Search

You may also like

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor
Neiegkeeten

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor

Bréngt ee säin éischten Album eraus, da fält wuel all

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch
Neiegkeeten

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU
Neiegkeeten

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz

E Freideg hunn d‘Buergermeeschter vu Péiteng a Käerjeng e leschte virleefege Bilan presentéiert an op dréi drëtt Phas vun de Moossnamen zur Entschiedegung higewisen

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz

Eigentlech sollten de Pierre Melina an de Michel Wolter en zefriddent Gesiicht maachen, an awer waren si e Freideg ganz Eescht, well nach sinn net all d‘Schied vum Tornado, dee béid Lokalitéiten um 9. August 2019 zolidd gerëselt hat, behuewen. Zum Gléck goufen nëmme wéineg Persoune bei dësem Naturphenomen blesséiert an d‘Solidaritéit war beispillhaft. Dat soll ee wierdegen…

Well de Käerjenger Buergermeeschter agelueden hat, war et och un him dee leschte virleefege Bilan ze presentéieren: Zu Käerjeng goufen an der Folleg vum Tornado 19 Mënsche verletzt, zwou dovunner schwéier. Enger Damm geet et nach net esou gutt, déi aner Madamm hätt sech an der tëscht awer nees erkritt, esou de Michel Wolter, dee confirméiert, datt de Kontakt bestoe bleift.

257 Haiser si vum Tornado méi oder manner staark beschiedegt ginn an 78 Persounen hu misse relogéiert ginn. De Sozialbüro vun der Gemeng huet 6 Persounen en neit Doheem organiséiert, huet och 37 Demande fir Ënnerstëtzung agereecht kritt a fir déi Leit där hiren Auto futti gaangen ass, de Schued net vun der Assurance ersat ka ginn, sollten eng 60.000 Euro mussen opgewannt ginn.

Zu Péiteng sinn eng 300 Haiser dem Tornado erleeën an hei sinn – deels aus bautechnesche Grënn – nach 31 Haiser onbewunnbar. 65 Leit hunn hei misse relogéiert ginn. De Sozialbüro huet 80 Demanden agereecht kritt an 2.684 Euro un Entschiedegungen ausbezuelt. Si hu kengem missen en Daach iwwert dem Kapp fannen, och hei war d‘Solidaritéit ënnert de Leit immens hëllefräich.

Familljeministère, Assurancen an Veräiner

De Familljeministère, dee vun Ufank un mat am Boot gesiess war, huet 67 Dossieren erakritt. Vun dëse sinn der 12 mat engem Géigewäert vun 196.000 Euro ugeholl ginn, 32 Dossiere sinn nach an Aarbecht an 20 hunn der missen – bezunn op déi sozial Kritären – misse refuséiert ginn. Hei ass de leschten Delai fir säin Dossier virzeleeën op den 31. Mäerz 2020 festgeluecht ginn.

Iwwert déi gutt Zesummenaarbecht mat den Assurance ass ee besonnesch Erfreet. Déi hunn iwwer 4.000 Deklaratiounen ze verschaffe gehat an et géifen 98% vun de Schied (ëmmerhi geschätzt eng Valeur vun 100 Milliounen Euro) iwwerholl. 40 Milliounen si schonn ausbezuelt ginn, an de Rescht gëtt no Ofschloss vun den Aarbechten (d‘Fassade ginn am Fréijoer gemaach) un d‘Leit iwwerwisen.

Dat ass jo scho méi wéi erwähnenswäert an awer gëtt et nach besser Nouvellen: déi zwee Veräiner „Fir e gudden Zweck Péiteng“ an „Käerjeng hëlleft“ hunn eng Kéier 525.000 Euro an eng Kéier 495.000 Euro un Donen zesummekritt. Zu dëse kommen nach emol 75.000 Euro vun der Caritas. Alles an allem sinn dat ronn 1,1 Milliounen Euro déi elo Salomonesch mussen agesat ginn.

Solidaritéit verdéngt Respekt a Verantwortung

Wann eis Buergermeeschter elo richteg houfreg op hir Associatiounen an der Caritas dankbar sinn, esou ass et wichteg elo verantwortlech mat dësem Geld ëmzegoen. D‘Donateuren hunn hiert Geld jo engem besonneschen Zweck zougedroen, firwat et och muss de Geschiedegten zoukommen. „Mir hunn eng grouss Verantwortung géinteniwwer den Donateuren“, esou de Michel Wolter.

Eng Verantwortung där si wëlle gerecht ginn, firwat et zäitno zu Reunioune mat allen Acteure soll kommen. Fir déi gréisst méiglech Gerechtegkeet sécherzestellen, gëtt dann elo e Comité agesat, an deem jeeweils 1 Vertrieder aus all Schäfferot, 1 Representant vun de Sozialbüroe wéi och ëmmer 1 Vertrieder vum Roude Kräiz, der Caritas, an de genannten Associatioune vertrueden ass.

Dëse Comité huet dann och schonn emol d‘Prioritéiten zur Vergab vun der Hëllef ausgeschafft: un éischter Stell stinn d‘Kierperschied, dann de Schued un den Haiser (woubäi déi Dossieren déi vum Familljeministère net integral rembourséiert ginn, virgezu ginn). Da ginn d‘Schied un den Autoe berécksiichtegt, och fir d‘Griewer soll et Hëllef ginn. Wat bleift gëtt fir Verschiddenes opgewannt.

Déi drëtt Phas ass agelaut ginn

De Michel Wolter an de Pierre Melina leeën allebéid grousse Wäert drop, datt kee vergiess a kee benodeelegt gëtt. Aus dësem Grond sinn dann nach emol Formulaire verdeelt ginn. Wien dësen net sollt hunn, oder net aus der Gemeng ass, sech awer den 9. August an der Géigend opgehalen huet, ka säi Formulaire um Internetsite vun de Gemengen eroflueden oder op der Plaz ewechhuelen.

Dat heescht, wie beispillsweis säi Gefier um Parking vum Cactus beschiedegt krut, säi Schued net vun der Assurance ersat kritt, sollt sech och mellen. Dës Demande ginn da vum Comité gepréift, a wien fir eng Hëllef eligibel ass, soll déi och zougestane kréien. Wéi gesot, all déi Done sinn engem ganz bestëmmten Zweck zouzeféieren an net geduecht fir aner Projeten ze finanzéieren.

An dësem Kontext ass dann och eng ganz informativ Broschür erstallt ginn, déi sech jiddereen dee betraff ass onbedéngt sollt zu Gemitt zéien. All d‘Schrëtt si beschtens erkläert (op lëtzebuergesch an op franséisch) a falls et nach géif Froe ginn, stinn d‘Sozialbüroe vun de Gemengen iech gären zur Säit. Egal ob just eng Info gebraucht gëtt oder beim ausfëlle vun de Formulaire gehollef soll ginn.

Och d‘Gemenge selwer hu vill Schued erlidden

Nieft alle Schied déi d‘Bierger erlidden hunn, sollt een net vergiessen ze ernimmen, datt och déi zwou Gemengen ënnert dem Tornado gelidden hunn. Zu Käerjeng, esou de Michel Wolter beleeft sech dëse Schued op ronn 2 Milliounen Euro. Besonnesch haart getraff hat et déi sportlech a kulturell Infrastrukturen. Och vill Beem hunn den Tornado net iwwerlieft a mussen ersat ginn.

Interessant, well och e Beweis dofir datt Wäitsiicht a Verantwortung eng gelleg Koppel sinn, datt déi Käerjenger net einfach de Schued „ersetzen“ mee wa scho muss erneiert ginn, da wéinstens esou, datt et sënnvoll ass. Esou ginn d‘Luuchtepottoe vum Stadion, mat neister LED-Technik ausstafféiert. Den Ament géif een do mat der Assurance kucken, wat nach misst bäigeluecht ginn.

Zu Péiteng gëtt de Schued fir d‘Gemeng op ronn 500.000 Euro beziffert. Vill Beem an d‘Parken si beim Tornado beschiedegt ginn, an hei muss nach gekuckt ginn, an wéi enger Héicht de Staat sech hei wäert bedeelegen. Grad am Secteur vum Train 1900 si vill Schied ze notéieren. De Schued un de Gebaier ass iwwert d‘Assurance gedeckt, bei de Gréngfläche muss ee selwer eens ginn.

Fazit: Den Tornado war en dramatesch Erliefnes, an huet fir eng beispillhaft Solidaritéit gesuergt. Vill Aarbechten un den Haiser stinn nach un, mee dat ass dem Wieder geschëlt. Och wien net an dëse gemenge wunnt, awer duerch den Tornado e Schued erlidden huet deen net vun der Assurance gedroe gëtt, dierf eng Demande fir Entschiedegung areechen.

Related topics Fir ee gudden Zweck Gemeng Péiteng, Käerjeng, Käerjeng Hëlleft, Michel Wolter, Péiteng, Pierre Mellina, Tornado
Next post Previous post