Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht
International Neiegkeeten

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

Um Méindeg huet déi nei Koalitiounsregierung an Éisträich de „Kommando

LFR: Wann Demandeuren no Asyl ouni Grond zeréckgewise ginn
International Neiegkeeten

LFR: Wann Demandeuren no Asyl ouni Grond zeréckgewise ginn

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) begréisst de gudde Wëllen vu Lëtzebuerger

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff
International Neiegkeeten

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff

Nodeems den Educatiounsministère e Mëttwoch ugekënnegt huet, datt bis (viraussiichtlech)

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass, huet am Frankräich e Kriibs entwéckelt, nodeems si als Greffe d‘Longe vun enger Fëmmerin erhalen huet. Esou zumindest gëtt et an der Etüd behaapt, déi an der medezinescher Revue „Lung Cancer“, déi virum Risk, esou Organer ze transplantéiere warnt.

Dës Patientin war zanter hirer Kandheet wéinst enger zystescher Fibrose a Behandlung. No enger Verschlechterung vun den Otemfunktiounen, wat bei Mukoviszidose typesch ass, hunn d‘Dokteren am November 2015 entscheet, eng Longentransplantatioun virzehuelen.

„Laut der Datenanalys vun de Spender, waren d‘Longen, déi fir d‘Greffe benotzt goufen, déi vun enger 57 järeger Fra déi während 30 Joer, ee Pack Zigaretten den Dag gefëmmt huet“, preziséiert d‘Etüd déi vu Medeziner vum Universitéitsspidol (CHU) vu Montpellier etabléiert ginn ass. An der Etüd gëtt drop higewisen, datt wéi den Gehirdoud vun der Spenderin festgestallt ginn, den Examen keng Anomalien opgewisen huet.

Am Juni 2017 ass déi transplantéiert Patientin vum Service fir Thorax-Onkologie am CHU zu Montpellier opgeholl ginn. Si ass 2 Méint méi spéit an dësem Service u Longekriibs gestuerwen ouni datt eng Therapie konnt ugewannt ginn. Laut der Etüd, hunn d‘Symptomer deenen entsprach, déi duerch den Genoss vun Tubak entstinn.

„De kuerzen Delai tëscht der Greffe vun de Longen, an d‘Optauche vun den éischte radiologeschen Anomalië suggeréiert, datt d‘Tumorentwécklung (Karzinogenese) scho während der Liewenszäit vun der Spenderin ugefaangen huet“, heescht et säitens den Auteure vun dëser Etüd. E Kriibs, deem säi Wuesstem duerch den Traitement mat immunosuppressive Medikamenter – déi néideg sinn fir ze verhënneren, datt de Patient d‘Greffe ofstéisst – beschleunegt ginn ass.

Laut dem Dokter Jean-Louis Pujol a senge Kollegen: „ënner Berécksiichtegung vun der relativ laanger Latenzzäit vum Longekriibs, schloe mir vir, datt Transplantatioun vun Organer vu Mënschen déi fëmmen (oder rezent mat fëmmen opgehalen hunn), mat gréisster Virsiicht ze envisagéiere sinn“.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Longekriibs, Mukoviszidose, Transplantatioun, Zigaretten, zystesch Fibrose
Nächsten Artikel Virrechten Artikel