Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Atomkraaft: zu Berlin hunn se et wierklech nach net bekäppt
https://moien.lu/popular-dating-sites-in-belgium/ Neiegkeeten

https://moien.lu/cool-male-usernames-for-dating-sites/

D‘Bedreiwer vun den Atomkraaftwierker (AKW) hunn sech „Fräikaf“. 15 Tëschelager

https://moien.lu/dating-in-bethlehem-free-state/
dating fossils millions of years old
https://moien.lu/popular-dating-sites-in-belgium/ Neiegkeeten

Editorial: Politik mat Käpp

Virun der Wahl ass no der Wahl. Sou oder op

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz
https://moien.lu/popular-dating-sites-in-belgium/ Neiegkeeten

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &

Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!

Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
© Robbesscheier
Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
© Robbesscheier
Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
© Robbesscheier
Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
© Robbesscheier
Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
© Robbesscheier

Vum 19. Oktober bis den 3. November 2019 luet d’Robbesscheier op seng traditionell Trauliichtwochen an. Erlieft déi faarweg Welt vun de Geeschter mat dem aussergewéinlechen Hierschtprogramm vum Trauliichtbrennen!

„Geweschwë kommen déi éischt Räifer; d’Gromperen sinn am Keller, virun d’Lach tippt een en Tëmmer Rommelen, wat Bätz, déi allerdéckst gëtt ausgehielecht a bannendran eng Käerz gestallt, en Trauliicht“ esou huet et schonn de Fränk Friesing néier geschriwwen. D’Traditioun vun den Trauliichtwochen wëll d’Robbesscheier oprecht erhalen.

Als Erklärung handelt et sech bei Trauliichter ëm Lanteren aus Rommelen, an déi grujeleg Gesiichter geschnëtzt ginn. Beim hierkëmmleche Brauch goufen dës an de fréien Owendstonnen uechtert d’Land gedroen an nieft d’Stalldieren gestallt. Wann d’Kéi tëscht den Trauliichter duerchgaange sinn, sollten si fräi vun alle Krankheete ginn an d’Geeschter, déi sech wärend de Summerméint am Stall néier gelooss hunn, sollte verdriwwe ginn. Grausames schützt viru Grausamem.

Den Highlight vum Programm ass um 26. Oktober den Dag vum Trauliicht, sou wéi um 31. Oktober d’Gruselwanderung mat Fakelen a selwer gemaachten Trauliichter, déi duerch déi roueg donkel Nuescht an de Geeschterbësch geet. Zum Schluss ginn am Lagerfeier déi gefaange Geeschter verbrannt an uschléissend Stockbrot gebak.

Trauliichtwochen

Vum Gromperekinnek, iwwer Trauliichter bis zu de Wantergeeschter

 Ugebuede gi beim Animatiounsprogramm d’Bastele vun Trauliichter, d’Visitt vun engem Doléinerhaus an d’Hierstelle vu klenge Kürbiskuchen, d’Welt vun de Geeschter aus Lehm modelléieren, d’Fuere mat der Geeschterkutsch, ee Bastelatelier, d’Hierstelle vun engem Geeschtermobilet aus gekämmter Woll oder vun engem Traumfänger, Ieselreiden an d’Fiddere vun den Déieren.

Op Ufro a Gruppen ab 10 Persoune gëtt zudeem d’Lagerfeier mat Stockbrot organiséiert. De Programm gëtt vum 19. Oktober bis den 3. November all Dag ugebueden. Dobäi kann een selwer entscheeden, op ee fir 25 € pro Persoun um Ganzdagesprogramm (10:00 bis 17:00 Auer, mat Mëtteg- an Owesiessen) deelhëlt, oder fir 15 € pro Persoun um Hallefdagsprogramm (14:00 bis 17:00 Auer, mat Owesiessen).

Passend zum Dag vum Trauliicht, de 26. an 31. Oktober 2019 gëtt nieft dem stramme Programm eng Wanderung mat Fakelen an Trauliichter ugebueden. Och hei gëtt nees Stockbrot beim Lagerfeier giess. Fir 32 € pro Persoun kann een um Ganzdagesprogramm (mat Mëtteg- an Owesiessen) deelhuelen. Fir 22 € pro Persoun gëtt den Hallefdagsprogramm (mat Owesiessen) ugebueden.

Weider Informatioune ginn et ënnert www.robbesscheier.lu. De Flyer zum Programm kënnt Dir Iech einfach HEI eroflueden.

Ähnlech Sujeten Animatiounsprogramm, Geeschter, Lanter, Nuetswanderung, Robbesscheier, Traditioun, Trauliichtwochen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel