Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
what's a good dating profile headline entj dating

https://moien.lu/generic-dating-profile/

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

best dating apps bangkok
what's a good dating profile headline entj dating

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

Europa muss sech an de Grëff kréien, wann et soll

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019
what's a good dating profile headline entj dating

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vun haut, den 28. Juni 20.30

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin

Eise Premierminister Xavier Bettel war gëschter op Besuch zu Berlin an hat ënnert anerem ee Gespréich mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel. Dobäi hu si sech iwwert d’Zukunft vun der Europäescher Unioun an den bevirstoenden Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ënnerhalen. Och déi méiglech Suitte vum Brexit fir eis Unioun an d’Memberstaaten waren een Thema vum Treffen.

Dobäi huet de Premier Xavier Bettel dorop higewisen, datt et nach net ze spéit ass, fir eng Léisung fir ee geuerdenten Austrëtt ze fannen an esou een No-Deal ze verhënneren. „Mäi Land wäert all Ustrengungen ënnerhuele fir een Deal ze fannen. De Ball läit zur Zäit awer kloer bei London“, ënnersträicht de Premier a weist dorop hin, datt Lëtzebuerg sech op all Zeenario virbereet.

Treffen tëscht Bettel a Merkel

© SIP/Viviane Wild

Donieft erënnert hien drun, datt d’Austrëttsofkommes, wat nach ëmmer um Dësch läit, d’Resultat vu laange Verhandlungen ass. Bis ewell wier et dat beschtméiglecht Resultat fir ee geuerdenten Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich ze erméiglechen. D’Ofkommes ass vu 27 Regierunge, souwéi vu Groussbritannien selwer gutt geheescht ginn, inklusiv der Back-Stop Reegelung.

Bei dësem Treffen huet de Xavier Bettel och ervir gehuewen, datt fir Lëtzebuerg d’Integritéit vum Bannemaart an de „Level Playing Field“ vu grousser Wichtegkeet sinn. Trotz allen Diskussiounen iwwert de Brexit oder Migratioun sollte mir ee klore Bléck zur laangfristeger Gestaltung vun Europa behalen.

Treffen tëscht Bettel a Merkel

© SIP/Viviane Wild

„Wa mir zu 27 zesumme mat enger Stëmm schwätzen, wäerte mir an enger vu Globaliséierung gepräägter Weltuerdnung méi erreechen, national Sonnerweeër sinn Ierweeër“, huet de Premier ze bedenke ginn. Uschléissend huet hien d’Frauenhofer-Institut fir Produktiounsanlagen a Konstruktiounstechnik IPK besicht. Am „Berlin Center of Digital Transformation“ huet de Xavier Bettel sech d’Zäit geholl, fir sech mat de Leeder iwwer kënschtlech Intelligent, digital Vernetzung an Automatiséierungstechnik auszetauschen.

Haut wäert eise Premierminister dann fir een Besuch vun zwee Deeg op Madrid viru reesen, wou hien ënnert anerem op enger Audienz vum Kinnik Felipe VI vu Spuenien empfaange gëtt. Zousätzlech ass och eng Diskussioun mam spueneschen Homolog Pedro Sánchez geplangt.

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Berlin, Berlin Center of Digital Transformation, Brexit, Frauenhofer Institut, No Deal, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel