Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)
Fail Neiegkeeten

dating antique nuts and bolts

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

speed dating zuerich
Fail Neiegkeeten

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?

Editorial: Ofgeschiermt
Fail Neiegkeeten

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint

dislike

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten Destinatioune fir Reesen. Si all kommen op iwwert 400 Milliounen Iwwernuechtungen am Joer 2017. Dëst gëtt Eurostat an enger Pressematdeelung bekannt. Iwwerall an Europa klammen d’Zuelen – Just zu Lëtzebuerg net, wou et e Réckgang vun engem ganze Prozentpunkt vis a vis vum Joer 2016 gëtt.

D’Lëscht mat de gréisste Gewënner kann sech gesi loossen: Lettland (+12,0%), Slowenien (11,3%) a Kroatien (10,6%) waren dat lescht Joer wiesentlech méi gefrot. Mee och Portugal (8,0%), d’Tschechesch Republik (7,7%) an Zypern (7,3%) dierfe sech freeën

D’Zuele gi bei de jeeweilegen Organer vun de Länner gesammelt. Dobäi ginn d’Zuele vun den éischten 10 Méint extrapoléiert. Vue datt et bei Lëtzebuerg deen Ament nëmmen un 28.000 Iwwernuechtunge feelt, fir stabil kënnen ze sinn, besteet also nach eng kleng Hoffnung. Ausserdeem gëtt an den nächste Joren och nach gutt investéiert: 60 Milliounen Euro sollen do bis 2022 fléissen.

Ähnlech Sujeten Europa, Lëtzebuerg, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel