Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden
Neiegkeeten

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden

An der Ministerronn um Mëttwoch, huet d‘GroKo de Verbuet vun

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen
Neiegkeeten

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Op mannst bei 40 bis 80 Dollar soll bis 2020

Fundéiert Argumenter dierfen net ignoréiert ginn

Eigentlech wëll d‘Regierung keng Tracing-App imposéieren, mee et géif ee sech no Bréissel riichten

Fundéiert Argumenter dierfen net ignoréiert ginn

Datt am Kontext vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, och an Europa ganz haart iwwert den Asaz vun enger sougenannten Tracing-App nogeduecht gëtt – dat hätt jo an Asien ganz wichteg Informatioune geliwwert – ass net nei. Do wou et se an der europäescher Unioun scho gëtt, ass d‘Benotzung (nach) fräiwëlleg. Dat muss awer net esou bleiwen an dat ass bedreelech.

Och zu Lëtzebuerg gëtt a Regierungskreesser schonn iwwert d‘Funktionalitéit an den Notze vun esou enger App nogeduecht. Woubäi bis ewell, an de Premierminister huet dat e Freideg an der Plenière vun der Chamber och nach emol betount, dës Regierung esou eppes eigentlech formell ofleent. Zu dësem Sujet huet et dann och zwou Motioune ginn, eng geet elo an d‘Kommissioun.

Tracing

D‘ADR wollt mat hirer Motioun, datt d‘Regierung zu Bréissel ouni grousst Gedeessems den anere 26 Länner direkt vun Ufank un matdeelt, datt se dëse Gedanke guer net brauche virzedroen, well mat de Lëtzebuerger wier dësen Agrëff an déi perséinlech a vun der Verfassung (nach) geschützte Rechter net ze maachen. Dat konnt de Premier esou net unhuelen, an d‘Motioun gouf ofgewisen.

Hei koum dann och zu engem verbalen Austausch, dee ganz interessant war, well de Premier dann awer eppes an d‘Laberente geroden ass. Hien huet dem ADR-Deputéierten erkläert, datt een net de Nol zu Bréissel kéint aklappen, esoulaang engem net emol d‘Briet géif entgéintgehale ginn. An da misst ee jo bedenken, datt wann der 26 dat wéilten, een sech net als eenzegen deem verwiere kann.

Besser formuléiert a méi flexibel

Den Thema „Dateschutz & Perséinlechkeetsrechter“ ass – dat weess all Kand – d‘Spillwiss vun de Piraten, an och si hunn eng Motioun zu dësem Punkt agereecht. Entschidde knapp formuléiert, huet déi d‘Sympathie vum Xavier Bettel kritt. Eigentlech sollt zwar awer nach ofgestëmmt ginn, mee beim Vott wier se aus de Schong gefuer, an den Deputéierte Sven Clement hat et zäiteg erkannt…

Gewëtzt wéi hien ass, hat hien de Spriecher vun de Parteie gutt nogelauschtert, a war séier zum Schluss komm, datt déi kleng Remark vum Premier fir eng gewëssen Diskussiounsbereetschaft bei de Parteie gesuergt huet. Wëll de Deputéierte vun der „politescher Sensibilitéit“ dat lescht Wuert hat, huet hien net méi missen op de Vott bestoen, firwat déi elo an der Justizkommissioun lant.

Tracing

Eng sougenannt „dezentraliséiert“ App verstoppt sech hannert dem Projet DP3T (Decentralized Privacy-Preserving Proximity Tracing) deen de Piraten den Ament als Alternativ virschwieft. Net datt si déi elo wéilten iwwerhuelen, mee et sollt een sech dëse Projet an der Justizkommissioun op d‘Long zéien.

Elo verhält et sech dann och nach esou, datt de jonken a ganz engagéierte Politiker, längst weess, wéi d‘Politik sech wennt an dréint fir de Leit eppes ze imposéieren, dat hinnen oft méi schued wéi Guddes bréngt. Hie muss et wuel net betounen, mee de Sven Clement weess, datt wann sech d‘EU-Inneminister an uschléissend d‘EU-Staats- a Regierungscheffen eens sinn, dann ass d‘Bëtschel fett.

Natierlech wier et och de Piraten am léifsten, wann – wéi vun der ADR gefuerdert – eng kloer Positioun géif bezu ginn, mee als politeschen Zwerg, muss ee mat deene Waffe kämpfen déi engem zur Verfügung stinn. An am digitale Beräich kënnen d‘Bope vun, deenen sech als Systemrelevant betruechtende Parteien, net mathalen. Dat mécht se dann och esou geféierlech, mee et gëtt Weeër.

Diplomateschen Drock aus der zweeter Rei

A wann et do Saache gëtt, déi sech net verhënnere loossen, well Krisenzäiten och eng Opportunitéit sinn fir de Bierger hir Grondrechter ze beschränken, oder wéi hei mat enger Tracing-App: direkt a konsequent mat Féiss ze trëppelen, da muss ee Frou sinn, datt et endlech Deputéierter gëtt, fir dat Wuert „Nerd“ weder eng Beleidegung nach eng ofwäertend Konnotatioun huet. Gutt fir d‘Bierger.

Fir de Sven Clement ass dat fundamentaalt Zil, ze verhënneren datt dem Bierger esou eng App per Gesetz/Reglement opgezwonge gëtt. Dat ass net liicht ze erreechen, well et genuch Mënsche gëtt, déi hir individuell Fräiheeten éischter selwer beschneiden. Et gëtt der wierklech – an et sinn net déi mannst – déi selwer no esou enger App jäizen. An dëse Constat ass éischter erschreckend…

Tracing

Wann et da sollt onëmgänglech ginn sech esou een digitale „Gielemännchen“ fräiwëlleg mussen op den Handy ze luede wann ee positiv op de Covid19 getest ginn ass, dann dierf dëse „Suivi“ net via zentraliséiert Server gemaach ginn. Och da mussen déi perséinlech Fräiheete geschützt bleiwen, fir datt et net zur Stigmatiséierung – wéi dat bei HIV de Fall war an deels nach ass – komme kann.

An dësem Sënn huet de Deputéierte vun der Piratepartei en oppene Bréif un den Direkter vun der APSI Asbl geriicht. An dësem erkläert de Sven Clement, datt him bei der Recherche zu de „Protokoller“ déi dem „Contact Tracing“ inherent sinn, dës Asbl sech dem Projet „PEPP-PT“ (Pan-European Privacy Preserving Proximity Tracing) ugeschloss huet. Dat géif d‘Privatsphär schützen.

Et muss kloer a verständlech sinn

De Sven Clement schléisst sech dann emol virsiichteg der Hypothees un, datt mat dësem Programm esouwuel d‘Privatsphär wéi och d‘Grondrechter vun de Bierger geschützt sinn an et och bleiwen, firwat hien, an esou och d‘Piratepartei, sech Léisungen, déi en „Exit-Covid19“ erméiglechen och net verschléisse wëll. Elo sollt de Projet längst virleien, wat leider nach net de Fall ze si schéngt.

Als „bedenklech“ gesäit den Deputéierten dann och d‘Decisioun vun der EPFL (CH) an der ETH-Zürech, wéi leider der CISPA (Saarbrécken), sech aus dësem Projet nees erausgezunn ze hunn. Si, dat kann een esou behaapten, sinn d‘Profien a wann déi am Bezuch op Transparenz wäit méi wéi nëmme Bedenken hunn, da läit d‘Kromm an der Heck. Et entzitt dem Projet d‘Kredibilitéit.

TracingDat heescht an der Konsequenz, datt sech den Direkter vun der APSI et vläicht nach emol op der Zong zergoe loossen an sech eventuell mat de genannten Acteure kuerzschléisse sollt, fir dären Argumenter kënneg ze ginn, déi zu dësem geuerdente Réckzuch gefouert hunn. Sinn dës stëmmeg, misst och hien déi eenzeg valabel Decisioun huelen, an nach emol d‘Affiliatioun iwwerdenken.

Mat eise perséinlechen Daten ass et wéi mam Iessen: „Domadder spillt een net!“. Déi Propos vun de Piraten, eng fräiwëlleg App fir de „Contact Tracing“ nëmmen dann unzebidden, wann d‘Daten exklusiv beim Benotzer um Handy/Tablett gespäichert ginn, ass sécher net dat gielt vum Ee, mee ugesiichts der Situatioun an der Hannerhältegkeet vun de Politik, ee méigleche Kompromëss…

Illustratioun: © Rob Hampson / unsplash

Ähnlech Sujeten Contact-Tracing, Coronavirus, Covid19, Piratepartei, Sven Clement, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel