Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei komme Bikeren op hier Käschten!
International Neiegkeeten

Hei komme Bikeren op hier Käschten!

Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren
International Neiegkeeten

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren

U Feindbiller feelt et dem Donald Trump net an obwuel

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!
International Neiegkeeten

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!

Sibirien ass wonnerschéin a wäit entleeën, huet et wéinst de

Tory-Parteidag zu Manchester: „Get Brexit done!“

Ëmgekrempelt huet de Boris Johnson d‘Partei schonn, elo soll se him ouni „Wann“ an „Awer“ zum EU-Austrëtt verhëllefen

Tory-Parteidag zu Manchester: „Get Brexit done!“

Mam Slogan „Get Brexit done!“ ass déi politesch Ausriichtung vum Tory-Parteidag zu Manchester bekannt. Bekannt ass och, datt et dem Boris Johnson gelongen ass a Rekordzäit d‘Partei ganz nei auszeriichten. Déi Konservativ setzen ënnert dem Premierminister verstäerkt op den Austrëtt aus der Unioun. Dat am léifste mat engem Ofkommes, wéi de BoJo et seet, mee zur Nout och ouni…

An de Boris Johnson ass esou zouversiichtlech wéi stur: op kee Fall wäert hie viru Bréissel an d‘Knéie goen an eng Fristverlängerung fir de Brexit ufroen. Dobäi ass hien dozou gesetzlech verflicht, zumindest huet d‘Parlament dat beschloss, fir de Fall datt et bis zum 19. Oktober net awer nach zu engem akzeptabelen Accord komme sollt. Dat allerdéngs schéngt bis ewell ausgeschloss.

ManchesterElo ass et jo och nach esou, datt et dem Boris Johnson tatsächlech gelongen ass d‘Partei bannent wéinege Wochen ëmzekrämpelen. Déi pro-europäesch Deputéiert hunn sech vun der Partei ofgewannt, an d‘No Deal Géigner goufe „kal gestallt“. 21 Deputéiert sinn esouguer aus der Partei ausgeschloss ginn. A wien net ausgeschloss gouf, huet et virgezunn aus eegener Kraaft ze goen.

Villes ass esou séier vu Statte gaangen, datt am Programm vum Parteidag zu Manchester nach Nimm vu Politiker optauchen, déi längst net méi zur Partei gehéieren, a Minister déi längst net méi Minister sinn. Digital awer ass alles am grénge Beräich. Op er Internetsäit tauchen „déi“ net méi op an esou dierft et kaum Widderstand um Parteidag ginn. Eigentlech geet och keen dovunner aus.

Populär ass de Mann

Mee de BoJo huet net nëmmen d‘Tory-Partei „radikaliséiert“. De Premierminister setzt all Hiewel a Beweegung, fir och d‘Bierger géint d‘Parlament opzebréngen. D‘Wieler géife vun engem Zombie-Parlament an der Gitt gehalen, esou de Boris Johnson, deen esou eppes fir onzoulässeg hält an d‘Bierger oprifft hien ze ënnerstëtzen, datt dee Brexit endlech vollzu ka ginn an d‘Land fräi ass.

Gesäit een emol vun der Partei of, esou stellt een an den Ëmfroe fest, datt de Premierminister mat senger „Strategie“ erfollegräich ënnerwee ass. Wuel schwanken dës Zuelen ëmmer nees, mee wa muer gewielt géif ginn, hätten déi Konservativ duerchaus Aussiichten op d‘Majoritéit. Dat erkläert och firwat de Boris Johnson fir Neiwahlen ass. Hie kéint esou „seng Politik“ endlech ëmsetzen.

Manchester

De Brexit huet Groussbritannien verännert, et ass net méi esou datt de Wieler sech politesch „lénks“ oder „riets“ orientéiert. Et ass de Positionnement géintiwwer dem Brexit, dee bestëmmt zu wéi engem politesche Lager ee gehéiert: et ass een entweder „Remainer“ oder „Leaver“. Eng „kloer an däitlech Majoritéit“ kann awer keent vun dëse Lager eeschthaft fir sech beusprochen.

Vergiesse sollt een dann och net, datt de Boris Johnson en immens populäre Buergermeeschter vu London war. Wann hie sech opgestallt huet ass hie vun de Wieler ugeholl ginn, an dat an enger sougenannter Labour-Héichbuerg. Datt hien am House of Commons vun enger Néierlag zur anerer rutscht an och vum Supreme Court den Dicks gebéit kritt huet, spillt dobäi éischter eng Nieweroll.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Leave Means Leave, Manchester, No Deal, Tory-Parteidag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel