Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Blumme fir eng Ikon
Neiegkeeten Stories

Blumme fir eng Ikon

Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August

EU: d’Reform vun den Autorerechter
Neiegkeeten Stories

EU: d’Reform vun den Autorerechter

D’EU vun den 28 ass um Freideg, trotz der Oppositioun

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt
Neiegkeeten Stories

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?

Wann ee berécksiichtegt, datt e „Craft Beer“, also een op artisanal Aart a Weis gebraute Béier, meeschtens eppes méi Batterstoffer huet a liicht dréchen eriwwer kënnt, dann hält ee mam Totenhopfen vum „Totenhopfen Brauhaus“ en exemplarescht Beispill an der Hand. E Beispill dat mat Virsiicht ze genéissen ass, well de Kadett huet zolidd Ëmdréiungen.

Et ass iwwregens absolut „keen“ Zoufall, datt den Totenhopfen 6,66% Alkoholgehalt huet. Do muss kengem e Bild gemoolt ginn. Dobäi ass nëmme vum Feinsten an der Fläsch: Waasser, Malz, Happ an Hief. Et brauch tatsächlech net méi, fir e geniale Béier ze brauen.

Den „Design“ vun dësem exzeptionelle „Craft“ gouf zu Lëtzebuerg gemaach, gebraut gëtt e bei „Horizont Brewing“ zu Budapest. Et ass iwwregens déi zweet Rezeptur, fir déi sech de Sergio an d‘Patricia entscheet hunn. Déi éischt wier dach eppes batter ausgefall, an déi zwee mussen en et wëssen, hiert ganzt Liewen dréit sech aktuell nëmmen ëm Béier, gudde Béier…

Wie stécht derhannert?

De Sergio an d‘Patricia si virun dräi Joer vu Wien op Lëtzebuerg komm, an soe selwer: „dat war Zoufall“. Dat mat der Brauerei allerdéngs net, dee Gedanken hu se schonn eppes méi laang gehat. U sech verréckt, wann ee bedenkt, datt d‘Patricia, eng gebierteg Brasilianerin, eigentlech aus der „Gaming-Zeen“ kënnt, wou et sech ganz vill mat Marketing beschäftegt huet.

Zu Lëtzebuerg huet et e klengen Exkurs an d‘Bankewelt gemaach, war awer net dat richtegt. Wëll d‘Patricia an Éisträich geleiert hu wéi ee Béier selwer mécht, an sech bei dëser Aktivitéit wuel gefillt hunn, sinn se derbäi bliwwen. Si sinn eng opgeschlossen an immens sympathesch Koppel, wat dann och derzou féiert, datt si ëmmer nees gäre mat aneren Deelen. Dofir brauch awer eppes méi Béier…

Totenhopfen

Just nëmme fir iech Loscht op „méi“ ze maachen, an d‘Geleeënheet ze notzen nach emol op déi immens gutt Qualitéit vun hire Béierzorten hinzeweisen. Wien eisen Adventskalenner huet, an geschmaacht huet, dierft eis Recht ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat eegent Brauhaus ass den Ament nach „Visioun“, well esou e Projet entspriechend Kapital brauch. Bis dohinner ass d‘Totenhopfen Brauhaus „en Zigeiner“ ënnert de Brauereien. Woubäi ëmmer, mir betounen „ëmmer“ mat den zouverlässegste Partner geschafft gëtt. Alles an Allem bitt d‘Totenhopfen Brauhaus aacht Zorten un, an 2019 sollen der zwou derbäi kommen.

Hale mir nach séier fest, datt d‘Patricia an de Sergio an der Zeen als „d‘Ambassadeure vum Lëtzebuerger Béier“ eng ganz gutt Renommée hunn. Hinne kann ee reegelméisseg bei den Events vun „Schmaacht et?“ begéinen, wou si gären op all Froen äntweren. Mir sinn houfreg si an eisem Kalenner „verstoppt“ ze hunn.

Foto: Esou gesäit „Gléck“ aus, an et schmaacht och duerno. Natierlech schmaacht och dëse Béier am beschten a Gesellschaft, mee eleng probéieren, an eppes wësse wat deen aneren nach net weess, huet och eppes. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Patricia, Sergio, Totenhopfen, Totenhopfen Brauhaus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel