Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark
good intro lines for dating sites

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark

Am Moment suergt eng einfach Foto op Facebook fir vill

definition of tinder hookup
good intro lines for dating sites

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché

Et kommen erëm gutt Noriichten vum Aarbechtsmaart. D’ADEM stellt an

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
good intro lines for dating sites

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

Start fräi fir den Tresterkompostéirungsprojet CO2MPOSiTiv

Start fräi fir den Tresterkompostéirungsprojet CO2MPOSiTiv

D‘Bio-Wënzer aus Schengen an den ëmleiende Gemengen, starten zesumme mat der Ekipp vun der Wäibauberodung, vum „Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur zu Lëtzebuerg Asbl“ (IBLA) an dem Projektpartner „Viti-trac Sàrl“ de Projet: CO2MPOSiTiv.

A Präsenz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng); dem Buergermeeschter vun der Gemeng Schengen, Michel Gloden (DP); dem Chef vun der Fachgrupp „Wäibau“ am Wäibau-Institut (IVV), Serge Fischer; dem Wäibauberoder vu „Vinsmoselle“, Harald Beck; dem President vun der OPVI (Privatwënzer-Verband), Ern Schumacher a ville Gäscht gouf de Startschoss ginn.

Zil vum Projet ass et, Reschtstoffer aus landwirtschaftlecher Produktioun optimal ze notzen. Esou um Beispill vum Trester (och Balleg oder Marc genannt). Heibäi handelt sech ëm d‘Réckstänn, respektiv den „Offall“ dee beim Presse vun den Drauwen entsteet. Dee kann dann als organeschen Dünger an de Wäibierger genotzt ginn. A Bio-Wënzer si besonnesch un dësem Produkt interesséiert.

D‘Kompostéierung als „Opbereedung fir organesch Reschtstoffer“ steet beim Projet CO2MPOSiTiv am Mëttelpunkt. De Kompost dréit derzou bäi, den Humusgehalt vum Buedem ze stabiliséieren an ze verbesseren. Esou kann de Buedem als CO²-Senke genotzt, an och nach d‘Waasser- a Nierstoff-Späicherfäegkeet verbessert ginn. Dat hëlleft och sech dem Klimawandel besser entgéintzestellen.

Wat gutt ass fir d‘Ëmwelt kann dem Mënsch net schueden

Bis ewell gouf d‘Kompostéierung an der Praxis als „opwänneg, deier a wéineg attraktiv“ betruecht, an den organeschen Dünger, deem Stadmënsch an der Nues zuwidder ass, huet fälschlecherweis e schlechte Ruff. Dëse Viruerteeler soll de Projet CO2MPOSiTiv en Enn bereeden. De Projet ass Qualitéitsorientéiert: minimal Emissiounen (Geroch) fir maximal Produktqualitéit (Düngung).

An déi sollt dann och „op der Plaz“ stattfannen, firwat déi lokal Partner abezu ginn. D‘Gemengen, d‘Wënzer an d‘Landwirt solle mat un lokale Léisungen a Standuerter schaffen. A statt auslännesche Betriber Geld fir Dünger ze verschenken, kënnen an der Regioun, mat esou engem Spëtzeprodukt, och Aarbechtsplaze geschafe ginn. An nohalteg wirtschaften ass jo awer d‘Gebuet vun der Stonn.

Beim Projektoptakt um Enschbierg, konnten sech d‘Invitéeën an d‘Éieregäscht mat eegene Aen iwwerzeegen a sech iwwert alles informéiere, respektiv opkläre loossen. Eppes ass dann och sécher: mat der Kompostéierung kënne regional Kreesleef besser geschlossen an de Stellewäert vun den organeschen Düngemëttel besser vermaart ginn. Elo sollt awer och jiddereen sech bedeelegen…

Foto: © IBLA

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, CO2MPOSiTiv, IBLA, organeschen Dünger, Schengen, Tresterkompostéirungsprojet, Viti-trac, Wäibau, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel