Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren
Wärend de leschte Wochen ass et duerch Dir-wësst-scho-wat immens roueg
Nom Pressecommuniqué vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH),
Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –
Fir d’Autoritéite läit d’Prioritéit bei den zerstéierten Haiser, bei deenen den Dag schwéier vum Tornado getraff ginn ass. Duerch d’Mobilisatioun vu weidere Liederen wëll een den Aarbechtsrhythmus verstäerken. De CGDIS schafft aktuell u 15 Haiser gläichzäiteg. Ëm d’Aarbechten bei Privatentreprisen këmmert sech een Offizéier vum CGDIS.
Méi wéi 100 Pompjeeën vun 20 Hëllefszentren an dem Soutien Logistique engagéiere sech um Terrain. Ënnerstëtzt gëtt d’Ekipp u Rettungsleit vu ronn 40 Zaldoten a weiderem Personal vun der Gemeng. D’Police bleift am ganze Secteur present fir d’Plazen ze sécheren.
Wat déi vum Stuerm betraffe Persounen ugeet, bleift de Bilan selwecht: am Ganzen si 26 Persounen virlescht Nuecht vun der Gemeng Péiteng an 31 vun der Gemeng Käerjeng relogéiert ginn. D’Hotline 8002 8080 bleift weiderhin aktiv. Och de Grupp u Psychologen steet de Betraffenen am Besoin zur Säit.
Um Owend ass eng weider Krisesëtzung organiséiert ginn. Dobäi huet ee misse feststellen, datt Zuel un Interventiounen am Laf vum Dag liicht geklommen ass. Gutt d’Halschent vun den Ufroen konnt ee sech an der Tëschenzäit unhuelen. Fir den Aarbechtsrhythmus ze garantéieren ass entscheet ginn, datt déi verschidden Ekippen de ganzen Dag um Site bleiwen a se verstäerkt ginn, sou datt 180 Pompjeeën vun 25 Rettungszentren an 3 Gruppen vun der Intervention Spécialisé am Asaz waren.
Vu que datt d’Interventiounen op den Diecher vun den Haiser speziell Maschinne fuerderen, ass d’Zuel un de Liederen an Teleskopäerem op 14 Stéck erhéicht ginn. Nach ëmmer ass an de betraffene Regiounen den Trafic gestéiert. D’Populatioun soll sech dofir net bei déi concernéiert Zonen beginn, wann et net absolut noutwenneg ass. D’Police bleift dauerhaft fir d’Sécherheet op der Plaz.
Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu