zu Käerjeng, huet d‘Police de Raum ronderëm de Cactus wäitreechend ofgespaart an et gëtt bis zur endgülteger Ofsécherung keen op d‘Plaz gelooss. Well zudeem och fir haut Samschdeg nach héich Wandspëtzten ugekënnegt sinn, sinn d‘Leit opgeruff sech vum betraffene Secteur ewech ze halen. D‘Gefor vun engem Trëmmer getraff ze ginn, dat duerch d‘Géigend kéint geschleidert ginn, ass ganz reell. D‘Leit déi op der Plaz wunnen, si gebueden sech un d‘Uweisungen ze halen.

Engagéiert waren eng 200 Pompjeeën a nach emol bis zu 40 Polizisten. De Minister Dan Kersch huet dëse Männer a Frae fir hire behäerzten Asaz de Merci vun der Regierung ausgedréckt. E Merci dee sech och un all déi Privatpersounen adresséiert, déi eng Hand mat ugepaakt oder hir Hëllef ugebueden hunn. De Moie gëtt dann nach emol eng nei Situatiounsiwwersiicht presentéiert.

Opmaacherbild – Kleng Tornadoanalys: Op Basis vun iwwer 800 Biller hunn ech probéiert den Wee vum Tornado probéiert nozezeechnen. Funnelcloud gouf déi éischte Kéier westlech vu Lonkech gesinn. Tëscht Lonkech an Longsduerf hat e Buedemkontakt krut. Also F0. Beim Grenziwwergang zu Péiteng huet sech den Tornado verstäerkt. Um Wee nërdlech laanscht Rodange an Rolleng huet sech den Tornado a Richtung Péiteng op en F2 verstäerkt.

Hei sinn déi staark beschiedegt Haiser, entwuerzelt Beem an verréckelt Camionen en staarken Hiwäis dofir. Den Aflossberäich, also d‘Breet vum Tornado an sengem Wand war tëschenzäitlech gréisser wéi 700m. Am Beräich vum Rondpoint a Richtung Käerjeng ass den Tornado en bësse méi schwaach ginn. F1 war et awer ëmmer hin. An der Avenue de Luxembourg gouf et da vill Schued. Total; Cactus, Aldi, Burger King… Dono ass en eriwwer bei de Sales Lentz gezunn. Schlussendlech war en dann nach laanscht Schuller ënnerwee. Tëscht Schuller an Dippech verléiert sech dann d‘Spuer.

Den Tornado war hei zirka 16,8 km ënnerwee an tëschenzäitlech bis zu 700m aktiv.

  • F0 = 63-117 km/h
  • F1 = 118-180 km/h
  • F2 = 181-253 km/h

Dëst ass just eng kléng Analys op Basis vu Fotoen. E Samschdeg kommen anscheinend Profien aus Frankräich kucke wéi e genau gezunn ass. Ech sinn jo kee Profi an deem Beräich. Op dëser Plaz well ech Iech alleguerte Merci soe fir all är Informatiounen. Ech well awer och d‘Situatioun notzen an allen Léit Courage wënschen an allen Merci soen déi de betraffene Léit hëllefen. Ech hoffe just datt sech den Katastrophentourismus a Grenzen hält.

Sven Rock fir Meteo Remichwww.meteoremich.lu

Ähnlech Sujeten Cellule de Crise, CGDIS, Käerjeng, Péiteng, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel