Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shuttle Gare: Eng nei gratis Linn bis erof!
International Neiegkeeten Stories

Shuttle Gare: Eng nei gratis Linn bis erof!

Ab e Sonndeg, den 3. November 2019 wäert déi nei

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
International Neiegkeeten Stories

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen
International Neiegkeeten Stories

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

Bis Juni soll de Schwéngswal komplett ausgestuerwe sinn

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat 22 gezielten Exemplaren virum ausstierwen. Experten nennen d’Fëschernetzer, an deenen sech d’Déiere verfänken an erstécken, als méiglech Ursaach. Donieft huet och déi illegal Fëscherei am Golf vu Kalifornien, wou de Vaquita heemesch ass, immens zougeholl a leschter Zäit.

Et ass déi batter Realitéit a mir kucken einfach no. Bei klengster Walaart weltwäit leeft mëttlerweil den traurege Countdown. Tëscht 10 an 22 Déieren sollen nach an hirem Réckzuchsgebitt, wat 2200 Quadratkilometer zielt, ze fanne sinn.. Dëst mellt de Comité Internacional para la Recuperación de la Vaquita (CIRVA), een Zesummeschloss vu Wëssenschaftler, déi de Vaquita rette wëllen.

Déi „Kleng Kou“, wéi de Wal och nach genannt gëtt, zeechent sech duerch eng Gréisst vun annerhallwem Meter an déi donkel Zeechnunge ronderëm d’Aen an de Mond aus. Virun 20 Joer solle schonn nëmmen 600 Vaquitaen méi gelieft hunn,am Joer 2017 waren et der nach knapp 30. An esou kann een dovun ausgoen, datt de Wal nach dëst Joer wäert ausstierwen.

D’Fuerscher vun CIRVA hoffen nach ëmmer op dat Bescht: bei de leschten Exkursioune goufen d’Schwéngswalen mat Klenge gesiicht, wat beweist, datt si sech nach fortplanzen. Trotzdeem muss ee bedenken, datt dës Walaart just all zwee Joer Nowuess kritt.

De qualvollen Dout

„De Problem ass, datt d’Ursaach fir de staarke Réckgang fortbesteet“, sou d’Heike Vesper vu WWF Däitschland. De Problem läit bei de sougenannte Kiemennetzer, déi Fëscher aus der Regioun illegal ausleeën. Déi kleng Wale verfänke sech an dësen Netzer an erdrénken, wëll si net méi un d’Uewerfläch komme fir Loft ze huelen. D’Zuel vun illegale Fëscher klëmmt a Kalifornien esou rasant, wéi de Vaquita zeréck geet.

Dobäi sinn d’Jeeër emol net op de klenge Schwéngswal eraus. Si sinn een Kollateralschued vun hirer Aarbecht a besetze kee kommerzielle Wäert. Eigentlech sinn d’Fëscher dorop eraus, den Totoaba, aus der Famill vum Umberfësch, mat ähnlecher Gréisst wéi ee Vaquita,ze joen. Hir wäertvoll Schwammblos gëtt uschléissend um chinesesche Schwaarzmaart fir bis zu 10.000 Dollar verkaaft. Dobäi soll ee bedenken, datt och d’Fänke vum Totoaba verbueden ass.

Divers Déiereschützer schaffen zesummen fir d’Walen ze befreien, mee leider komme si oft ze spéit. D’Netzer sinn am Waasser quasi duerchsiichteg. Donieft ass nach probéiert ginn, de Vaquita ze fänken, an engem protegéierte Gebitt opzeziichten an den Nowuess nees fräi ze loossen. Allerdéngs erweist sech dës Aktioun als immens heikel: Den extrem scheie Wal meit all Konfrontatioun mam Mënsch an hält aus Reflex op mat ootmen, wann een hien ophieft. Sou hunn d’Déiereschützer bei enger Rettungsaktioun am Joer 2017 d’Vaquitaen nees misse schwamme loossen, aus Angscht, si géife stierwen duerch de Stress.

D’Hoffnung de klenge Schwéngswal dach nach ze retten senkt soumat ëmmer weider.

Ähnlech Sujeten Ausstierwen, Déier, Illegal Fëscher, Mier, Schwéngswal, Sea Shepherd, Vaquita, Wal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel