Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
Cool LOL Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
Cool LOL Neiegkeeten

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

tonguesurprise
Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn
Cool LOL Neiegkeeten

Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn

Op een elo kéint behaapten et wier dee klengste Festival,

coollaughing

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?

D'Piratepartei üübt Kritik um neie Mobilitéits-Projet

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?

Während den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) säi Projet vum séieren Tram an de Süden dëser Deeg an de Gemenge virstellt, gëtt elo och Kritik haart. An enger Pressematdeelung sinn et elo d’Piraten, déi sech net mat dëser Iddi kënnen ufrënnen. A Plaz dovunner setzt sech d’Piratepartei fir eng Express-Streck fir op Esch an, déi keng nei Schinne géif brauchen.

Den Haaptpunkt vun der Kritik besteet dorausser, dass Luxtram géing Loundumping bedreiwen. Domat stinn d’Pirate bei wäitem net eleng do: Souwuel d’Gewerkschaften OGBL an FNCCTFEL, wéi och déi lénk gesinn dëst esou. Do gëtt och vun 13 Stonnen obligatorescher Präsenz vun de Chauffeure geschwat. Den André Von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram, huet awer um Radio 100,7 betount, datt d’Chauffeure ganz normal hir 8 Stonnen den Dag géinge schaffen a soss d’Reegele vum Privatsecteur géinge beuecht ginn, vue datt Luxtram eng privat Entreprise wier. Et géing awer Ausnamefäll ginn, wou d’Chauffeure misste mi laang do bleiwen, woufir se awer deementspriechend kompenséiert géife ginn.

En Expresszuch stellt fir d’Piraten eng besser Optioun duer

D’Pirate fuerderen ënnert anerem, datt d’CFL sollt Luxtram bedreiwen. Och soen se, datt en Expresszuch fir op Esch mi schnell a méi gënschteg ëmgesat kéint ginn. Dobäi gouf säitens vum Minister bei der Presentatioun vum Projet betount, datt et keng Konkurrenzsituatioun zum Zuch géing ginn. D’Trammlinn géing zum engen e Pole Echangeur zu Féiz usteieren, dee guer net op der Zuchlinn géing leien. Zum anere géinge Quartiere vun Esch ugebonne ginn, déi e gutt Stéck ewech vun der Zuchgare géinge leien. Dozou gehéiert och deen sech am entstoe befannende Quartier Friches Esch-Schëffleng. Op en Expresszuch déi konstatéiert klammend Demande fir Mobilitéit befriddege kann, gëtt net erwäänt. D’Propose fir den Tram an de Süde baséiert op dësem Wuesstem.

De Marc Goergen, Generalsekretär vun der Partei a Spëtzekandidat op der Lëscht vun de Piraten am Süden, schreift: „D‘Pirate stinn Innovatiounen am Transport net am Wee, insistéieren awer, datt dës net op d‘Käschte vun den Employéeë ginn.” Esou wier et net wichteg, wéi eng Technologie géing agesat ginn (Monorail, Express-Tram oder Hyperloop), mee datt kee verstoppte Sozialdumping géing bedriwwe ginn.

Ähnlech Sujeten François Bausch, Lëtzebuerg, LuxTram, Marc Goergen, Mobilitéit, Piratepartei, Süd-Tram, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    5

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    1

  • WTF

    1

  • Crazy

    2

  • Love

    0