Search

You may also like

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
Neiegkeeten

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang
Neiegkeeten

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang

D‘Diagnose fir e Mann vun 29 Joer, deem mat engem

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG
Neiegkeeten

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet gëschter den Dr Mark Speich, Staatssekretär fir Bundes- an Europaangelegenheiten sou wéi Internationales vum Land Nordrhein-Westfalen, getraff. Bei de Gespréicher ëm déi bilateral Bezéiungen an europäesch Themen huet de Minister ervir gehuewen, datt NRW e wichtege bilaterale Partner a Komerod an der Benelux-Kooperatioun ass.

Bei der Renconter am Mansfeld-Gebai huet hien zudeem déi enk Zesummenaarbecht mat der nordrhein-westfälescher Landesregierung am Zesummenhang mat der vun der däitscher Bundesregierung getraffener Astufung vu Lëtzebuerg als Risikogebitt ugeschwat. Doduerch konnte relativ schnell pragmatesch Léisunge fir déi zuelräich Lëtzebuerger Studenten an NRW fonnt an hir Participatioun un den Exame garantéiert ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean Asselborn, Baussen- an Europaminister; Dr. Mark Speich, Staatssekretär fir Bundes- an Europaangelegenheiten sou wéi Internationales vum Land Nordrhein-Westfalen © MAEE

Related topics Baussen- an Europaministère, bilateral Bezéiungen, Bundesregierung, Dr Mark Speich, Jean Asselborn, Mansfeld, Nordrhein-Westfalen, NRW, Risikogebitt, Studengen
Next post Previous post