Search

You may also like

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?
Neiegkeeten

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?

OP d‘Fro déi um Site www.smartwielen.lu un d‘Parteien an d‘Kandidate

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf
Neiegkeeten

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL huet säi Fonctionnement beim Verkaf vun

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer

Wann d‘Konditioune stëmmen an d‘Vertraue berechtegt ass, muss et jo net verkéiert sinn

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer

Wéi se net do waren, hunn d‘Masken näischt genotzt, elo huet der genuch a si si Flicht. Mat enger Tracing-App ass de Premier net frou, mee déi gouf och nach net. Hien ass fir eng Léisung op EU-Niveau, wat eis ze denke sollt ginn. Elo huet déi national Ethikkommissioun och net méi wierklech Bedenken, mee et misst alles op enger fräiwëlleger Basis berouen.

Elo ass et „amtlech“ déi national Ethikkommissioun (CNE) huet hiren Avis zur Notzung vun enger Tracing-App verëffentlecht. Si stellen an hirem Avis aleedend Fest, dat de Covid19 eng Bedreeung fir déi ëffentlech Gesondheet duerstellt, an dat sech d‘Länner eent nom aneren, fir „besonnesch“ Moossnamen entscheet hunn, déi awer net Géigestand vun dësem Avis wieren, och wa wëll gewosst sinn, datt déi agesate „Mëttel“ groussen Zousproch bei der Bevëlkerung géife fannen.

Dorausser ergëtt sech, dat fir den CNE datt een den Asaz vun enger „digitaler Verfolgung“ misst berécksiichtegen. Dat natierlech ënnert gewësse Konditiounen. Resuméiert kann ee festhalen, datt d‘Ethikkommissioun eng Tracing-App duerchaus als ee probat Mëttel gesäit, mat deem een déi sougenannten „Iwwerdroungsketten“ ënnerbrieche kann. Si leeën awer och ee grousse Wäert drop ze betounen, datt all Mesure déi d‘Regierung ergräife géif, gewësse Konditiounen erfëlle muss.

„Den Tracing muss fräiwëlleg, transparent, minimalistesch an zäitlech begrenzt sinn, wéi och ee kloert definéiert Zil hunn“, esou déi fräi Iwwersetzung vun der CNE-Erklärung. Si ginn, an dat ass begréissenswäert nach ee ganze Schratt méi wäit a betounen, datt „de System muss sécherstellen, datt den Notzer seng Decisioun no beschtem Wëssen a Gewësse muss treffe kënnen. De Bierger muss och d‘Recht hunn, zu all Ament seng Decisioun ze revidéieren, an d‘Date läschen dierfen“.

Et brauch ee Gesetz

Wann se bei der CNE och vill Versteesdemech fir den Asaz vun neien Technologien am Sënn vun der Verfolgung an der Verhënnerung vun der Verbreedung vum Covis19 hunn, esou gëtt et hei awer och eng Ausso, déi ee Gesetz quasi onëmgänglech mécht. „Keng Persoun, Organisatioun an/oder Entreprise kritt d‘Recht seng Offer, Servicer, Beschäftegung oder soss Déngschtleeschtungen un d‘Konditioun vun der Notzung vun enger Tracing-App ze bannen“, ënnersträicht den CNE.

Gefuerdert gëtt, an do schéngen se sech dem Avis vun der Piratepartei, déi jo no eppes hin an hir eng Motioun zur Gesetzgebung duerchgesat kritt huet, datt den Tracing zäitlech muss begrenzt an eng automatesch Desaktivatioun muss integréiert sinn. Eng „Verlängerung“ dierft nëmme mat der Zoustëmmung vum Notzer méiglech sinn. Zudeem misst d‘Confidentialitéit geséchert sinn an en externe Comité, bestoend aus Informatiker, der Santé, dem Dateschutz an der Ethik, dat begleeden.

An nach esou Eppes, wat säitens dem Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) opgeworf gouf, huet den CNE mat vill Wäitsiicht zeréckbehalen: wat de konkreten Asaz vun enger méiglecher Tracing-App betrëfft, esou muss d‘Geolokalisatioun ausgeschloss ginn, well do den Abus quasi virprogramméiert wier. Tracing via Bluetooth, wier dogéint eng Piste déi een envisagéiere kéint. Generell hält den CNE nach fest, datt dësen Tracing manner invasiv wier wéi deen analogen.

Illustratioun: © Markus Winkler / unsplash

Related topics Avis, CNE, Covid19, Gesetz, National Ethikkommissioun, Tracing-App
Next post Previous post