Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
Neiegkeeten Stories

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

angrycryingdislike
Polnescht Gesetz zur Shoah vun Israel veruerteelt
Neiegkeeten Stories

Polnescht Gesetz zur Shoah vun Israel veruerteelt

Israel huet e Samschdeg Polen beschëllegt „d‘Geschicht ëmzeschreiwen“. Dat nodeems

tonguecrying
Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen
Neiegkeeten Stories

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Wéinst dem EU-Spuerdiktat setzt d’Regierungspartei d’Mindestrent op 350€ erof. Déi

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass läit falsch. Eng Persoun, déi sech viru kuerzem geout huet an déi néideg Schrëtt ustrieft ass de Jan. Scho fréi wousst hien, en ass aneschters. Ee spannenden an ustrengende Wee läit virun him.

Gebuer als Meedchen huet hien sech ni wuel gefillt. Wou de Jan bis erausfonnt huet, wat genau lass wier, ass him ee risege Stee vum Häerz gefall. Et huet vill Courage kascht, d’Situatioun ze akzeptéieren an de laange Wee zur Geschlechtsëmwandlung anzegoen. Déi bescht Persoun fir déi ganz Geschicht ze erzielen ass awer dobäi nach ëmmer de Jan perséinlech.

Mäin Wee zum Ech selwer

„Schonn als klengt Kand hunn ech gemierkt, datt ech aneschters sinn, wei all meng Kollegen an Kolleginnen. Genau verstanen, wat mat mir lass ass hunn ech awer net. Ech hat d´Chance relativ Geschlechtsneutral ob ze wuessen a sinn net nëmmen a Räck gestach ginn. Ech hat och net nëmme Poppe fir ze spillen, mee och en Trakter an Autoen. Bis ech also an den Lycée gaangen si, war déi Geschlechterroll kee grousst Thema. An der renger Meederchersschoul, déi ech besicht hunn, hunn ech mech dunn versicht un ze passen, aus Angscht ausgegrenzt ze ginn. Dat hunn ech bal e ganzt Joer laang mat gemaach, woubäi ech mech schrecklech gefillt hunn, sou wei wann ech all Dag géif verkleet an d´Schoul goen. Doropshin hunn ech mengen Eltere gesot, datt ech keng sou Fraebekleedung méi wéilt. an sinn fir éischte Kéier an de Männerrayon akafe gaangen.

De Jan mam Pride-Fändel vun den Transsexuellen.

No enger Zäit ass mir ëmmer méi kloer ginn, wat mat mir lass ass, mee ech wollt et net wierklech akzeptéieren a sot mir ëmmer „wann’s de méi al bass an net méi doheem wunns, da mëss de däi Wee als Mann“. De Gedanken huet mech begleet bis ech meng 18 Joer krut an ech wousst, et kéint net méi sou wieder goen.

An der Summervakanz war ech mat menger Bomi an d´Vakanz, wou ech eng Persoun kenne geleiert hunn, där ech zu 100% vertraut hunn an ech gespuert hunn, där Persoun muss de elo erziele, weis de dech fills. Deenejéinegen huet mir gewisen, datt et gutt ass, wei ech mech fillen an ech mech domadder net verstoppe bräicht. Duerch déi Persoun hunn ech d´Kraaft fonnt fir mengen Elteren an enkste Kollegen ze ziele, wat a mir virgeet. Mengen Elteren hunn ech dat Ganzt per Bréif erzielt an menge Kollegen an dem Rescht vun der Famill hat ech e Video gedréint, den immens gutt ukomm ass. Ech krut nëmme positiv Reaktiounen doropper.


Elo woussten all d’Leit ronderëm mech Bescheed a mäin Wee konnt weider goen.

Ech si bei den Psychiater an den Endokrinologe gaangen. Als éischt si meng Chromosome gekuckt ginn, fir eng Intersexualitéit auszeschléissen. Dunn konnt et endlech lass goe mat der Hormontherapie.

Den nächste Schrëtt waart, mir en Affekot ze sichen, fir datt ech dann och um Pabeier den Jan konnt ginn. Mat onmoosseg Pabeierkrom a vill Gedold gouf meng Ufro um Gericht ugeholl an ech hunn dunn just nach ob d´Gemeng misse waarde, bis mäin geännerten Acte de Naissance endlech Doheem ukomm ass. Domadder konnt ech mir meng nei Carte d´Identité ufroen an och soss iwwerall meng Pabeieren ännere loossen.

Ee groussen Deel hat ech gepackt a konnt elo ufänke mir Gedanken ze maachen iwwert déi nächst Schrëtt. Fir mech goung et schliisslech an e Virgespréich ob Reinbek, fir meng Mastektomie (Broscht erof huele lousen) an meng Hysterektomie (Gebärmutter raus huelen loossen) ze plangen. Hei hunn ech dunn beschloss déi OP maachen ze loossen. Nächst Joer am September ginn ech operéiert a ginn ee Stéck méi zum Mann!.“

De Wee ass d’Ziel!

Fir de Jan ass all eenzele Schrëtt a Richtung Geschlechtsëmwandlung wichteg an een Erfolleg. Eent vun de schéinste Gefiller ass et awer, vun der Famill an de Frënn akzeptéiert an ënnerstëtzt ze ginn. Aus dem Grond sinn och Réckschléi nëmmen hallef esou schlëmm. Déi groussaarteg Ënnerstëtzung dréit dozou bäi, säin Ziel nimools aus den Aen ze verléieren.

Transsexualitéit

Vun der Fra zum Mann duerch eng speziell Hormonbehandlung.

Transsexualitéit

Ee wichtegen Outil fir d’Broscht ofzebannen.

D’Hormoner hëlt hien zwar scho säit iwwert engem Joer, wouduerch een och enorm Resultater gesäit. Trotzdeem entstinn awer geleeëntlech onangenehm Situatiounen an de verschiddenste Momenter, mat deenen een net onbedéngt rechent.

Bei Vakanze muss virdru gekuckt ginn, op Transsexualitéit un der Destinatioun toleréiert gëtt. Um Fluchhafe gëtt een beim Oftaaschten och oft komesch gekuckt, wëll d’Geschlecht um Pabeier an bei der reeller Persoun net ganz iwwerenee stëmmen. Meeschtens klappt no e puer Explikatiounen awer alles.

An der Schwämm muss de Jan dann een extrae Schwamm-T-Shirt undoen, fir iwwerhaapt an d’Männerdusch dierfen ze goen a sech am ëffentleche Beräich als Mann presentéieren ze kennen.

Beim Thema Transsexualitéit huet hie vill Gläichgesënnter fonnt, déi him hëllefe wou se kënnen a wou hien sech gutt opgehuewe fillt. Dofir encouragéiert hien och jiddwereen, deen sech am falsche Kierper gebuer fillt, sech net ze verstoppen an dozou ze stoen. Et gëtt een net eleng gelooss, schonn eleng well Transsexualitéit hautdesdaags ëmmer méi Toleranz an Akzeptanz erlieft.

„Ech an och vill aner Transgender si bereet engem ze hëllefen oder engem seng Froen ze beäntwerten“, erkläert de Jan motivéiert.

Säin originelle Coming-Out Video kënnt dir Iech hei ukucken:

Ähnlech Sujeten Akzeptanz, Geschicht, Hormoner, Lëtzebuerg, Mann a Fra, Testosteron, Toleranz, Transgender, Transsexualitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel