Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun
cute funny dating quotes

https://moien.lu/radiometric-dating-environment-definition/

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi

https://moien.lu/dating-scan-at-6-weeks/
https://moien.lu/two-single-parents-dating-each-other/
cute funny dating quotes

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen,

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert
cute funny dating quotes

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt ab dem 10. Dezember verschidden Upassungen am ëffentlechen Transport, esouwuel op nationalem Niveau wéi och um Gebitt vun der Stad, virgeholl ginn.

Upassungen, déi notamment am Kontext vun der mise en Service vun der Gare Houwald, der Standseelbunn, dem Pôle d‘Echange an dem Arrêt Pafendall–Kierchbierg, wéi dem Tram, néideg sinn. Um Niveau vun der Stad Lëtzebuerg droen d‘Upassungen am Busreseau de neien Offere Rechnung.

Parallel zu der Opnam vum éischten Deelstéck vum Tram tëscht „LuxExpo“ an der „Rouder Bréck“ fueren ab dem 10. Dezember d‘Busser net méi iwwer de Avenue John .F. Kennedy, mee notzen dann de Boulevard Konrad Adenauer, respektiv aner Stroossen vum Quartier Kierchbierg.

Déi aktuell Arrêten: Philharmonie/Mudam, Europaparlament, Érasme/Coque, Coudenhove-Kalergi, Bricherhaff an J.F. Kennedy, geleeën op der Avenue John F. Kennedy sinn dann endgülteg ofgeschaaft.

Uecht gedoen

D‘Linnen 1/125, 7, 16 an 18 a Richtung Kierchbierg, fueren deemno op den Arrêt „Roud Bréck/Pafendall, wou se eng Verbindung zum Pôle d‘Echange ubitt. Am Uschloss fueren déi Linnen iwwert de Boulevard Konrad Adenauer bis zum Arrêt mam gläichen Numm.

Ab dem Arrêt Konrad Adenauer fiert d‘Linn 16 weider bis zum Circuit vun der internationaler Foire. D‘Linnen 1 a 7 zirkuléieren duerch d‘Stroossen: Richard Coudenhove-Kalergi, Albert Borschette, Jean Monnet, Alphonse Weicker, Marcel Fischbach, Edward Steichen bis virun d‘Spidol Kierchbierg.

D‘Linn 1 fiert vun do aus weider iwwert de Boulevard Pierre Werner an de Circuit vun der internationaler Foire bis zum Terminus „LuxExpo, Süd-Agang“. D‘Linn 7 fiert iwwert den Boulevard Pierre Werner zum Terminus „Rehazenter“. Et geet dann och um selwechte Wee zréck.

D‘Upassung vum Tracé vir d‘Linn 1/125 verbessert d‘Verbindung zum Spidol Kierchbierg. Do fiert dann ab dem 10. Dezember ronn all 10 Minutten e Bus.

De Kierchbierg besser ugebonnen

D‘Verlagerung vun den Busarrêten um Kierchbierg steet am Aklang mat engem bessere Service fir de sougenannten „europäesche Quartier“. Dat notamment mat de Linnen 8 an 20, déi gläichfalls den Arrêt „Roud Bréck/Pafendall“ bedéngen.

Hei geet et duerno weider iwwert d‘Stroossen: Fort Niedergrünewald, Alcide de Gasperi an Erasme a Richtung Kierchbierg (Linn 8) respektiv Weimeschhaff (Linn 20). Den Terminus vun der Linn 20, aktuell Marcel Reuland, gëtt duerch den Arrêt „Poutty Stein“ ersat.

Eng nei Linn, d‘Nummer 26

Déi nei Buslinn N°26 fiert vu Méindes bis Freides vu 05.00 bis 23.00 Auer tëscht dem Arrêt Houwald „Peternelchen“, Houwald „Ronnebësch“ (Accès Gare Houwald) an der Aktivitéitszon Cloche d‘Or .

Dei nei Linn, déi vun artikuléierte Busser bedéngt gëtt, optimiséiert den Accès iwwert den ëffentlechen Transport vum Gaasperecher Bann, e Quartier dee grad a voller Entwécklung stécht.

Verännerung vun der Linn 29

Fir eng Besser Verbindung tëscht der Gare an dem Findel ze erméiglechen, ass d‘Streck vun der Linn 29 iwwerschafft ginn. Esou féiert de néie Streckeverlaf ab Houwald (Arrêt Leschte Steiwer) iwwert: D‘Rocad vu Bouneweg (Gare/Rocad) de Boulevard d‘Avranches (Al Molkerei) bis Cents, Findel a Sennengerbierg.

D‘Arrêten op der Gare (Quai 9 an 103) wéi och Paräis/Zitha (Quai 2 a 4) ginn ofgeschaaft. Eng Mesure déi den Trajet jee no Zäitfënster ëm dräi Minutte verkierzt.

Informéiert bleiwen

Déi nei Depliante „Horaires“ an deenen dann och schonn den Tram berécksiichtegt gëtt, sinn deels schonn erhältlech, spéitstens awer ab dem 8. Dezember an den Informatiounsbüroe vum AVL (Info-Box Biederstrooss a Mobilitéitszentral) ze kréien. Hale mer nach fest, datt sech un der Frequenz vun de Linnen näischt wäert änneren.

Wien sech léiwer bequem online informéiert, kann datt op www.newbus.vdl.lu an natierlech der City App VDL maachen. Gehollef gëtt engem och um Telefon 4796-2975 (all Dag tëscht 7.30 an 22.00 Auer). Zudeem sinn iwwerall wou et néideg ass Schëlter opgeriicht ginn an op den Haaptarrêten sinn Guide déi engem gäre weiderhëllefen.

Bleift eis nach festzehalen, datt et zu weideren Upassunge wäert kommen. Virgesinn ass ab Februar/Mäerz 2018 eng verbessert Ubannung un de Bouneweger Bann, parallel zur Erëffnung vum Lycée Vauban an da jee no Installatioun vun neien Entreprisen am Quartier.

mat VDL

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel