Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf
Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an
Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15 Juni 7:00
Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio
Am hessesche Volksmarsen ass e Gefier an den Ëmzuch zu Rouseméindeg gerannt an huet Dosende Mënschen a Kanner iwwert de Koup gefuer. De Parquet zu Frankfurt huet géint de Chauffer eng Ermëttlung wéinst Doudschlag ageleet…
Et war kuerz no hallwer Dräi gëschter Mëtteg, wéi een 29 järegen Awunner vu Volksmarsen, mat sengem Mercedes-Kombi an ee Grupp Mënsche gerannt ass. Leschten Informatiounen no, goufen hei eng 30 Persounen deels ganz schwéier blesséiert. Ënnert den Affer befannen sech leider och vill Kanner. Bei dëser „Aktioun“ huet sech de vermuttlechen Täter, en däitsche Staatsbierger, verletzt.
Deen ass nach op der Plaz vun der Police verhaft ginn a soll, esoubal wéi säi Gesondheetszoustand et zouléisst, dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn. Bis dohinner huet de Parquet zu Frankfurt am Main ugekënnegt, an all Richtungen hin ze enquêtéieren. De Buergermeeschter vum 6.500 Awunner Stiedchen, Hartmut Linnekugel, konnt seng Gedanke laang net a Wierder faassen.
„Mir sinn all Betraff, all schockéiert!“, esou den Hartmut Linnekugel, dee confirméiert huet, datt am Stadhaus ee Krisenzenter ageriicht ginn ass. Geeschtlecher a Poliziste sollen nach haut den Owend op der Plaz bleiwen, fir allen déi et wëllen, zur Säit ze stoen. Hei kréie betraffe Persounen a Familljemembere geséchert Informatiounen an Ënnerstëtzung, esou déi hessesch Policedirektioun.
No dësem trageschen Evenement sinn all d‘Kavalkaden am Bundesland Hessen ofgesot an/oder ofgebrach ginn. Eng „Sécherheetsmoossnam“ déi sech net evitéiere gelooss huet, esou e Spriecher. Wéi vill Ëmzich betraff waren a wéi et fir haut Dënschdeg – dem leschten Dag vun der däitscher Fuesent – ausgesäit, konnt bis d‘Nuecht nach net entscheet ginn. Et geet ëm d‘Sécherheet…
mat indymedia/fra
Foto: Videomatschnëtt / © HR, Hessenschau