Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
International sm entertainment dating contract

welkom dating site

Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi eng Tatsaach

modern dating lingo
International sm entertainment dating contract

Den Donald Trump annuléiert de Sommet mam Kim Jong-Un

No deeglaangem Hin an Hier, huet den Donald Trump en

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.
International sm entertainment dating contract

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.

Fir Fairtrade ass et vu grousser Bedeitung, datt all Klengbaueren

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“ bléist säit e Méindeg a kale Wand an d’Gesiicht. D’Justiz huet um Méindeg de fréiere Tresorier vun der Partei, Luis Barcenas, wéinst erwisener Korruptioun zu 33 Joer festem Prisong veruerteelt.

Fir d’Regierung eng denkbar schlecht Nouvelle, wëll si sech elo engem Mësstrauensvott stelle muss. De fréieren Tresorier war de „Star“ am Prozess vun der Affär „Gürtel“, deen als de gréisste Korruptiounsskandal deen d’Vollekspartei säit senger Grënnung getraff huet, ugesi gëtt. De Fall huet esouvill Gewiicht, datt et a Spuenien kéint zu Neiwahle kommen.

D’Geriicht hat dann och dem Parquet zougestëmmt, de Veruerteelte Luis Barcenas direkt an de Prisong ze bréngen, wëll e grousse Fluchtrisiko als erwise schéngt. D’Uerteel bedréit dann och 33 feste Prisong an eng Geldstrof vu 44 Milliounen Euro.

„A gudder Begleedung“

De Luis Barcenas ass awer net deen eenzegen, deen an de Prisong gefouert ginn ass. Nieft him sinn nach zwee weider politesch Vertrieder vun der Vollekspartei an Haft geholl ginn, an dat nach iert si konnte géint d’Uerteel an Appell goen: esou de fréiere Buergermeeschter vu Majadahonda – engem Viruert vu Madrid – Guillermo Ortega (zu 38 Joer feste Prisong veruerteelt) an en héije Responsabel vun der Regioun Madrid, Alberto López Viejo (31 Joer feste Prisong).

Alles an allem, sinn net manner wéi 29 Leit – déi meescht dovunner Kader a Mandatsdréier vum Partido Popular – an dëser „Affär“ zu insgesamt 251 Joer Prisong veruerteelt ginn. Si hunn sech der Korruptioun, Hannerzéiung vun ëffentleche Suen oder Wäisswäsche vu Geld schëlleg gemaach.

Fir d’Geriicht gëllt et als erwisen, datt et tëscht der Vollekspartei an engem „private Grupp“ zu engem authenteschen an effikassen institutionaliséierte Korruptiounssystem komm ass. Dat ganzt duerch d’Manipulatioun vum Mechanissem mat deem ëffentlech Ausschreiwunge stattfannen. D’Partei ass wuel net als „Auteur“ vun den Delikter veruerteelt ginn, mee als „Beneficiaire“ vu Fongen, déi si illegal vun de Mandatsdréier erhalen huet. Si muss 250.000 Euro zréckginn.

De Mariano Rajoy net Kredibel?

Beim erwaarte Mësstrauensvott, dierft et schwéier weien, datt d’Geriicht d’Kredibilitéit vum Mariano Rajoy als Zeie beim Prozess a Fro gestallt huet. Deen hat d’Existenz vun enger „schwaarzer Keess“ an der Partei ofgestridden. D’Riichter haten dat awer als „erwisen“ betruecht.

Dat Uerteel huet de PSOE (Partido Socialista Obrero Españo) déi gréissten Oppositiounspartei dozou ermontert, e Mësstrauensvott ze fuerderen. D’Motioun vum PSOE soll dann och um Donneschdeg a Freideg am Parlament debattéiert ginn.

Eng Entscheedung déi zu engem Moment kënnt, wou nach aner „Personalitéiten”, wéi de Schwoer vum Kinnek Unaki Urdangarin an de fréiere Generaldirekter vum internationale Währungsfong (IMF) Rodrigo Rato – allebéid 2017 wéinst Korruptioun zu Prisongsstrofe veruerteelt – a Fräiheet op hire Prozess an Appell waarden.

Prisong och fir de Whistleblower

De Mandatsdréier deen dozou bäigedroen hat, datt de Skandal an d’Ëffentlechkeet geroden ass, Jose Luis Penas huet sech ob dem Uerteel „ganz houfreg“ gewisen. Hien hëlt seng Veruerteelung zu véier Joer Prisong „de Kapp héich“ entgéint.

Wéi hien nach Conseiller am Gemengerot vu Majadahonda war, hat de Luis Penas, mat engem an der Jackett verstoppte Rekorder, iwwert e Joer laang d’Gespréicher vun engem aflossräichen Entrepreneur – deem hie no stoung – an de Mandatsdréier vum Partido Popular opgeholl. Opnamen déi hien der Police iwwerginn huet a vum Geriicht als belaaschtend Beweiser genannt goufen.

D’Justiz huet de Conseiller veruerteelt, wëll dëse Geld vum genannten Entrepreneur erhalen huet an Entreprise soll bevirdeelegt hunn. De Luis Penas hofft beim Appell op Nosicht vum ieweschte Geriichtshaff. De Parquet deen sech ëm Korruptiounsaffäre këmmert huet matgedeelt, datt si eng „Demande en Grâce“ vum Conseiller ënnerstëtzen.

mat AFP

Foto: (Archiv) Op dëser Foto vum 4. Oktober 2016, ass de fréieren Tresorier vun der spuenescher Vollekspartei, Luis Barcenas, nach „Spectateur“ beim „Gürtel-Prozess“ zu San Fernando de Henares. Elo ass de Mann, zu 33 Joer feste Prisong an enger Geldstrof vu 44 Milliounen Euro veruerteelt ginn. En Uerteel datt d’Kredibilitéit vum Ministerpresident Mariano Rajoy a senger Regierung a Fro stellt. © Chema Moya/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Luis Barcenas, Luis Penas, Mariano Rajoy, Partido Popular, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel