Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!

Um 6. Abrëll 1984 ass dem Wolfgang Petersens seng Verfilmung

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer

Si bidden eng humorvoll Show aus Musek, Show an Theater,

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
Neiegkeeten Stories

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!

Um vergaangene Freideg a Samschdeg stoung alles am Zeeche vun

Et gëtt héich Zäit d‘Tripartite anzeberuffen

Déi dräi representativ Gewerkschaften: CGFP, LCGB an OGBL fänken un ongedëlleg ze ginn

Et gëtt héich Zäit d‘Tripartite anzeberuffen

Datt de „Lëtzebuerger Modell“ also d‘Tripartite ee ganzt gutt Instrument a Krisenzäiten ass, léisst sech u ville Beispiller aus de jéngster Geschicht beleeën. D‘Uelegkris an d‘Stolkris aus de 70er an 80er Jore vum leschte Joerhonnert, mee och d‘Wirtschaftskris vun 2008/9 ënnersträichen dat.

Leider gesäit et den Ament net esou aus, wéi wa Regierung a Patronat sech dësem „Instrument“ bedénge wéilten, firwat et am gënschtegste Fall zu bilaterale Gespréicher kënnt, déi awer elo och net wierklech ziilféierend sinn. D‘Gewerkschaften hunn an dësem Sënn gëschter zu Bouneweg an der Salariatskummer nach emol hir Suergen a Fuerderungen däitlech gemaach.

De CGFP-President Romain Wolff, huet awer emol aleedend drun erënnert, datt ganz vill Leit grouss Efforte gemaach hunn, déi derzou bäidroen, datt eist Land verhältnesméisseg gutt duerch d‘sanitär Kris kënnt. Wann dat och bei der bevirstoender Wirtschaftskris esou soll méiglech sinn, muss awer nees den Dialog an d‘Zesummenaarbecht mat de Gewerkschafte stattfannen.

Fir de Romain Wolff ass ersiichtlech, nodeems d‘Fuerderunge betreffend de Schutz vum Salariat wäitgoend ëmgesat konnte ginn an och den „Homeoffice“ seng Avantage bewisen huet, datt een sech elo zesummen an am Konsens op d‘Ausleefer vun der, duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste Kris muss virbereeden. Dat och wëll d‘Regierung „Homeoffice“ fërdere wëll.

Tripartite

De Romain Wolff bedauert, datt d‘Regierung sech léiwer vu Consultingfirmae berode léisst, wéi den Dialog mat de Sozialpartner ze behäerzegen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei awer géif kloer differenzéiert Usiichten tëscht der Regierung an hir Verwaltungen. Gesäit een emol dovunner of, datt een dem Homeoffice muss ee gesetzleche Kader ginn, esou hu verschidden Administratiounen domadder esou hir Problemer. Et wier also dréngend noutwenneg dës nei Aarbechtsform ze reguléieren, besonnesch bezunn op d‘Mataarbechter déi am Ausland wunnen.

An dësem Sënn wier et dem CGFP-President wichteg, wann et séier zu engem Bilan kéint kommen, wou d‘Vir- an d‘Nodeeler, mee och déi domadder verbonnen Onkäschten an den Dateschutz mussen op de Leescht geholl ginn. Et kann och net sinn, datt all Verwaltung den Teletravail anescht ugeet, firwat et zwéngend eenheetlech Reegele brauch. Dovunner schéngt een nach wäit ewech ze sinn.

De Sozialdialog muss een als Partner féieren

Dat an Zäite vun enger Pandemie d‘Sozialpartner wäitreechend „ausgeklamert“ goufen ass déi eng Saach, wann een déi awer och bei der Exitstrategie, net mat an d‘Boot hëlt, sech dofir awer dann extern Consultingfirmae – déi ganz eegen Ziler verfollegen an éischter keng Récksiicht op d‘Salariat huelen – un den Dësch hëlt, kann dee wichtege Sozialdialog einfach net Stattfannen.

Esou dann och bei de Pandemie/Covid19-Gesetzer. Während d‘Patronats-Beruffskummeren hei ëm hiren Avis gefrot goufen, sinn d‘Gewerkschaften offensichtlech bausse vir gelooss ginn. Dat wäert si awer net drun hënneren, hir Meenung dozou ofzeginn. Villes an dëse Gesetzer betrëfft all d‘Leit am Land an och d‘Grenzgänger déi hei hire Liewensënnerhalt bestreiden. An net alles ass gutt.

Dobäi presséiert et. De 24. Juni geet den Etat de Kris op en Enn, firwat et wichteg ass, datt et gutt a vun alle verständlech Gesetzer gëtt, wat awer aus de virleienden Dokumenter esou net ervirgeet. Et wier villes ze verbesseren, an de Fait, datt d‘Gesetzer mat einfacher Majoritéit (also den 31 Stëmme vun der Majoritéit) sollen ugeholl an da vu Mount zu Mount verlängert ginn, ass e Problem.

Esou ass d‘Iwwernam vun Texter aus dem Noutstandsgesetz beonrouegend, och wann dat alles soll temporär gëllen. Fir de Romain Wolff, wier et ubruecht, wann d‘Gesetzer, wéi och hir Verlängerung mat enger zweedrëttel Majoritéit géife gestëmmt ginn. Et géif‚ d‘Kredibilitéit stäerken an och fir méi Vertrauen an d‘Politik suergen. D‘Kontrollfunktioun vun der Chamber wier esou och sécher.

Wann ee bei der CGFP keng Problemer mat de Maskeflicht an dem Sécherheetsofstand huet, esou gëtt et massiv Bedenke wat d‘Aschränkung vun der Selbstbestëmmung betrëfft an och déi méiglech „Zwangsaweisung“ op Uerder vun engem héije Beamten (Den Direkter vun der Santé oder säin Delegéierten) ouni datt hei d‘Ministesch muss Verantwortung iwwerhuelen, gëtt kritesch gesinn.

Datt Reglementéiert muss ginn ass verständlech, mee wann de Präis ze héich gëtt, wäerten d‘Leit net matmaachen. Dat wier katastrophal, zumindest wann ee bedenkt, datt déi nächst Wochen a Méint musse genotzt ginn, fir sech der wirtschaftlecher Kris entgéintzestellen. Dozou nach eng sozial Kris eropzebeschwieren, statt alles ze maache fir dat ze verhënneren, ass kontraproduktiv.

Sinn sech 3 Gewerkschaften eens, dann ass et Eesch

Fir d‘OGBL-Presidentin Nora Back, ass et wichteg, datt d‘Leit dobausse wëssen, datt wann sech dräi Gewerkschaften zesummefannen an eng gemeinsam Zilsetzung ausgeschafft kréien, dann ass et Eescht. Da läit zumindest beim Sozialdialog, en Hoer an der Zopp. Si erënnert zu Recht dorunner, datt Gewerkschaften eng grouss Roll am Kontext vun der sozialer Kohesioun ze spillen hunn.

De Lëtzebuerger Modell huet ëmmer gutt funktionéiert, firwat een a ville Länner mat eppes Näid dëse System am A behält. D‘Tripartite stellt sécher, datt de Sozialvertrag agehale gëtt. Et ass déi Plaz wou op Aenhéicht kontrovers diskutéiert an awer ëmmer de Konsens fonnt gëtt. An elo wou de Risk immens héich ass, datt de Chômage wäert zouhuelen, brauch et dréngend eng Reunioun.

Tripartite

D‘Nora Back fuerdert d‘Tripartite am Sënn vun der sozialer Kohesioun a Gerechtegkeet, a weist drop hinn, datt et ouni Kafkraaft kee konjunkturellen Opschwong ka ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei gouf dann och nees bedauert, datt de Sozialdialog scho beim Ausschaffe vum Stabilitéitspak, dem Programm „Neistart Lëtzebuerg“ a leider och de Pandemie/Covid19-Gesetzer vun der Regierung a Fro gestallt ginn ass. Sécher, et huet e puer mediewierksam bilateral Gespréicher ginn, mee et wier entschidde besser gewiescht déi brisant Themen an der grousser Ronn unzegoen.

Datt d‘Regierung elo eng Sëtzung vun der Tripartite am Juli fir „méiglech“ hält, geet dem OGBL net duer. Si gëtt ze bedenken, datt eng Relance an Neigestaltung vun der Wirtschaft sech net ouni déi Lounofhängeg bewierkstellege léisst. Esou ee Projet muss sozial gerecht geplangt ginn. Hei hätt een och schonn un engem entspriechende Fuerderungskatalog geschafft, déi et ze berode gëllt.

Zu kengem Ament gëtt a Fro gestallt, datt den Entreprise muss gehollef ginn, schliisslech sinn do d‘Aarbechtsplazen. Et muss awer och un d‘Leit selwer geduecht ginn, firwat et net ka sinn, datt et nees zur Austeritéitspolitik komme kann. Vun der Wirtschaftskris ass gewosst, datt näischt besser ginn ass, datt déi sozial Schéier weider auserneegaangen ass. Dat dierf sech net widderhuelen.

Wien de konjunkturellen Opschwong seriéis begleede wëll, muss och bedenken, datt esou eppes bei reduzéierter Kafkraaft net méiglech ass. Den OGBL erwaart vun der Politik, datt si dës stäerkt an esou och d‘Nofro um Bannemaart tatkräfteg ënnerstëtzt. Zudeem soll un de staatleche Projeten an Investitioune festgehale ginn. Invest a Bildung, Gesondheet an Transport sinn do zentral Themen.

Ee staarke Sozialstaat ass hutt fir d‘Konjunktur

Lounsécherheet ass dat eent, Steiergerechtegkeet dat anert. Et soll jo och eng weider Steierreform kommen, an laut dem Nora Back wier et hei sënnvoll, besonnesch déi niddreg Akommesklassen, wéi natierlech och de sougenannte Mëttelstand entspriechend ze entlaaschten. Zudeem fuerdert d‘OGBL-Presidentin d‘Präisexplosioun am Logement ze stoppen, och dat ass „Kafkraaft“ stäerken.

Wat de Volet „Kuerzaarbecht“ (de partielle Chômage) betrëfft, esou wier dat bis ewell eng gutt a begréissenswäert Mesure gewiescht, an déi sollt och bäibehale ginn. Et dierft een net zouloossen, datt aus Kuerzaarbecht op emol Massenaarbechtslosegkeet entsteet. Hei muss allerdéngs och nach beduecht ginn, dat vill Jonker elo op den Aarbechtsmaart kommen, dat muss ee berécksiichtegen.

Och dës Generatioun huet Angscht virun der Zukunft an Angscht schaaft kee Vertrauen. Zudeem gëtt et genuch „ideologesch Ratefänger“ déi sech dës Angscht mat bëllege Parollen zu eege maache wëllen. Och dat sinn alles Themen déi am Kader vun der Tripartite musse behandelt ginn, wa sozial Kohesioun a sozial Gerechtegkeet engem wichteg sinn. Dofir dierf keng Zäit verschwent ginn.

Tripartite

De Patrick Dury erënnert d‘Regierung drun, datt sengerzäit de liberale Premierminister Gaston Thorn, d‘Tripartite net vu Muttwëll, mee mat engem kloren Zil virun Aen erméiglecht huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir den LCGB-President Patrick Dury ass et wichteg, datt d‘Leit verstinn, datt mir am Begrëff sinn, d‘Gesellschaft fundamental ze veränneren. Eng Situatioun wéi 1929 (grouss Depressioun) brauch kee Mënsch, firwat och den Zesummenhalt an der europäescher Unioun muss gestäerkt ginn. Vill Mesuren déi an der Kris geholl goufen, ware gutt, mee d‘Lascht muss gerecht verdeelt ginn.

Datt et net wäert ouni sozial Konsequenze bleiwen, firwat och de Patrick Dury nach emol op den Ursprong vun der Tripartite higewisen huet. En Instrument dat senger Zäit vum Gaston Thorn (DP) also och engem „liberale“ mat opgebaut gouf. Datt d‘Restrukturatioun vum Stolsecteur dem Land d‘Finanzplaz bruecht huet, ass folgerichteg och eng Errongenschaft vum „Lëtzebuerger Modell“.

Mee et schéngt do fir den LCGB-President Ënnerscheeder tëscht dem Xavier Bettel an dem Gaston Thorn ze ginn. Deen „Neien“ huet eng differenzéiert Kommunikatiounsstrategie, fir net ze soen, datt den Dialog mat de Sozialpartner „miserabel“ ass. Op bilateral Gespréicher ze setzen, ass den Ament kontraproduktiv, firwat hien d‘Regierung opfuerdert Verantwortung ze iwwerhuelen.

Ëmmer bedenken datt Wierder ee Sënn hunn

De Patrick Dury war dann och net erfreet, datt de Xavier Bettel nom klenge Sommet um Schlass zu Senneng (14. Mee) d‘Tripartite als „Kaffiskränzchen“ verkläert huet. Esou Sätz géifen der Saach net gerecht a stäerkt just d‘Verhandlungspositioun vun de Patronatsvertrieder, déi jo offensichtlech och keen Interessi fir d‘Tripartite un den Dag leeën. Ouni Tripartite ass de Problem net ze léisen.

Beim LCGB gesäit een zudeem mat eppes Suerg, datt den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) et fir zoulässeg hält, datt Betriber déi de Benefice vun der Kuerzaarbecht hunn, trotzdeem bis zu 25% vun hiren Effektiver dierfen opléisen. Dobäi sinn et grad dës Punkten, déi an eng enger Ronn vun der Tripartite musse behandelt a gekläert ginn. Ouni d‘Gewerkschafte rennt en an d‘Verdierwen.

Datt de Minister och gedenkt, d‘Chômeure fir Aarbechten am „ëffentlechen Interessi“ anzespanen, ass net grondsätzlech falsch, mee grad hei muss een d‘Mesure mat de Sozialpartner diskutéieren. Dem Patronat entgéint kommen ouni de Sozialsystem ze erodéieren, dat misst dat eigentlecht Zil vum Aarbechtsminister sinn. Et geet ëm net manner wéi d‘Ofsécherung vun Existenzen.

Elo läit de Ball de Ball gewëssermoosse bei der Regierung, mee och an der Chamber. Hei ginn dës Woch d‘Gesetzer op de Leescht geholl, an et dierft wuel eppes méi haart diskutéiert ginn, och wann, wei gëschter um Site vun der Chamber gemellt gouf, verschidden Amendementer zu de Gesetzer gemaach, oder zumindest virgeluecht goufen. A wéi gesot, et presséiert, d‘Gesetzer sinn Urgent.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Patrick Dury, President vum LCGB; Nora Back, Presidentin vum OGBL; Romain Wolff, President vun der CGFP. © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten CGFP, Gewerkschaften, LCGB, OGBL, Patronatsvertrieder, Regierung, Tripartite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel