Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!

Wat eng sportlech Leeschtung! Um 29. Mee 1953 hunn den

Internationalen Dag vum Multilateralismus
Meenung Neiegkeeten

Internationalen Dag vum Multilateralismus

Ob Aluedung vun der schwedescher Ministesch fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Ann

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus
Meenung Neiegkeeten

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus

D’CSV hëlt zur Kenntnis, datt zënter haut Infektioune mam neiaartege

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert

(D‘Wuert zum Sonndeg)

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert

Nach ee Freideg hat de Premierminister Xavier Bettel däitlech gemaach, datt hien eng Applikatioun, unhand därer sech „mam Covid10 infizéiert Mënsche lokaliséiere loossen an déi aner warnen“ net géifen a Fro kommen – et sief dann seng Doktesch-Ekipp géif et him plausibel erklären an noleeën. D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat nach bäigefüügt, datt et fir esou eng Moossnam, wéi an Israel a Singapur geholl goufen, keng rechtlech Grondlag gëtt an den Dateschutz bei eis am Land net ausgehielegt gëtt.

Wat si an der Pressekonferenz net gesot hunn, ass datt fir eppes iwwert eist Verhalen, oder dem anhale vum Slogan „Bleift Doheem!“ gewuer ginn, si streng technesch gesinn, nach net emol hir Servicer oder d‘Operateure beméie mussen… nee haut ginn dës Informatioune ganz ëffentlech duerch d‘Netz gejot. Google, déi beschten „Informatiounsquell aller Zäiten“ huet alles ganz gutt an iwwersiichtlech parat. An et gëtt bestänneg aktualiséiert.

Elo muss een allerdéngs och derzou soen, si maachen dat fir vill Länner, a wat hei nach ze berécksiichtege wier, fir all déi wou dat net alles schonn ugeklickt hunn, dat elo ze notze fir ee seriéise Verglach vun eisem an engem anere Land ze maachen, setzt viraus, datt ee berécksiichtegt, datt d‘Reegele vum Confinement iwwerall ënnerschiddlech interpretéiert ginn. Fir de CGDIS beispillsweis, ass et esou méiglech liicht an ouni engem an de Slip ze kucken, festzestellen wou si hir Truppen opstellen, a villes méi.

Google

© NESA by Makers / Unsplash

Déi iwwer Google-maps zesummegedroen Daten – gëllt fir all déi wou den Historique vun der Geolokalisatioun aktivéiert gelooss hunn – sinn US-Experten no zimmlech zouverlässeg. A well haut all Geschäft connectéiert ass, wëssen se am Silicon Valley zu all Ament wien sech grad wou ophält. Dat natierlech 100% anonymiséiert an Dateschutzkonform. Also fir eis emol, esou dat wat mir derzou soe kënnen. Eng Tracing-App déi kee wëll a faktesch net gebraucht sollte mir eis also net erwaarden, och wann et do nees droleg Beispiller gëtt.

Esou huet den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz elo genee dat an Erwägung gezunn. A laut de Kolleege vum ORF Folgendes zum Ausdrock bruecht: „Handydaten wäerte wuel och hei am Land eng gewiichteg Roll Spillen. Mam Wëllen, d‘Land a Riichtunge‚nei Normalitéit‘ ze féiere wier d‘Notzung vu modernen Technologien ee ‚ganz weesentleche Schlëssel“. Gutt elo kéint een dann als gudde Lëtzebuerger soe, wat interesséiert mech wat déi an hire Bierger dreiwen? Ma dëse faméise Schlëssel vun deem do rieds ass, esou een huet d‘Rout Kräiz.

Google

Dat éisträichescht Rout-Kräiz huet eng, wéi d‘Jugend géif soen „déck fett krass mega App“ an den Numm war séier fonnt: “Stopp Corona“. Natierlech nëmmen op fräiwëlleger Basis an zäitlech befrist… blabla. A wann eis bockeleg éisträichesch Famill esou een digitalen Tool huet, dann ass dësen net vum Himmel gefall.  Ass awer och egal, bei esou engem weltwäit beschtens organiséiertem Netzwierk léisst dat awer de Schluss zou, datt se bekannt ass.

Wann een also dierf dovunner ausgoen, datt d‘Rout Kräiz hei zu Lëtzebuerg vun der App wousst, da wousst dank der Groussherzogin Maria Teresa – si ass do ëmmer ganz gutt informéiert – jo awer och de Groussherzog Henri dovunner, an deen hätt dat bestëmmt dem Premier gesot. Gutt de Wee dierft weesentlech méi kuerz gewiescht sinn… Sinn hunn also d‘Kaarten alt erëm net ganz op den Dësch geluecht. Mee gutt et ass jo esou gesi bis op Weideres ausgeschloss, a well d‘Paulette Lenert bis heihinner och gemaach wat si gesot huet, sollte mir eis keng Suerge maachen.

Illustratioun: © Edho Pratama / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Dateschutz, Iwwerwaachung, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel