Search

You may also like

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
Neiegkeeten

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck
Neiegkeeten

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun
Neiegkeeten

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun

Iwwer 5 Deeg huet sech déi grouss Auktioun ëm d’5G-Frequenze

An der Theorie gëtt d’Tracing-App akzeptéiert

An der Theorie gëtt d’Tracing-App akzeptéiert

Vum 10. Juli bis den 10. August huet APPRECIATE eng Etüd duerchgefouert, bäi där een erausfanne wollt, ob de Lëtzebuerger Resident gewollt wier eng Tracing-App ze installéiere, wa se existéiere géif. Méi wéi een Drëttel vun de Befroten géif dësen Outil sécher eroflueden, virun allem aus Responsabilitéit géigeniwwer der Gemeinschaft a fir Famill a Frënn ze schützen. Op der Géigesäit ginn d’Iwwerwaachung, d’Auto-Isolatioun an d’Méiglechkeet gehackt ze ginn gefaart.

De manuellen Tracing huet seng Grenzen: Déi infizéiert Persoun muss sech un d’Kontakter erënnere kënnen an och op der Säit vun der Santé musse genuch Mataarbechter zur Verfügung stoen, fir schnell an effikass all Kontakter ze benoriichtegen. Esou eng Tracing-App kéint also nëtzlech sinn, wouduerch dës Enquête organiséiert ginn ass. Ganzer 1.300 Residenten hunn deelgeholl, 730 Questionnaire si komplett ausgefëllt ginn.

Eent sief awer direkt kloer gestallt, an dat huet een och bei dëser Etüd missen zouginn: An aneren europäesche Länner war de Support wärend der Befroung héich, wärend am Endeffekt just wéineg Persounen den Outil installéiert hunn. Als Beispill dofir hunn an der Theorie 45% vun de Befroten a Groussbritannien an a Frankräich uginn, d’App ze installéieren. An der Praxis waren et schliisslech just nach 34% (UK), respektiv 5% (FR). An Däitschland läit ee bei 27%, an Italien bei 18% vu Persounen, déi hiren Handy als Tracing-Apparat zur Verfügung stellen. Tëscht „soen“ a „maachen“ läit also e grousse Sputt, wouduerch d’Resultater vun dëser nationaler Enquête virsiichteg interpretéiert sollte ginn.

Tracing-App: Jo oder nee, a wisou?

Vun alle Befrote géifen 38% d’App sécher installéieren, 34% géife wahrscheinlech matzéien. 13% géifen d’App wahrscheinlech net eroflueden, wärend 11% sech sécher sinn et net ze maachen. Gesäit also op den éischte Bléck esou aus, wéi wann d’Tracing-App akzeptéiert gëtt. Géifen dës zesummegerechent 72% d’Applikatioun tatsächlech eroflueden, wier se souguer wierksam. Laut enger Etüd vun der University of Oxford missten nämlech op mannst 60% vun der Bevëlkerung d’Uwendung fräiwëlleg eroflueden an notzen, fir datt se hiren Zweck erfëllt.

Tracing-App

Kuckt een d’Grënn, déi fir eng Installatioun schwätzen, esou verspiere 77,3% vun de Befroten d’Motivatioun fir der Gemeinschaft géigeniwwer responsabel ze handelen. Ma, 74,7% wëllen hir Famill a Frënn schützen a 54,1% géifen et gutt fannen ze wëssen, datt de Risiko vun enger Infektioun héich ass. Datt d’App d’Epidemie souguer stoppe kéint denken 49,9%.

Tracing-App

Op der Säit vun deene Persoun, déi d’App net erofluede géifen, hunn 43,4% Angscht iwwerwaacht ze ginn. Gläichzäiteg fäerten 39,9% eng obligatoresch Auto-Isolatioun ouni legitimme Grond. En ähnleche Prozentsaz weist drop hin, datt d’Angscht gehackt ze ginn grouss ass. Ma, 24,2% vun de Befroten weise sech besuergt, datt d’Regierung d’Date kritt. Fir ze schmunzelen ass dann, datt 1,9% uginn hunn, datt si sech souwisou net infizéieren an eng App dofir net noutwenneg ass.

Tracing-App

Alles op fräiwëlleger Basis

A Saachen Tracing-App ginn et an Europa 2 verschidde Systemer: Bei der zentraliséierter App sammelt een zentrale Server déi anonym Notzer a mécht d’Verbindung tëscht infizéierte Persounen an hire Kontakter. D’Santé kann op de Reseau zougräifen.

Bei der dezentraliséierter Applikatioun lafen d’Berechnungen iwwert den Handy. Am Fall vun enger Infektioun schéckt den Notzer seng ID un de Server. D’Préiwung vun de Kontakter leeft lokal of.

Bei der Etüd hunn 18% uginn, datt si eng dezentraliséiert App sécher installéiere géifen, wärend 38% et wahrscheinlech maachen. 42% si fir eng zentraliséiert App (12% sécher, 30% wahrscheinlech). Droleg dobäi ass, datt wa keng technesch Froe gestallt ginn, ganzer 72% d’App erofluede wéilten.

Tracing-App

Elo kënnt nach d’Fro op, ob d’Applikatioun fräiwëlleg erofgelueden oder schonn automatesch virinstalléiert sollt sinn. Ma, 64% si fir Éischtes, 36% fir déi aner Variant.

Wat geschitt no der Epidemie?

Op dës Fro hu 65% geäntwert, datt d’Donnéeën anonym musse sinn an d’Zuele de Wëssenschaftler zur Verfügung solle gestallt ginn, sou datt ee sech op zukünfteg Epidemie virbereede kann. Wéinst dem Schutz vum Privatliewen, fuerderen 34%, datt d’Date geläscht ginn.

An der Theorie stéisst d’Tracing-App also op Ënnerstëtzung. Dobäi soll si op fräiwëlleger Basis installéiert, an d’Daten lokal um Handy, amplaz op engem zentrale Server, gesammelt ginn.

Den detailléierte Rapport fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Mika Baumeister / Unsplash

Related topics Akzeptanz, Applikatioun, APPRECIATE, Dateschutz, dezentral, Ëmfro, Enquête, Infektioun, Isolatioun, Iwwerwaachung, Notzen, Responsabilitéit, Statec, Tracing-App, zentral
Next post Previous post