Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Pedro Sanchez hält um Noutstand fest
Neiegkeeten

De Pedro Sanchez hält um Noutstand fest

Spuenien ass eent vun den europäesche Länner, dat am häertste

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen

No laangen, zum Deel heftegen Diskussiounen an divers Manifestatioune, ass

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass
Neiegkeeten

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass

Eng vun de mindestens esou schänterleche wéi verlugenen Aussoen, déi

Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?

Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
Rob Hopkins, briteschen Auteur a Matbegrënner vum Transition Town Totnes an dem Transition Town © Shari Pleimelding/moien.lu

Wärend de leschte Méint huet sech d’Denke vun der Bevëlkerung verännert. Resilienz, Bewosstsinn an de Wëllen, lokal Produzenten ze ënnerstëtzen ass geklommen, a genee dat ass de richtege Wee. Mee wéi kann d’Gesellschaft nach méi resilient, gerecht a responsabel agéieren? Wéi kënne mir all zesummen op ENGEM Planéit liewen, eis Ressource schätzen an zu enger besserer Zukunft bäidroen? Ma, genee dorëm geet et bei den Transition Days 20/21.

Et sinn 9 Méint, 9 Zëmmeren, 9 thematesch Famillen, 9 Video-Performancen, verschiddenst Atelieren an elauter Erausfuerderungen. An der Zäit, wou e ganze Mënschen entstoe kann, ass et méiglech eng gewëss Evolutioun ze schafen.

Wärend zënter dem 7. September dem Nora Wagner als Curratrice vun „Are we there yet?“ déi éischt Episod vun de Video-Performancen ënnert dem Titel „PHOENix“ (vum John Herman) presentéiert, konnt gëschter mat de Workshops an der Konferenz vum briteschen Auteur Rob Hopkins – hien ass iwwregens Matbegrënner vum Transition Town Totnes an dem Transition Town – en éischten Abléck an déi kommend Méint gemaach ginn.

Rob Hopkins

Mat Kapp, Häerz an Hänn

De Rob Hopkins gëtt mat sengem Konzept jiddwerengem d’Chance sech kreativ anzebannen, an esou innovativ Projeten fir d’Zukunft ze kreéieren. Et muss ee kee Wëssenschaftler, Politiker oder eng aner Spëtztepositioun hu fir d’Welt ze änneren, et ass den Engagement deen zielt. Mee virun allem benéidegt een Virstellungskraaft a Kreativitéit, fir op originell Iddien ze kommen.

Esou huet de briteschen Auteur am Interview erkläert, datt Nohaltegkeet schéin a gutt ass, mee just e klengen Deel vum Problem léist. Am Fokus sollt d’Resilienz stoen. Als Beispill huet hien de Supermarché genannt: Wärend d’Nohaltegkeet sech op d’Verpakunge konzentréiert, kéint ee mat reduzéierten Ëffnungszäiten d’Leit dozou bréngen ze iwwerdenken, wat ee wierklech braucht.

Rob Hopkins

Rob Hopkins, briteschen Auteur a Matbegrënner vum Transition Town Totnes an dem Transition Town © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng nohalteg Welt huet nach ëmmer eng kapitalistesch Oder“, an dofir muss et zum gesamten Ëmdenke kommen. Vläicht „verléiert“ ee gewësse Luxus – et wäert een beispillsweis net méi esou oft mam Fliger an d’Vakanz fléien – mee dofir zitt d’Transitioun och Gewënner mat sech: Manner psychesch a kierperlech Krankheeten, manner Stress, méi natierlech Schéinheet, Zäit, Raum – d’Lëscht ass laang. Et muss – sou den Hopkins – als en neien Trend ugesi ginn.

Bei senger Visitt zu Lëtzebuerg hat hien och e konstruktiven Echange mat de Politiker, huet hinne säi Konzept presentéiert an hofft elo op eng gewëssen Oppenheet.

E weideren, wéi mir fannen, interessante Punkt, si lokal Wärungen. Mat Suen, déi ee just a bestëmmten Dierfer, Gemengen oder Géigende kann ausginn, gëtt nees de lokale Maart an déi lokal Ekonomie ënnerstëtzt. An engems komme bei der Bevëlkerung Froen op, wéi ënnert anerem wiem d’Geld iwwerhaapt gehéiert, wéi een doru kënnt a wou et higeet. An jo, de Lëtzebuerger Beki huet hie scho kannt!

Rob Hopkins

© Shari Pleimelding/moien.lu

Esou erwächt d’Kreativitéit

Um Workshop am neimënster hu gëschter 22 engagéiert Persoune mat de verschiddenste Beruffer an aus de verschiddenste Géigenden deelgeholl, fir esou verschidden Ziler ze verfollegen. Generell goung et hinnen awer all ëm d’Ëmdenken, an Zukunft méi wäit ze denken.

Rob Hopkins

© Shari Pleimelding/moien.lu

Iwwert 4 Stonne goufen divers Atelieren organiséiert, duerch déi d’Kreativitéit erwächt sollt ginn. An och, wann ee sech dobäi heiansdo virkomm ass, wéi ee Kand, dann huet jo genee dat säin Zweck erfëllt. Ware mir net all als Kanner kreativ, hate speziell Iddien déi Erwuessener net verstanen hunn, konnten dat rationaalt Denken op d’Säit liewen an déi eege Fantasie schätzen?

Owes koum et dunn zur Konferenz, bei där de Rob Hopkins d’Fro „Wéi kënne mir zesummen op ENGEM Planéit liewen“ behandelt huet. De ganze Video dozou fannt Dir hei:

Weider fantastesch Evenementer, Atelieren an Video-Performancen erwaarden Iech. Duerch déi limitéiert Plaze sollt ee sech schnell bäimaachen a sech umellen. De komplette Programm fannt Dir op transitiondays.lu.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu de Workshops vu gëschter © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Atelier, Beki, Ëmdenken, How to live together in a one world planet?, Konferenzen, Kreeslafwirtschaft, Nohaltegkeet, Politik, Resilienz, Rob Hopkins, Tranisitioun, Transition Days, Workshop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel