Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten
https://moien.lu/dating-old-photographs-family-history/ Neiegkeeten

https://moien.lu/what-if-your-best-friend-is-dating-your-crush/

De Wuesstem an der Loftfaart verlaangt bis 2036 de Rekrutement

we dating too
https://moien.lu/dating-old-photographs-family-history/ Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?

An dësem Quiz konzentréiere mer eis virun allem op d’Moler

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz
https://moien.lu/dating-old-photographs-family-history/ Neiegkeeten

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

En Dënschdeg, huet déi kanadesch Regierung, d‘Bréifdréier vun der parastaatlecher

money

Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten

Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten

Am Casino 2000 zu Munneref war ee Sonndeg nees de groussen Treff vun den Numismatiker a Philatelisten. E Rendez-vous net eleng fir d‘Leit aus der Groussregioun, wéi ee gëschter erfreet konnt feststellen. An esou konnten d‘Organisateure, de „Cercle Numismatique du Luxembourg“, nom Ofschloss vum Salon, e positive Bilan presentéieren.

Um Sonndeg stoungen dann awer d‘Mënzen an d‘Schäiner am Mëttelpunkt. An engem vun de ville Konferenzraim haten sech eng honnert Aussteller afonnt. Säit enger Rei Joren hu sech d‘Philatelisten (dat sinn déi mat den Timberen) hinnen ugeschloss. Den Erfolleg gëtt hinne Recht, an d‘Zäite wou ee sech um Kierchbierg an engem „Hannerzëmmer“ getraff huet sinn eriwwer.

Mat gutt 450 Visiteuren, war dës Veranstaltung – déi sech ëmmerhin engem avertéierte Public zouwennt – ganz gutt besicht. Et huet och ënnert den Aussteller vill zefridde Gesiichter ginn, woubäi ee lëschteger Weis muss bäifügen, datt et zu ganz interessante bis animéierte „Geschäfter“ tëscht den Ausstellt komm ass. Et ass jo och eng Bourse, an do gehéiert den „Tausch“ och hin.

Numismatiker a Philatelisten

Fir Aussteller déi vu ganz wäit hir komm sinn – et waren der aus dem déifste Süde vu Frankräich do an aus dem héijen däitschen Norden – ass Lëtzebuerg e ganz attraktive Standuert, fir dat „aalt Geschir“ un de Mann, respektiv d‘Fra ze bréngen. Esou haten déi Aussteller déi de wäite Wee op sech geholl haten, och éischter Wäertvolles am Gepäck. Verschidde Pièce haten et och an sech.

Esou beispillsweis eng Lëtzebuerger Mënz aus der éisträichescher Period (Enn 18. Joerhonnert) mat engen nominal Wäert vu bis zu 5.000 Euro. An dat war déi deierst net. Verständlech deemno, datt och de Sécherheetsdéngscht vum Casino ganz gutt uecht gedoen huet. E Bild datt een och op déi vill Timberen iwwerdroe kann. Hei huet et gläichfalls vill Interessantes a Wäertvolles ze gesi ginn.

Zum Ofschloss dann nach eng ganz flott Feststellung: Wann et duerchaus richteg ass, datt sech d‘Zäite veränneren, an d‘Sammele vun Timberen a Mënzen net méi wierklech bei der Jugend am Trend läit, wat de Veräiner elo net entgéint kënnt, esou hält sech dës Passioun haartnäckeg. Dat ass gutt esou, an beim nächste Rendez-vous (6. Oktober selwecht Plaz) dierft nees eng méi lass sinn.

Ähnlech Sujeten Casino 2000, Munneref, Numismatiker, Philatelisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel