Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck
Neiegkeeten

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Fir déi siwente Kéier, gëtt et eng „cuvée spéciale“ fir

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?
Neiegkeeten

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op

Exit-Covid19: Dänemark versicht et
Neiegkeeten

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Den Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Trauerzeremonie fir den déidlech blesséierten Hamza Emran

Trauerzeremonie fir den déidlech blesséierten Hamza Emran

Wéi d’Famill vum 2 Joer jonke Bouf, dee leschte Sonndeg um Stater Chrëschtmaart op tragesch Aart a Weis säi Liewe gelooss huet, elo matgedeelt huet, fënnt haut um 9 Auer um Diddelenger Kierfecht eng Trauerzeremonie no muslimescher Traditioun statt.

Um 24. November 2019 ass den Hamza Emran um Chrëschtmaart um Knuedler vun enger Äisskulptur getraff an déidlech blesséiert ginn. Nom Wëlle vun den Eltere fënnt haut de Moien d’Trauerzeremonie statt. Duerno gëtt de Jong, dee just 2 Joer an 10 Méint al ginn ass, op Krstec (Kosovo) bruecht an um Familljekierfecht begruewen.

D’Zeremonie ass op fir d’Ëffentlechkeet. De Kierfecht ass an der Route de Bettembourg zu Diddeleng.

Hamza Emran

D’Redaktioun vu Moien.lu wënscht der Famill vill Kraaft an dëser donkeler Zäit.

Ähnlech Sujeten Äisskulptur, Chrëschtmaart, Dout, Hamza Emran, Kierfecht, Knuedler, Kosovo, Stad Lëtzebuerg, Trauerzeremonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel