Search

You may also like

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat
Neiegkeeten Sport

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

Kuerz Notéiert: CETA
Neiegkeeten Sport

Kuerz Notéiert: CETA

Wann et richteg ass, datt d‘Chamber bis den 3. Abrëll

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung
Neiegkeeten Sport

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel

De Gallier Geraint Thomas (Sky) huet sech um Samschdeg den éischte gielen Trikot vum Tour de France, Editioun 2017, gekroopt. Am Zäitfueren huet den duebelen olympesche Champion sech als dee schnellsten op der 14 Km, duerch an duerch naasser a rutscheger Streck, erwisen.

Mat véier Coureure war d’Equippe Sky déi bescht. Den Tour-Favorit Chris Froome huet mat enger sechster Plaz, géinteniwwer sengen direkte Géigner och schonn eng éischt kléng Victoire verbucht. D’Zäitfuere war allerdéngs och duerch vill Chutte gekennzeechent, woubäi et d’Spuenier Ion Izagirre (Bahrain-Merida) an Alejandro Valverde (Movistar) besonnesch schlëmm getraff huet. De Lëtzebuerger Ben Gaustauer (AG2R), huet mat engem Retard vun 1 Minutt 13 op d’Spëtzt eng vernënfteg Leeschtung erbruecht.

Ënnert de Favoritten huet also de Chris Froome, mat nëmmen 12 Sekonne Retard op säin Team-Kolleg déi sécherlech beschten Operatioun hikritt. Hien huet dem Australier Richie Porte (BMC Racing) 35 Sekonnen ofgeholl an och déi aner Titelaspirante wäit hannert sech gelooss. Fir de Kolumbianer Nairo Quintana (Movistar), dee mam Valverde säi wichtegste Coequipier verluer huet, war d’Zäifueren zu Düsseldorf ee schwaarzen Dag.

De spuenesche Veteran ass an der selwechter Kéier wéi den Tony Gallopin (Lotto) gefall, konnt awer am Géigesaz zum Fransous net méi opstoen. Hien huet sech bei senger Chute eng duebel Fraktur vun der lénker Knéischeif geholl. Domadder ass seng Saison hei um Enn.

Am Reen

D’Chutten hunn géint dem Enn vun der Course zougeholl. Op der rutscheger Streck sinn d’Risken déi d’Coureure geholl hunn net ouni Folge bliwwen. Am beschten huet de Stefan Küng (BMC Racing) d’Wiederkonditioune gemeeschtert an huet mat nëmme 5 Sekonne Retard denkbar knapp de gielen Trikot verpasst.

Och dem Favorit vum Dag, dem däitschen Tony Martin (Katusha) huet dat däregt Wieder net gehollef. De Weltmeeschter an der Disziplin huet sech zum Schluss mat der 4. Plaz zefridde ginn, 8 Sekonnen hannert dem Thomas. De Reen, vun der Meteo ugekënnegt, huet dann och manner Zuschauer bei d’Streck gelackelt.

De Schëfflenger Ben Gastauer, eenzege Lëtzebuerger bei der Tour de France 2017 kënnt ënnert dëse Wiederkonditiounen da mat engem Retard vun iwwert enger Minutt, op déi 119. Plaz am Generalklassement. Ganz onzefridden dierft hien awer domadder net sinn. Zäitfueren ass och elo net seng Spezialitéit an hie kéint schonn haut op der zweeter Etapp vun Düsseldorf op Léck Plaze guttmaachen.

Klassement (eenzel)

1. Geraint Thomas (Team Sky) gielen a gréngen Trikot

2. Stefan Küng (BMC Racing) wäissen Trikot

3. Vasil Kirylenka (Team Sky)

4. Tony Martin (Katusha)

5. Matteo Trentin ( Quick-Step)

6. Chris Froome (Team Sky)

7. Jos van Emden (Lotto NL)

8. Michal Kwiatkowski (Team Sky)

9. Marcel Kittel ( Quick-Step)

10. Edvald Boasson Hagen (Dimension Data)

119. Ben Gasutauer (Ag2R)

Klassement (Equippen)

1. Team Sky

2. Quick-Step

3. Sunweb

4. Lotto NL

5. Katusha

6. BMC Racing

7. Movistar

8. BORA

9. Orica

10. Astana

mam Jeam Montois/AFP

Foto: De Gallier Geraint Thomas konzentréiert sech op de Start a weess zu deem Ament nach net dat hie mat zwee Trikoten (Giel a Gréng) sollt owes an d’Bett goen. (© Lionel Bonaventure/AFP)

Related topics Frankräich, Sport, Tour de France
Next post Previous post