Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung
isfp dating matches

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung

Cargolux freet sech matdeelen ze dierfen, datt si elo och

best dating blogs 2017
isfp dating matches

tagline for dating profile

Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll
isfp dating matches

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5. Mee 2019 un eng Rei Buslinnen op der Gare verréckelt. E Freideg, de 26. Mee huet den Transportministère zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an de betraffenen Operateuren (Luxtram, RGTR, AVL, CFL) op eng Pressekonferenz agelueden an iwwert d’Pläng an den nächste Méint informéiert. D’Aarbechte sollen Enn 2020 ofgeschloss sinn.

Opgepasst, wann Dir deemnächst de Bus op der Gare huele wëllt. Et kann nämlech gutt sinn, datt Dir Ären Arrêt net direkt erëmfannt. Vum 5. Mee un kréie verschidde Buslinnen en anere Quai. Wat fir Linne betraff sinn, lëschte mir ënnen am Artikel op oder Dir fannt dës Informatiounen um Site vun der Mobilitéitszentral oder vun der VDL.

D’Aarbechte selwer wäerten den 13. Mee 2019 ufänken, wou dann tëscht der Paräisser Plaz an der Stroossbuerger Strooss eng gréisser lass ass. Den André von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram, huet erkläert, datt an enger éischter Etapp déi ënnerierdesch Leitungen (Waasser, Gas, Stroum, Fiberglas) verstäerkt ginn. Ufank nächst Joer sollen dann déi méi konkret Aarbechten zum Tramsreseau an Ugrëff geholl ginn.

Et wier een zouversiichtlech, datt een den Zäitplang anhalen a spéitstens am Dezember 2020 mam Tram op d’Gare fuere kann, esou den André von der Marck. Ganzer véier nei Arrête soll den Tram tëscht der Stäreplaz an der Gare kréien. Lues a lues wéilt een dann och e méi héijen Takt beim Fuerplang ustriewen. Fiert momentan all sechs Minutten en Tram fort, esou wéilt ee gären an Zukunft all dräi Minutten een op de Wee schécken.

Tram

Dëst war eng vu wéinege Pressekonferenzen an de leschten Deeg. Wéinst der Staatstrauer sinn der vill ofgesot ginn. © Melvin Hatto/moien.lu

Personal guidéiert Iech an der Ufankszäit

Wéinst dësen Aarbechten hätt ee missten um Niveau vum Busreseau reagéieren, esou den Alex Kies vum Transportministère. Wärend verschidde Quaie just verluecht ginn, verschwannen anerer ganz. D’Zich vun der CFL wäerten net vun den Aarbechte betraff sinn a fir d’Autoe bleiwe weiderhin trotz Chantier zwou Spueren erhalen. Ab dem 13. Mee dierfen allerdéngs keng Autoe méi duerch d’Al Avenue fueren – mat Ausnam vu Liwweranten an natierlech den Awunner. D’Busser an d’Vëloen dierfe weiderhin duerch.

Fir de Leit ze hëllefe wäert da virun allem an der Ufankszäit vill Personal am Garer Quartier präsent sinn. Si sollen d’Leit informéieren an op hir nei Quaie guidéieren, versprécht den Alex Kies. Wie sech am Virfeld iwwert déi nei Pläng informéiere wëll, ka sech esou een bei d’Mobilitéitszentral oder der Info-Box (20 – 22, rue des Bains) siche goen. Des Weidere wäert ab elo ënnert anerem an de Busser vum RGTR-Reseau souwéi vun der AVL op d’Changementer higewise ginn.

Tram

Den Alex Kies (an der Mëtt) geet mam gudde Beispill vir a weist, wéi d’Personal ab dem 5. Mee d’Leit bei hire Bus guidéiere wäert. De Luxtram-Direkter André von der Marck (lénks) weist sech mat de Fortschrëtt vum Tramschantier bis ewell zefridden. Riets ze gesinn ass de Lex Bentner, Chef du Service Autobus vun der VDL. © Melvin Hatto/moien.lu

Entschiedegunge fir de Commerce

Ob et scho vill Reklamatioune bei Luxtram ginn hätt, war eng vu sëlleche Froen de Freideg. Den André von der Marck huet betount, datt ee Leit um Terrain selwer huet, déi all Dag en oppent Ouer fir Reklamatiounen hätten. Et wier een “no un de Leit” an et wier ee meeschtens an engem konstruktiven Austausch mateneen. Dobäi huet hien nach eemol Merci gesot fir d’Gedold an d’Verständnis, déi d’Awunner géintiwwer dem Tram-Projet entgéintbréngen.

Et hätt een och eng “Commission d’indemnisation” agefouert, déi sech ëm eventuell Entschiedegunge vu Commerçanten këmmere géif. Bis elo wieren et véier souer Ufroe ginn, déi een op hirem Site erofluede kann. Och mat de Geschäftsleit wier ee laut André von der Marck an engem gudden Echange an et géif ee sech jeeweils beméien, gemeinsam eng zefriddestellend Léisung ze fannen.

Tram

© Mobilitéitszentral

Hei d’Ännerunge fir d’Busse vum RGTR:

– D’Linnen 110, 111, 175, 205 an 975 hunn hiren Depart elo um Quai 23
– D’Linnen 121, 950, 955 an 960 hunn hiren Depart um Quai 24 an hir Arrivé um Quai 104
– D’Linn 965 fiert um Quai 23 fort a kënnt um Quai 104 un
– D’Linn 319 fiert zu Hollerech an der rue Jean-Baptiste Merkels fort.
– D’Linnen 158, 170, 177 an 315 ginn all an d’Hollerecher verréckelt (Arrêt “Fonderie”)
– D’Linn 196 fiert vum Quai 9 fort a kënnt um Quai 103 un
– D’Linnen 197, 300 an 968 fuere vun de Quaien 1 & 2 bei der Rocade fort.
– D’Linnen 200 an 210 starte vum Quai 24
– D’Linn 982 ass um Quai 9 ze fannen
– D’Linnen 800, 810 an 980 hunn hiren Depart um Quai 23 an hir Arrivée um Quai 105
– D’Linnen 970 an 971 hunn hiren Depart um Quai 104 an hir Arrivée um Quai 23

Hei d’Ännerunge fir d’Busse vun der AVL (städtesch Bussen):

– D’Linnen 2 a 4 (Richtung Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius) ginn op de Quai 12 verréckelt
– D’Linn 18 (Richtung Kierchbierg, Luxexpo Entrée Sud) ass och elo um Quai 12
– Folgend stättesch Buslinne ginn op de Quai 9 verréckelt: Linn 21 (Richtung Eech, Centre culturel), Linn 31 (Richtung Stroossen, Oricher-Hoehl) a Linn 14 (Richtung Cents, Waassertuerm)

Bei Reklamatioune kann ee sech bei engem vun deenen zwee Mediateure vu Luxtram mellen:
– Alex Braganca
Telefon: 621 779 370
E-Mail: alexandre.braganca-silva@luxtram.lu

– Laure Muller
Telefon: 621 779 366
E-Mail: laure.muller@luxtram.lu

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André von der Marck, Bus, Chantier, Gare, LuxTram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel