Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland
top dating sites in uk 2018

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech

https://moien.lu/best-dating-site-for-mid-30s/
top dating sites in uk 2018

https://moien.lu/dating-christmas-ornaments/

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

surprise
De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg
top dating sites in uk 2018

De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg

D’Sonn schéngt um Escher Gaalgebierg. Meteorologesch gesi steet dem leschte Championnatsmatch vun

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an de Gemenge Péiteng a Käerjeng ass gëschter Owend eng weider Krisesëtzung organiséiert ginn. Zesumme mam Buergermeeschter Pierre Mellina an dem Schäffe Frank Pirotte ass den neiste Stand vun der Situatioun analyséiert an d’Aktioune fir déi kommend Deeg definéiert ginn.

Um Méindeg Moien si ronn 80 Fräiwëlleger vum däitschen „Teschniches Hilfswerk“ op d’Plaz komm, fir de Lëtzebuerger Autoritéiten ënnert d’Ärem ze gräifen an esou den Aarbechtsrhythmus bäizehalen. D’Schaueren hunn de Prozess immens erschwéiert. De ganzen Owend iwwer ware laut MeteoLux weidere Reen virgesinn.

Der Populatioun gëtt geroden d’Wiederkonditiounen am Aen ze behalen an am Eeschtfall d’Consignë vu www.meteolux.lu ze befollegen. Nach ëmmer ass den Trafic an der betraffener Regioun gestéiert.

Update: Haut de Moien um 8:00 Auer huet sech d’Dräiergespan nees zesummegesat fir de leschte Stand vun der Situatioun ze beschwätzen. AN der leschter Nuecht si weider 72 Persounen an Hoteler relogéiert ginn, dovu 46 Persounen aus der Gemeng Péiteng a 26 vu Käerjeng.

Och elo sinn nach méi wéi 80 Rettungskräft um Terrain. Dovunner gehéieren 30 Fräiwëlleger dem „Technisches Hilfswerk“ un. MeteoLux gesäit haut eng liicht Verbesserung um meteorologeschen Niveau vir mat reduzéierte Schaueren. An de Stroosse wou geschafft gëtt bleift den Trafic weiderhin gestéiert.

Finanziell Hëllef fir betraffe Firmen

De Lëtzebuerger Finanzminister erënnert drun, datt finanziell Hëllefen existéieren, déi geschiedegten Entreprisen, am Fall vu verschiddenen natierlechen Extremsituatiounen, zoukommen.

De Regierungsrot huet um vergaangene Samschdeg entscheet, datt den Tornado vum 9. August als Naturkatastroph agestuuft gëtt an déi finanziell Hëllef all klenger a mëttelgrousser Entreprise, déi hire Schuet direkt nom Tornado gemellt huet, zousteet. Dozou zielt materielle Schuet um Gebai, um Equipement, un de Maschinnen oder dem Stock, sou wéi d’Perte um Akommes.

Déi concernéiert Entreprise kënnen d’Generaldirektioun vun de Mëttelklassen vum Wirtschaftsministère kontaktéieren ënnert der Telefonsnummer 247 747 04 (vun 8:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 16:00 Auer) oder per info.aide.pme@eco.etat.lu. Weider Informatioune ginn et op guichet.lu.

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Käerjeng, Péiteng, Pierre Mellina, Taina Bofferding, Technisches Hilfswerk, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel