Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019
srpski dating app

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019

Leschte Samschdeg war nees den ING Marathon an der Stad.

dating med student
https://moien.lu/black-dating-for-free-app/
srpski dating app

hook up restaurant biloxi

Den Etienne Schneider (LSAP) an d‘Francine Closener (LSAP) waren um

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
srpski dating app

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

E Kommentar

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären no. Den Heiner Monheim huet am Interview beim Radio 100,7 gläich e puer Saache gesot, déi duerchaus interessant sinn. Zum engen war do d’Feststellung, datt Lëtzebuerg ëmmer nach en Auto-Land ass. Dat ass fir déi meescht wuel offensichtlech. Mee iwwerraschend ass d’Erwänung vun engem Tram-Train, deen zu Lëtzebuerg flächendeckend agesat soll ginn. Do kommen dach direkt Erënnerungen op.

En Tram-Train ass keen Allheelmëttlel. Mee op gewësse Plaze géif e Sënn maachen!

Well et ass deels nëmmen 60 Joer hier, datt den Zuch am Groussherzogtum nach ganz aner Destinatiounen ugefuer ass wéi haut. Dat ass virun allem am Norden an am Oste vum Land de Fall. Regiounen, déi vun engem besser regléierten ëffentlechen Transport nëmme profitéiere kéinten.

Virun allem Ettelbréck géif do opgewäert ginn, an deen Deel vun der Nordstad spillt elo schonn en enormen Deel am gesamten ëffentlechen Transport, op mannst bei dem, deen op Schinne baséiert. D’Nordstad kéint vu sou engem Tram-Zuch enorm profitéieren, virun allem, well ëmmer erëm dovunner geschwat gëtt, datt een d’Schinnen op Dikrech ofrappe kéint, fir doriwwer e Bus fueren ze loossen. Villäicht wier et éischter der wäert, hei op den Tram-Train ze setzen, zwee Arrêten bäi ze setzen (Ierpeldeng an Angelduerf)? Oder nach besser, d’Streck bis op Biissen gläich mat ze aktivéieren an domatter Schieren, Kolmer-Bierg an eben Biissen duerch e gemeinsamt Transport-Mëttel ze verbannen?

Leider gëtt esou eng Iddi gären als Spënnerei ofgedoen. Mee wien eng Kéier probéiert huet, an der Rush-Hours duerch d’Nordstad ze fueren, dee weess, datt spéitstens ab Ettelbréck oder Dikrech Schluss ass, well een dann am Stau steet – oft zesumme mat de sëlleche Bussen, déi op deenen Achsen ënnerwee sinn. E schinnegebonnenen ëffentlechen Transport (op existéierenden, separate Trassen en plus!) kéint hei wierklech hëllefen, fir de Verkéier innerhalb der Nordstad besser an de Grëff ze kréien.

Ähnlech Sujeten Dikrech, Ëffentlechen Transport, Ettelbréck, Lëtzebuerg, Nordstad, Tram, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel