Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
International Neiegkeeten

ourtime dating cost uk

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

how long should i leave it before dating again
International Neiegkeeten

Schwéier Onwieder hunn am Rhein-Main Gebitt hiert Onwiese gedriwwen

Um Sonndeg war dat gesamt Gebitt ronderëm Frankfurt (Hessen) vun

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“
International Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

Den éischten Dag vum EU-Sommet huet sech ervirgedoen duerch eng

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an d‘Wahle gaangen, huet Geschicht geschriwwen. Si ass déi éischt Fra, déi offen „Trans“ ass, där et gelongen ass an déi lokal Assemblée gewielt ze ginn. Dat allerdéngs och an enger Campagne, déi d‘Opmierksamkeet vum ganze Land kritt hat.

Mat 55% vun de Suffrage setzt sech d‘Danica Roem géint de Republikaner Robert Marshall duerch. De Marshall, ultrakonservativ an entscheete Géigner vun de LGBT-Rechter, huet sengem Radikalismus all „Éier“ gemaach. Hien huet sech dann och iwwert déi ganz Campagne geweigert, déi demokratesch Kandidatin mat hirem Pronomen „Si“ ze bezeechnen. Eng Positioun, déi de Robert Marshall 26 Joer an der Assemblée konnt verdeedegen – mee domatter ass et elo eriwwer!

Mam Danica Roem ass dann elo déi éischt Transgender-Persoun an d‘Assemblée vu Virginia agezunn. Si vertrëtt hei e klenge Bezierk ronderëm d‘Stad Manassas. Woubäi et eng wierklech „Victoire“ ass, vergläichbar mam Mandat vun engem Lëtzebuerger Deputéierten.

Eng Première fir d‘Vereenegt Staaten

Laut dem Victory Fund, eng Organisatioun déi politesch LGBT-Kandidate finanziell ënnerstëtzt, ass Si dann och déi eenzeg offen „Trans“-Persoun, déi an enger lokaler Assemblée wäert siegéieren. Dat betruecht op déi 50 US Staaten.

„2017 geet als Joer vun den „Trans“-Kandidaten an d‘Geschicht an. Mat der heroescher Campagne vum Danica Roem am Zentrum vun enger nationaler Bewegung, wäert et onweigerlech aner Transgender-Persoune ginn, déi hire Wee kënnen aschloen“, esou d‘Aisha C. Moodie-Mills, déi de Victory Fund leed.

Déi fréier Journalistin huet sech net als Symbol vun der LGBT-Bewegung an der Politik engagéiert. D‘Danica Roem huet seng Campagne eenzeg an eleng op lokal Sujeten a Problemer bezunn. Si ass dann och d‘Kandidatin vun all de Mënschen aus hirem Bezierk, just mat méi Toleranz wéi hire republikanesche Géigner.

„Nëmmen eng Minoritéit huet menge Benevollen a Mataarbechter gesot, datt si net fir mech géife stëmmen, well ech Transgender sinn“, sot d‘Danica Roem nach am Oktober dem Korrespondent vun der AFP. An awer huet hir Kandidatur zu enger nationaler Beweegung gefouert, déi si ënnerstëtzt huet. Aus dem ganze Land si Spende gefloss, wat an den USA wierklech néideg ass, wann een eng reell Chance wëll hunn.

mat AFP

Foto: Déi demokratesch Delegéiert am 13. Distrikt vu Virginia, Danica Roem ass Transgender, a vertrëtt elo d‘Interesse vun hire Wieler an der Assemblée. Zudeem huet d‘Danica Roem, mat hirer politescher Victoire iwwert e Géigner vun den LGBT-Rechter, an engem éiweg republikanesche Staat, Geschicht geschriwwen. © Paul J. Richards/AFP

Ähnlech Sujeten Danica Roem, Demokraten, LGBT, Republikaner, Robert Marshall, USA, Virginia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel