Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen
Erkläert Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-a-really-popular-guy/

18 Mënsche sinn bei engem vun de schlëmmste Bus-Accidenter vun

https://moien.lu/how-to-describe-yourself-on-a-christian-dating-site/
Erkläert Neiegkeeten

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

„Rock’n’Roll ass definitiv näischt fir al Leit, dat ass bewisen.

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
Erkläert Neiegkeeten

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Treffe vun den Autokraten – Eng Staatsvisite, erkläert

Treffe vun den Autokraten – Eng Staatsvisite, erkläert

De 16. Mee haten sech den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an den Donald Trump eng éischte Kéier am Wäissen Haus getraff. Eng Entrevue déi allerdéngs Zäitlech begrenzt war an vill Erwaardunge, besonnesch an der Tierkei erwächt huet. Et sollt esou riets gaange sinn vun engem historeschen Treffen, wat allerdéngs betruecht ënnert der Aart a Weis wéi béid Staatsmänner mam Protokoll ëmzegoe fleege keng mince Affär ass.

Och muss dorobber higewise ginn, datt dëse Sommet vu Virfäll begleet ginn ass déi sech vrum Wäissen Haus ofgespillt hunn an alles anescht wéi akzeptabel sinn. Esou si bei engem Tëschefäll an dee kurdesch Demonstranten an tierkesche Sécherheetspersonal verwéckelt waren, net manner wéi néng Leit deels schwéier blesséiert ginn. Déi amerikanesch Polizisten haten dann och hir gutt Méi d’Kontrahenten ausenaner ze hale, konnten awer zu gudder läscht Schlëmmeres verhënneren.

20 Minutten

Geheie mer emol viraus, datt béid Presidenten sech virgeholl haten eng gutt Figur bei dësem „Sommet“ ze maachen, wat hinnen allerdéngs nëmmen deels gelongen ass. Zwanzeg Minutten hat sech den Trump am Kalenner fir dës Entrevue zougestane a wat wollt den Erdogan net alles an deem begrenzten Zäitraum gekläert kréien. Mee den amerikanesche President huet ee grousse Bou ëm d’Uleie vum Erdogan gemaach a sech vill Méi gi staatsmännesch ze wierken.

Esou huet den Donald Trump d’Roll vun der Tierkei am kale Krich gelueft, déi „Sail am Kampf géint de Kommunismus“, de „legendäre Courage“ vun den Tierken. Den Trump hält dat ganzer dräi Minutten duerch a verléiert kee Wuert iwwert all déi Themen déi dem Mann aus Ankara dach esou wichteg sinn. Kee Piipcheswiertchen doriwwer firwat Amerika d’Schluecht géint d’Terroriste vum Islamesche Staat (IS) weider mat Hëllef vun de kurdesche Kämpfer féiert – méi präzis de Schutzeenheete vum kurdesche Vollek (YPG) – déi jo der als gläichfalls terroristesch agestuuft PKK sollen nostoen.

Kuerz virun Treffe vun de Presidenten, huet Washington beschloss déi kurdesch Miliz mat schwéiere Waffen a Munitioun auszerëschten. Mee den Trump huet um Dënschdeg just bemierkt, datt och d’Tierke militäresch Ausrëschtung wollten. „Mir hu séchergestallt, datt dës schnell geliwwert gëtt.“ Do stellt sech natierlech d’Fro op dat eng Manéier ass eng Konflikt ze léisen: Hei kritt dee wou sech beschwéiert also och Waffen? Eng Fro déi wuelverstanen net zougelooss, awer sécherlech passend ass.

Dunn huet awer och den tierkesche President d’Wuert kritt. „Mäi léiwe Frënd“, fänkt dësen un an schwätzt net esou hemmungslos un de Sujeten derlaanscht wéi den Trump, mee ass trotzdeem net wierklech konkret. Den Erdogan seet Sätz déi och den amerikanesche President esou ënnerschreiwe kann: „Terrororganisatiounen hunn keng Plaz an der Zukunft vun eiser Regioun“. Hie kéint sech méi genau ausdrécken, mee da wier schnell kloer wien hei u wiem scheitert. Wat den Priedeger Fettulah Güllen betrëfft, esou huet den Recep Tayyip Erdogan seng Erwaardungen dem Trump kloer duergestallt. D’USA sollen de Mann ausliwweren deen hien hannert dem versichte Putsch gesäit. Washington allerdéngs bezitt zu dësem Thema och weiderhi keng Positioun.

All mateneen an ee géint deen aneren

Wéi den Donald Trump President vun Amerika ginn ass, war dat fir den Erdogan eng gutt Noriicht. Mat him wollt hien ee Neiufank am Verhältnes a schéngt dat och nach ëmmer unzestriewen. „Déi nei Zäit, fir déi mir haut de Grondstee geluecht hunn, soll Gléck bréngen.“ Ënnert dem Barack Obama ass an der läscht net méi allze vill virugaange, wëll dësen sech net vum tierkesche President sengen Argumenter iwwerzeege gelooss hat, datt een Terrorgruppen net mat Terrorgruppe bekämpfen dierft. Dem Trump säin Optrëtt allerdéngs erwächt den Uschäin, datt hien sech daf stellt.

Hei muss dann och gewosst sinn, datt den Erdogan nach iert hien sech op Wee Richtung Washington gemaach huet zu de Waffeliwwerungen un d’Kurde folgendermoosse geäussert hat: „Dat sinn net iergendwellech Waffen.“ Amerika, esou muss ee verstoen, géifen sech mat dëse Liwwerunge géint hire Partner Tierkei stellen. Allerdéngs ass et awer Fakt, datt déi vun den USA ugefouert international Allianz géint den IS dären hir Héichbuerg Raqqa onbedéngt wëllt erstiermen.

De Mann aus Ankara huet wuel seng Hëllef ugebueden, mee den Trump zitt net mat. Erënnere mer dann hei dorunner, datt wéi den US-Ausseminister Rex Tillerson am Mäerz an der Tierkei war, hien d’Prioritéite vu Washington ganz däitlech virbruecht hat, an déi sinn virrangeg den IS iwwerall ze schloe wou ee sech weist. Dogéint huet déi tierkesch Regierung allerdéngs aner Zieler am Bléck, si wëll nämlech mat all Moyen een autonoomt Kurdegebitt a Nordsyrien verhënneren. Datt allerdéngs ass awer genee dat wat d’Kurde wëllen a iwwerzeegt schéngen et mat Hëllef vun des USA och erreechen ze kënnen.

Dat sinn also gläichzäiteg d’Suergen an Ängschte vum Erdogan. „Frënd oder Feind?“, dat ass déi Fro mat där den tierkesche President den Trump konfrontéiere wollt. Se wäert wuel nach eng Zäitchen onbeäntwert bleiwen, zemools et och aus dem Oval Office net wierklech Informatioune gëtt wéi se da gedenken an Zukunft mat de berechtegten Uspréch vun den Kurden ëmzegoen. Bis elo jiddefalls ass et esou, datt fir d’USA déi arabesch-kurdesch Koalitioun vun der syresch-demokratescher Sträitmuecht (FDS) bei deenen déi kurdesch Miliz YPG eng féierend Roll spillt, hiren effizientsten Alliéierte géint d’Dschihadiste vum IS ass.

Via AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, IS, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel