Search

You may also like

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt
International Neiegkeeten

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer
International Neiegkeeten

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer

D‘ASTA, de Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère huet um Dënschdeg eng Evaluatioun

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz
International Neiegkeeten

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz

Beim STATEC hu se sech op e neits mat Zuele

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd

D‘Famill, Frënn a Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft, hunn gëschter vum George Floyd, engem Afroamerikaner deen duerch en Iwwergrëff vu véier Poliziste verstuerwen ass, an enger emotional beweegter Zeremonie Ofschid geholl. Am ganze Land waren op en Neits Dausende Mënschen op der Strooss, fir en Enn vun der Policegewalt an dem Rassismus ze fuerderen.

Et war eng Zeremonie, bei där an éischter Linn dem Affer geduecht ginn ass, mee aus gudde Grënn och en Ulass war, fir Appeller un déi ganz amerikanesch Gesellschaft ze riichten. Dem Affer säi Brudder, Philonise Floyd, war verständlecherweis ergraff. Esouvill Mënschen déi um Dout vum George Floyd Undeel huelen, maachen him Hoffnung, datt et elo zu méi Gerechtegkeet ka kommen.

D‘Zeremonie war Trauer, Roserei an a gewësser Hisiicht och en däitlech politesche Statement. Zum Enn vun der Zeremonie, hunn all déi Uwiesend 8 Minutten a 46 Sekonne laang geschwigen. Exakt déi Zäit, an där de Polizist Derek Chauvin säi Knéi am Genéck vum Affer hat, dat vergieflech versicht kloer ze maachen, datt et net méi ootme kéint. Et war en Dout viru lafender Kamera.

Rassismus-Pandemie an den USA

Fir den Affekot vun der Famill, den éierewäerte Benjamin Crump, ass den George Floyd en „Affer vun der Rassismus-Pandemie an den USA“. An hien huet seng Wierder gutt bemooss: „De George ass net un der Gefor vum Coronavirus gestuerwen. Hien ass un de Folge vun der systemescher Diskriminéierung vu Schwaarzer – mat där mir an Amerika allzevill vertraut sinn – gestuerwen“.

GeorgeHien huet d‘Mënschen an den USA an op der Welt opgeruff weider friddlech ze demonstréieren, fir Gerechtegkeet a Verännerungen anzefuerderen. Amerika misst e bessert Land, en Uert vun der Hoffnung ginn, esou de Benjamin Crump. Och de Biergerrechtler a reliéise Priedeger Al Sharpton huet eng Enn vun der Diskriminatioun – besonnesch an de Reie vun der Police – gefuerdert.

„Et ass Zäit fir eis, am Numm vum George opzestoen an ze soen: huelt äre Knéi aus eisem Genéck“ esou den Al Sharpton, dee betount: „Wat dem George Floyd geschitt ass, passéiert an dësem Land all Dag. Amerikaner musse friddlech demonstréiere fir wierklech Verännerungen erbäizeféieren“.

GeorgeFir muer Samschdeg ass eng weider Trauerfeier zu Raeford (North Carolina) ugemellt ginn, iert den George Floyd dann en Dënschdeg zu Houston (Texas) bäigesat wäert ginn. De Buergermeeschter vun Houston, Sylvester Turner, huet bestätegt, datt d‘Affer eng offiziell Policeeskorte kritt a biet all Mënsch friddlech, zum Gedenke fir den George Floyd a fir Verbesserungen ze demonstréieren.

An de sozialen Netzwierker geet an der tëscht en Video viral, wou dem Affer seng 6 järeg Duechter op de Schëllere vum fréieren NBA-Star (Basketball) Stephen Jackson ze gesinn ass. Dësem Butz deem de Papp mëttels Policegewalt gestuel gouf, huet et richteg erkannt: „De Pappa huet d‘Welt verännert“. Bleift ze hoffen, datt dëse Message richteg verstanen a friddlech ëmgesat gëtt.

mat indymedia/min

Related topics George Floyd, Minneapolis, Mourning, Policegewalt, Rassismus, Trauerfeier, USA
Next post Previous post