Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Der STATEC hire Bléck op d‘Solden
International Neiegkeeten

Der STATEC hire Bléck op d‘Solden

De Verbraucherpräisindex ass am Juli géintiwwer dem Juni ëm 0,5%

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?

Zënter Dezember 2017 huet eis Stad erëm en Tram. Mee

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
International Neiegkeeten

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…

Weltwäit gëtt d‘Applikatioun fir Smartphonen, déi sougenannten Tracing-App an iwwer 40 Länner scho flächendeckend agesat, aner Länner bastelen nach drun… Nodeems dann elo déi national Ethikkommissioun hiren Avis dozou ofginn huet, de Premierminister nach ëmmer eng europäesch Léisung privilegiéiert, sollt een emol kucke wat wien wou a wéi asetzt.

Déi aner Säit der Musel

An Däitschland sollt dem Gesondheetsminister Jens Spahn seng Tracing-App scho fir Ouschteren un de Start goen, mee et gouf sech laang an inhaltlech mam Dateschutz befaasst, bis sech d‘Angela Merkel en Häerz gefaasst huet an ageschratt ass. D‘Bundeskanzlerin huet de Grondgedanke vun der Piratepartei opgegraff an de Modell vun der dezentraler Späicherung duerchgesat.

Mat den éischten Entwërf sinn dann awer och déi éischt Problemer zum Virschäi komm. Esou huet d‘Applikatioun misse stänneg aktivéiert sinn an och mat der Ofstandsbemiessung huet et net geklappt. Deels konnten aner Applikatiounen net parallel genotzt ginn. Ee weider Problem war den héijen Energieverbrauch. Vill Akkuen si bei der Uwennung séier un hir Grenze gestouss.

Dat alles schéngt awer elo geléist ze sinn, an d‘Tracing-App kéint scho méiglecherweis an den nächste véierzéng Deeg un de Start goen. Déi däitsch App ass – esou wéi dat och vun eiser CNE gefuerdert gëtt – keng Flicht, mee berout um Prinzip vun der Fräiwëllegkeet. Laut den Experte muss déi awer vu ronn 60% vun der Bevëlkerung genotzt gi fir zweckméisseg ze sinn.

Entwéckelt ginn ass d‘Applikatioun vun SAP an Telekom, déi den Optrag vun der Bundesregierung dofir erhalen hunn. Et ass eng sougenannten „open source“ baséiert App, dat heescht datt de Quellcode ëffentlech ass. Dee ass dann och op der Plattform „GitHub“ verëffentlecht ginn. Eng 65.000 Software-Experten hätten sech bedeelegt a Verbesserungsvirschléi agereecht.

Mee och eis franséisch Noperen

Och am Frankräich ass no laangen hin an hir, déi lescht Woch an der Nationalversammlung an am Senat, no eppes „béien a briechen“, zur Zoustëmmung fir d‘Aféierung vun der App „StopCovid“ komm. Fir de Public ass déi zanter leschtem Dënschdeg zougänglech. Och de Fransousen hir App baséiert op der Bluetooth-Technik. D‘Tracing-App erfaasst wéi eng Handyen sech no komm sinn.

Sollt een sech nieft mam Covid19 infizéierte Persounen opgehalen hunn, gëtt den Notzer iwwert dëse Wee informéiert. Dës „Warnung“ ass allerdéngs anonymiséiert, et léisst sech also net erkenne wien infizéiert ass. Natierlech war och zu Paräis d‘Suerg ëm den Dateschutz grouss, eng vun de Viraussetzunge Vertrauen ze schafen, an och d‘Uwennung ass selbstverständlech fräiwëlleg.

Anescht wéi hir däitsch Kolleegen ass sech awer net fir eng dezentral Späicherung vun den Daten entscheet ginn. D‘Benotze vun engem zentrale Späicher suergt allerdéngs fir entspriechend Skepsis bei den Experten, Dateschützer an esou och an den Oppositiounsreien. Fir déi rietsextrem Marine Le Pen (Rassemblement National RN) soll d‘App vum Versoe vun der Krisegestioun oflenken.

Ee vun de Problemer bei dëser App (nieft dem zentrale Späicher) besteet awer och doranner, datt d‘Uwennung net vun de Schnëttstellen ënnerstëtzt gëtt, déi Apple a Google fir esou Applikatioune rezent bereetgestallt hunn, firwat si net kann am Hannergrond lafen. An awer sinn engem Sondage no zweedrëttel vun eisen Nopere fir d‘App. Note: 23% vun de Fransousen hu keen Handy.

D‘Brite wëlle mee kënnen net

A Groussbritannien, wou jo elo all Voyageur deen sech d‘Insel aus touristeschen oder geschäftleche Grënn wëll undoen, muss 14 Deeg a Quarantaine goen, gëtt d‘Tracing-App vum der stattlecher Gesondheetsverwaltung NHS geréiert an déi huet sech mam renomméierte Schwäizer Technologie- a Softwareentwéckler Zühlke zesummegedoen. Säit dem 5. Mee leeft den Test op der Isle of Wight.

Eng vun de groussen Erausfuerderungen deenen sech déi britesch App ze stellen huet, ass déi immens Bandbreet vu Smartphonen déi et a Groussbritannien gëtt. Leit mat „eelere“ (ab dräi Joer) Modeller hunn zolidd Schwieregkeeten. D‘Entwécklung ass einfach nach net wäit genuch, an et freet sech wéini se da soll kënnen agesat ginn. Schliisslech soll se verflichtend ginn.

Wat d‘Kritik zur zentraler Späicherung betrëfft, esou ass dëse Message gehéiert ginn. An dësem Sënn huet d‘NHS en zweeten Optrag fir eng App mat dezentraler Späicherung erausginn. Et ass folgerichteg nach guer net gewosst wéi eng App schlussendlech wäert genotzt ginn. Och hei sinn sech d‘Experten eens, datt mindestens zweedrëttel vun de Leit se notze musse wa se hëllefe soll,

Déi italienesch Variant

Italien, eent vun den europäesche Länner dat mat am stäerkste vun der Covid19-Pandemie betraff ass, huet hir Tracing-App „Immuni“ genannt. Si ass vun der Mailänner Start-up Bending Spoons a Kooperatioun mam italienesche Gesondheetsministère entwéckelt ginn. D‘Italiener sinn a Saachen Dateschutz nach en eppes anere Wee gaange wéi déi wou grad beschriwwe goufen.

Hei ass de System esou gewielt ginn, datt d‘App nëmmen nom genaue Wunnuert freet an dann en Zoufallscode generéiert, dee sech ee puermol an der Stonn ännert. Dëse Code enthält keng Informatiounen zum Apparat oder sengem Besëtzer. Kommen sech zwee Handyen ze no (2 Meter) a sinn se iwwer 15 Minutte beienaner, tauschen si dës Coden iwwert Bluetooth aus.

Dës Tracing-App notéiert awer nëmmen d‘Treffen u sech, ouni Standuert an/oder Identitéit vun enger bedeelegter Partei ze divulgéieren. Och an Italien ass d‘App fräiwëlleg. Déi positiv op Covid19 geteste Persounen entscheede selwer op si dës Zoufallscode wëlle fräi ginn. Eréischt dann ginn d‘Daten op en zentrale Rechner gelueden a mat allen aneren Notzer gedeelt.

Huet et bannent de leschte véierzéng Deeg en „Treffe“ ginn, gëtt den Notzer gewarnt a gebueden sech mam Hausdokter an/oder de Gesondheetsdéngschter a Verbindung ze setzen. Note: am zentrale Rechner ginn nëmmen d‘Zuel an den Zäitpunkt vun de Warnunge gespäichert, net awer déi zoufälleg Code vun de gesonde Persounen. Och an Italien ass Dateschutz nu emol wichteg.

D‘App kann zanter dem 1. Juni erofgeluede ginn an si soll ab nächster Woch, no an no an alle Regiounen aktivéiert ginn. Natierlech gëtt och fir d‘App „Immuni“ d‘Reegel vun de 60%, firwat d‘Regierung vill Reklamm fir d‘Tracing-App mécht. Diversen Ëmfroen no, wier awer d‘Vertraue grouss, firwat si zu Roum dann och zouversiichtlech sinn, déi néideg Akzeptanz ze hunn.

Fazit

Wéi ee gesäit, ganz esou einfach ass dat mat der Tracing bannent der EU net, a wann een emol vun de Britten ofgesäit, déi jo souwisou net méi zur Famill gehéieren, kann ee getréischt dovunner ausgoen, datt et nach net fir esoubal ass, datt eis eng europäesch Tracing-App op de Kapp fält. De Premierminister Xavier Bettel, deen sech awer beschtefalls op eng EU-App kéint verstännegen, well hie selwer eigentlech keng esou eng Applikatioun wëll, kann also entspanen.

Anersäits bleift et awer wichteg, sech am Virfeld vun enger méiglecher EU-Tracing-App op alles Virzebereeden, firwat, esou wéi vun de Pirate virgeschloen a mat enger vun der Chamber bestätegter Motioun, muss legiferéiert ginn. Et brauch Normen déi gesetzlech gereegelt sinn, fir sech net eppes opzwéngen ze loossen, wat vun de Bierger kategoresch ofgeleent gëtt.

mat indymedia/ber/par/lon/mil

Ähnlech Sujeten Avis, CNE, Covid19, Däitschland, Europa, Frankräich, Gesetz, Groussbritannien, Italien, National Ethikkommissioun, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel