Search

You may also like

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
International Neiegkeeten

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

surprise
CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden
International Neiegkeeten

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum

600 Deeg ouni Regierung, eis belsch Noperen si motivéiert…
International Neiegkeeten

600 Deeg ouni Regierung, eis belsch Noperen si motivéiert…

Dräi Communautéiten, vun deenen sech der zwou Spannefeind sinn, e

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen

D’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet haut d’Klimaaktivistinnen Greta Thunberg, Luisa Neubauer, Anuna De Wever an Adelaïde Charliér am Kanzleramt empfaangen. Genee zwee Joer nom éischte Schoulstreik virum Stockholmer Reichstag hu si, onofhängeg vun der Fridays For Future Beweegung, e Bréif ofginn, an deem virun allem gefuerdert gëtt, de Klimanoutstand unzëerkennen.

Klimanoutstand

Steffen Seibert / Twitter

„Ech denke mir kënnen eisen zweete Gebuertsdag feieren. Mee mir si keng Mënschen déi gären Zäit verschwende mat Feieren“, erkläert dat 17 järegt Greta Thunberg bei der Pressekonferenz. Déi 4 jonk Meedercher kruten 90 Minutten Zäit fir mat der däitscher Bundeskanzlerin konstruktiv ze diskutéieren.

Ënnert anerem goung et dobäi ëm d’Mercosur-Ofkommes, woubäi d’Mënscherechter am Amazonasgebitt däitlech verletzt ginn. Schonn haut ass Europa matverantwortlech fir d’Zerstéierung vum Reebësch, wouduerch een dëst Ofkommes net ënnerstëtzen dierft. D’Angela Merkel huet bestätegt, fir déi aktuell Form keng Ratifizéierung ze ginn.

Klimanoutstand

Greta Thunberg / Facebook

Et ass keng Kris, wéi all aner

Och no iwwer 2 Joer u Streiken huet sech aus politescher Siicht net vill bis guer näischt gedoen, fir de Klimawandel an de Grëff ze kréien. Dobäi kann een d’Klimakris net behandele, wéi all aner. De Klimanoutstand muss unerkannt ginn, an et braucht ee Féierungsperséinlechkeeten, déi de Courage opbréngen, fir Ännerunge ze suergen.

Heivir misst een – sou d’Greta – weder President, nach Kanzler oder an enger anerer wichteger Positioun sinn. Et géif duergoen senger Flicht als demokratesche Bierger nozegoen, Engagement an Asaz ze weisen. D’Komfortzoon muss verlooss ginn, et soll laangfristeg geduecht an esou op eng besser Zukunft higeschafft ginn.

Klimanoutstand

Beim Treffen am Kanzleramt (Screenshot: Klimaaktivistinnen im Kanzleramt / Bundesregierung)

„Mir kënnen net déi eenzeg sinn, déi stänneg op d’Drénglechkeet verweisen, wann déi politesch Führer et net maachen“, erkläert d’Anuna De Wever. Et kann net sinn, datt Jonker a Wëssenschaftler ëmmer erëm op e Problem opmierksam maachen a Léisunge presentéieren, awer näischt geschitt. D’Hamsterrad muss gestoppt ginn, a wat d’Plattform méi grouss ass, wat een och méi Responsabilitéit hätt, fir Engagement ze weisen.

Donieft fuerderen d’Klimaaktivisten, datt d’Angela Merkel méi oppe kommunizéiert. Sollten déi aktuell Ziler net duergoen, muss een dat matdeelen an no Changementer sichen.

Mir sëtzen all am selwechte Boot, verschiddener awer an der Business-Class

D’ Adelaïde Charliér huet ervirgehuewen, datt Europa natierlech Virdeeler huet an ufanks net staark vun der Klimakris betraff wäert sinn. Haut schonn mussen awer Mënschemasse flüchten, well hinnen d’Iwwerliewen an der Heemecht onméiglech gemaach gëtt.

Als Klimaaktivisten hätte si konkret Fakten vu Wëssenschaftler virleien. Mee de Sputt tëscht wëssen a maachen wier nach ëmmer vill ze grouss. Dowéinst trëfft och de Saz „Mir sëtzen all am selwechte Boot“ laut dem Greta net zou.

Kritik säitens Fridays For Future

Wéi de Konstantin Nimmerfroh vun der FFF-Organisatioun der taz erkläert huet, wier dëst Treffen net ofgeschwat gewiescht. Just e puer Deeg am viraus goufen d’Basisgruppen informéiert, wouduerch ee sech iwwerrannt gefillt huet a wat och staark sengersäits kritiséiert gëtt.

Op Nofro huet d’Greta Thunberg erkläert, datt nimools gesot gouf, datt hatt Fridays For Future representéiert oder fir si schwätzt. „Fridays For Future ass eng Graswuerzelbeweegung, déi aus Individuen besteet. Et ass keng Organisatioun mat Vertrieder. An och de Bréif war net am Numm vu Fridays For Future geschriwwe ginn, mee vun eenzele Klimaaktivisten.“

D’Luisa Neubauer ass sech awer sécher, datt een hei awer déi kleng Streiderei schlichte kann.

Opmaacherbild: D’Greta Thunberg beim Treffen am Kanzleramt (Screenshot: Klimaaktivistinnen im Kanzleramt / Bundesregierung)

Related topics Angela Merkel, Bréif, Bundeskanzlerin, CO2-Besteierung, Fridays for Future, Greta Thunberg, Handelen, Kanzleramt, Klimaaktivist, Klimanoutstand, Klimawandel, Konstantin Nimmerfroh, Luisa Neubauer, Mercosur-Ofkommes, Paräisser Klimaofkommes, Transparenz, Wëssenschaft
Next post Previous post